Diskussioun:Bouneschlupp

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi Foto gesäit mer éischter no Iebessebulli wéi no Bouneschlupp aus: Eng Bouneschlupp gëtt dach aus gringe Bounen gemaach?--Zinneke 10:41, 28 Februar 2007 (UTC)

Du bass net deen eenzegen, deen dat mengt. --Cornischong 14:52, 28 Februar 2007 (UTC)
Wat geschitt dann elo mat den Ierbessen an der Bouneschlupp? freet de --Cornischong 20:13, 28 Februar 2007 (UTC)
Oni Moien an oni Äddi wéinst der Héiflechkeet déi mol reklaméiert gouf:
Ass dat elo déi gréisste Suerg déi mer hunn. Wéi wier et wann mol jiddereen éiert en eppes bemängelt ee vu sengen eegenen Artikele géif kucken an do d'Feeler dra verbessert, an duerno wéinst anere Sache reklaméiert. Les Meloures 20:30, 28 Februar 2007 (UTC)


Mat deeër Melodie do kéint et esou wäit kommen, datt hei
        1. kee méi eppes "bemängelt", an dat aus engem gudde Grond
        2. kee méi eppes schreift, well da kritt en och kee Fouss méi an den Aarsch, well e seng Feeler net selwer verbessert huet
        3. jiddereen alles stoe léisst wéi et steet, well et jo vläicht net ëm déi gréisste Suerg geet, déi mer hunn
        • Wa mer sollten esou wäit sinn, datt jidderee seng "eegen" Artikele muss verbessert hunn, ier en op d'Iddi kënnt, eppes ze "bemängelen", da misst dat am beschten op der Wikipedia:Communautéitssäit-Säit festgehale ginn. Da wéisst alt jidderee wou en dru wier, ier en sech op eppes aléisst, an da wieren den Zinneke an de Cornischong guer net op d'Iddi komm, fir de Bak opzerappen. --Cornischong 21:03, 28 Februar 2007 (UTC)
Gudden Owend,
Dann nach eng Kéier. Wa mer eis hei Suergen iwwer eng Foto vu enger Bouneschlupp maachen (déi awer vläicht eng ass, just net sou ausgesäit), et gëtt jo dat muss ech zouginn och nëmme gemengt et wier keng, an aner Suergekanner bleiwe lénks leien da maachen ech mer richteg Suergen.
Op Froe bei anere Fotoen op do dat drop wier wat als Text drënner steet gouf mol an der Zäit guer net reagéiert obschonns do Fro op d'mannst grad sou berechtegt war, wann net méi. Läit vläicht Reaktioun oder d'Net-Reaktioun an deem Fall dodru wien den Auteur vun der Foto ass. Les Meloures 23:17, 28 Februar 2007 (UTC)


Gudde Moien. Hei mäi Pefferkäer:

1. A wann de Les Meloures och nach esou rose gëtt: op der Foto ass doutsécher eng gutt Bounenzopp, déi mat décke wäisse Bounen gemaach gouf, awer grad esou doutsécher keng Bouneschlupp. Well déi gëtt ëmmer, bei egal watfir enge Varianten, mat kleng geschnëppelte grénge Boune gekacht.

2. Wa mer scho wëllen eng Enzyklopedie opbauen, da solle mer och probéieren fir d'Informatiounen korrekt ze liwweren. Wa mer eng Foto drasetzen da soll déi jo den Text vervollstännegen oder erklären. (Wa mer en Artikel vu Biekerech schreiwen, da setze mer jo och keng Foto vun Uewerpallen dohin.) Dofir: Bei allem Respekt fir déi Méi, déi de Fotgraf an/oder seng Fra sech gemeet huet fir dës Foto kënnen ze knipsen, si eegent sech trotzdem net fir eng Bouneschlupp ze illustréieren.

Pecalux 09:37, 1 Mäerz 2007 (UTC)

Ech hunn dem Pecalux säi Pefferkär nees dragesat, well en am Kontext wichteg ass a well den "eigentleche" Problem iwwerhaapt net "geléist" ass. --Cornischong 10:03, 1 Mäerz 2007 (UTC)

Ofschmaachen an undensten ass kee letzebuergesch mais Daitsch. Kuckt dier all ze vill Tele hei?

Moien, an esou Fäll geet et duer, dat ouni vill Gedeesems am Text ze verbesseren, hei ze baupsen ass net néideg. --Zinneke (Diskussioun) 21:18, 13. Abr. 2015 (UTC)[äntweren]