Diskussioun:Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten Grenz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Diskussioun:CFL-Linn 5)

Moien,

D'Klengbettener Streck ass di eenzeg zu Lëtzebuerg déi mat 3000 Volt Gläichstroum elektrifizéiert ass.

Ass se nëmme mat 3kv elektrifizéiert oder och nach. Dat misst eventuell preziséiert ginn.

Les Meloures 19:07, 15. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Weder nach, et gett 25KV als Standart um Rescht vum System an di lei Streck ass eeben mat 3Kv elektrifizeiert. Daat ass e Choix deen 1956 gemat gouf an deen eeben nemmen do gemat gouf, well et gett ausser deenen 2 Gleiser op der Staater Gare keng Plaatz wou 2 verschidden Systemer funktionneiren.

Et ass also weder "nëmme" nach ass et "oder nach". Di 2 Systemer hun am Fong naischt mat en aaner ze dun.

Luxmaster051 19:07, 15. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

An och dat stëmmt net. Am Beräich vun der Gare Lëtzebuerg ginn et verschidde Gleiser déi souwuel matt 3000 V wéi och mat 25000 V bedriwwe ginn. Also kann ee net behaapten dass déi 2 Systemer näischt mateneen ze dinn hunn. -- Pecalux 05:59, 16. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien,
well et gett ausser deenen 2 Gleiser op der Staater Gare keng Plaatz wou 2 verschidden Systemer funktionneiren.
Heescht dat am Kloertext datt op deene Gleiser 2 Systemer fontionnéieren?
Les Meloures 07:11, 16. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Ganz genee, vir den Rescht sinn di 2 Spannungen getrennt. Lo wou der et soot, et keinnt een daat am Artikel iwwert d'Staater Gare dra schreiwen.

@ Pecalux: Daat hun ech dach uewen geschriwwen:Gleis 3 an 4 op der Staader Gare sinn bei Bedarf tescht 3KV an 25KV emschaltbar. Luxmaster051 10:41, 16. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

@ Luxmaster051: Sorry, ech hat dat net gesinn. -- Pecalux 15:20, 16. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ëmstellung[Quelltext änneren]

D'Ëmstellung wäert vum 22. August 2015 bis den 13. September 2015 passéieren.

Dat misst jo da geschitt sinn, oder war et eng Verspéidung ginn --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 22. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]