Diskussioun:Neimënster

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, ech schloe vir Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster op
Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster
ze réckelen.
Cf Diskussioun um Stamminet... an och z.B. Centre culturel de rencontre de l'Abbaye aux Dames. Cayambe 19:05, 28. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Hm, an eppes am Genre vu "Kultur- a Begéinungszentrum Abtei Neimënster", no eisen Nummkonventioune 6. --Otets 17:54, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Héiert sech gutt un. Mee: gëtt et dat Wuert Begéinung am Lëtzebuergeschen? A mengen zwee Dikoen (Luxdico an Dict. Français Luxembourgeois) steet et net. Wat mengen 'déi aner'?. --Cayambe 18:22, 29. Sep. 2008 (UTC).[äntweren]
Du hues absolut Recht, den DLW seet Treffen oder Renconter. Also éischter "Kulturzentrum vu Rencontren Abtei Neimënster" oder eppes an deem Stil. --Otets 18:38, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech sinn dergéint, Fantasieiwwersetzungen ze gebrauchen, och wa se 100% korrekt iwwersat sinn. E Lemma ass nun eemmol dat wéi eppes heescht oder genannt gëtt. A wann "eppes" e franséischen Numm huet, da soll dat och ënnert deem Numm lemmatiséiert ginn. --Zinneke 22:55, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
D'accord mam Zinneke. Mir lemmatiséiere jo och z.B. d'Schoulen ënner hirem offizielle franséischen Numm: Lycée de garçons, asw. Cayambe 06:48, 30. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]
Dat mat de Schoule kann ee jo nach ë.Ë. an Aklang mat eiser Nummkonventioun bréngen, mee fir elo aus der lb-wiki eng zweet fr-wiki ze maache just well franséisch "cool" ass, do gesinn ech de Sënn net an, ausser fir den Ënnergank vun eiser Sprooch nach e bësse méi virunzedreiwen. Well wou wann net hei sollen d'Leit nach gewinnt ginn hir Sprooch ze benotzen? Quitte datt dee Feeler net op der Wiki als éischt geschitt ass, mee et muss ee jo net all Feeler sou dacks widderhuele mat Referenz op dee viregte bis wierklech keen et méi anescht kennt. Fir just en aktuellt Beispill vun haut ze gi wat mech opreegt (huet guer näischt mat der Wiki ze dinn, et illustréiert just e bëssen datt néierens soss wéi op der Wiki een iwwerhaapt nach eng Chance huet fir Lëtzebuergesch ze liesen), wee mengt säi Solidaritéitsdag onbedingt missen offiziell Journée de la solidarité ze nennen, de brauch sech och net ze wonnere wa seng Participante mengen et géng drëm goe fir en Zeeche géint Zaldotekanner ze setzen. Verschiddener fannen dat vläit lusteg oder süss, ech net. D'lb-wiki huet do vläit méi wéi eng aner Wiki vun enger Sprooch déi net wi di eis op der Unesco-Lëscht vun de bedreete Sprooche steet ass d'Verantwortung, fir net einfach just ze beschreiwe wat et an der Welt oder och konkret zu Lëtzebuerg gëtt, mee fir dat op Lëtzebuergesch ze maachen. Natierlech net par force mee just wann et effektiv eng valabel Iwwersetzung gëtt.
E klengen Auszuch aus der Nummkonventioun: "Bei lëtzebuergeschen Organisatiounen an Ariichtunge deer hir amtlech Bezeechnung wéint der momentaner Gesetzeslag zwéngend op Franséisch ass, soll déi gängeg lëtzebuergesch Bezeechnung benotzt ginn, oder wann et keng gëtt, eng valabel lëtzebuergesch Iwwersetzung. Sou wäert ee wuel éischter Asbl wéi GoGz liesen, awer méi heefeg Lëtzebuerger Nationalbibliothéik wéi Bibliothèque nationale de Luxembourg." Wat d'Presentatioun ugeet fanne mer op anerer Plaz fir de Lemma "Lëtz (offiziell Fr)". --Otets 04:53, 15. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, et huet näischt mat "cool" oder net ze dinn; et ass nun eemol net un der Wiki, fir Sproochepolitik ze bedreiwen (och wann se duerch hir Existenz ë.Ë. en Acteur dovunner gëtt) oder seng Roserei iwwer "Vernennungen" auszeloossen. Ech bleiwe bei menger Meenung: Dat hei ass e Lexikon, an e Lemma ass dat Wuert/deen Numm, ënner deem eppes allgemeng bekannt ass. Wann de Kulturministère sollt decidéieren, vum nächste Joer un um Här Frisoni säi Bréifpabeier (an op d'viischt Dier) "Kultur- a Begéinungszenter Neimënster" (oder eppes an deeër Lo) schreiwen ze loossen, da sinn ech deen éischten, dee d'Säit réckele géif. Vridrun net. --Zinneke 09:32, 15. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

De Problem ass deen, datt d'Gesetzer all op Franséisch musse sinn, do ass kee Choix. Doduerch kritt dann och alles e franséischen offiziellen Numm. Do ka sech näischt änneren. Datt en offiziellen Numm op Franséisch net automatesch en offiziellen Numm op Lëtzebuergesch ass, dat sollt evident sinn, quitte datt et da keen offiziellen op Lëtzebuergesch gëtt mee een op Lëtzebuergesch deen all Mënsch kennt a gebraucht (oder soll). Datt keen op Lëtzebuergesch ufänkt z.B. Ministère des Affaires Étrangères aplaz Ausseministère ze soen, ass kloer. Solle mer dat Wuert dann och elo iwwerall op Franséisch ëmännere goen? Oder eis Uertschaftsnimm, déi sinn och all offiziell op Franséisch, ännere mer déi elo och all? Gutt, do gëtt et eng Lëtzebuergesch Iwwersetzung, mee no der aler Schreifweis, also wann op Lëtzebuergesch dann awer no deer aler Schreifweis well dat offiziell ass? Du sees do wuel neen, "e Lemma ass dat Wuert/deen Numm, ënner deem eppes allgemeng bekannt ass". Mee da bass de der net konsequent, well am Saz duerno schwätz de vum Här Frisoni sengem Breifpabeier, deen zwar sécher offiziell ass, mee keng allgemeng Bekanntheit beim Vollek mat sech bréngt. Also ass et awer net de Bréifpabeier an dat offiziellt wat den Ausschlag gi soll (cf. Ausseministère etc)?! --Otets 22:45, 20. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Eigentlech wollt ech an dëser Saach net matschwätzen, well et eng vun den ale Litaneien ass, déi bei anere Lemmaen schonns op d'mannst 10 mol duerchgeknat gouf. Et kribbelt mech awer e bësselchen fir eng kleng Bemierkung ze maachen:
  • D'Artikelsäit huet 2.625 Byten mat de Fotoen.
  • D'Dikussiounssäit huet der 5.826 ouni Fotoen.
Wier dofir net vläicht besser Energie fir de Fong opzebréngen, ewéi fir d'Ëmgeréits.
Les Meloures 23:21, 20. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Wees een vläit op déi Bréck iwwer d'Uelzecht, also dei hannen beim Neumünster, oder dat ganzt Bauwierk mat dem Tuerm en Numm huet? Merci!--Jwh (Diskussioun) 11:49, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]

Got it Stierchen --Jwh (Diskussioun) 20:15, 26. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]


Neien Numm[Quelltext änneren]

Duerch watereen Arrêté a wéini gouf den neien Numm festgeluecht. --Les Meloures (Diskussioun) 07:55, 1. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]