Diskussioun:Chordadéieren

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Déi nei Këscht bei de Chordadéieren ass e gutt Beispill fir genee dat, wat ech gefaart hat. Op mengem 20 Zoll-Monitor sinn d'Zuele bei deem Déngen 1,6 Millimeter héich. --Cornischong 15:07, 30. Abr 2008 (UTC)


Moien,
Eier déi nei Këscht di war waren se op mengen 22 Zoll Monitor 1,7 Millimeter héich an dat vun Ufank un datt ech bei der lb:Wiki derbäi sinn.
Dat huet mech awer manner gestéiert wéi dee Koup Zuelen ouni Erklärung.
Wéi seet de Frënd Cornischong ëmmer: Fält dat da kengem op? Les Meloures 15:47, 30. Abr 2008 (UTC)
Dat wäert nach an der Zäit gewiescht sinn, wéi ech en 19 Zoll-Monitor hat. Do hunn ech d'Béischt iwwerhaapt net gesinn. De Koup Zuelen ouni Erklärung: Ech huelen un, datt deen, deen dat dragesat huet, nach um Iwwerleeën ass, ob et méi einfach ass, d'Zuelen aus dem Bild ze retuschéieren oder d'Bild ze läschen. Da gi mer deem nach Chance. --Cornischong 16:02, 30. Abr 2008 (UTC)


Och gutt :-) Les Meloures 16:19, 30. Abr 2008 (UTC)
@ Les Meloures. Merci fir deng Mataarbecht :-) --Alexandra 18:26, 30. Abr 2008 (UTC)