Diskussioun:Colette Flesch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

D'Colette Flesch ass "gepacst"[Quelltext änneren]

Wat hun ech dann do drënner ze verstoën? Myriam 12:30, 13 September 2005 (UTC)

Ech fannen dass et sämtlechen Intressenten vun der Wikipedia-Enzyklopedie op der ganzer Welt zimmlech egal ka sinn ob d'Colette Flesch gepacst, bestuet, gescheed oder wat och soss nach, ass. Wa sie gepacst ass, dann ass daat en Deel vun hirem privaten an intime Liewensberäich an esou Aussoën gehéiere nët an de WiKi, soulaang wéi sie an hir Liewensgefährtin nach liewen. Mir schreiwe jo och net datt dësen oder deen homosexuell ass a mat weem och ëmmer eng Liäsoun huet a mir schreiwen och net datt de „Metty“ mam „Ketty“ glécklech bestuet ass an schon x Joeren mat senger Sekretärin régelméisseg an d'Këscht spréngt. Daat passt sech einfach nët. --Carlos 14:47, 13 September 2005 (UTC)

Moie Carlos, du hues secherlech recht, dass déi Pacs-Geschicht e Grenzberäich ass. Allgemeng ass et jo esou, dass, wann een d'"offiziell" CVe vun eise Politiker - Leit aus dem ëffentleche Liewe - zB um Site vun der Chamber oder der Regierung kuckt, dass do bal ëmmer och den Etat civil do steet. Et kann een diskutéieren, wéi wäit dat relevant ass, grad esou, ewéi z.B. bei der Informatioun, wee wou wéi laang wat studéiert huet, asw. Wichteg ass a mengen Aen, dass dës ëffentlech Informatioun ass, an net der vun däer Zort, fir déi een eng Spektiv brauch oder déi an d'Rubrik "Besch*ss" gehéiere giffen. Am heite Fall war et esou, dass d'"Pacséieung", souwäit ech mech erënneren, zejoert an der Press a Bild an Text reportéiert gouf, esou dass ee kann dervun ausgoen, dass déi Betraffen domat d'accord waren. Mee wéi gesot, wéi relevant dat ass, dat kann een, wéi de Fait, dass den XY n Kanner huet, hannerfroen. Wann s De do eescht Bedenken hues, kanns de dat gär läschen, weltbewegend wichteg ass et sécherlech net ;-) --Zinneke 21:15, 13 September 2005 (UTC)

OK, Zinneke. Dodurch datt dëst "pacsen" ëffentlech geschitt ass, trieden se aus der Intimitéit eraus (a wollten vläicht souguer provozéieren). Wann et also déi Betraffe net stéiert, stéiert et mech och net.
--Carlos 16:11, 15 September 2005 (UTC)

"PACS" ass Pacte Civil de Solidarité. Am Franséischen huet sech d'Verbform "pacser"/"pacsé", déi dovunner ofgeleet ass, fir Leit, déi esou eng Unioun agaange sinn, agebiergert; "pacsen" oder "gepacst" misst deemno och am Lëtzebuergesche méiglech sinn. Oder ass dat zevill oséiert (sproochlech gesinn)? Oder heescht dat do anescht?

--Zinneke 13:25, 13 September 2005 (UTC)