Diskussioun:Congrès national (Belsch)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour

Ech hunn hei am Artikel Éisträichesch Nidderlanden agesat. Et kënnt an och vläicht Éisträichesch Holland soen.

Ka vläicht een oder den aneren dozou Stellung huelen.

Merci am Viraus

Pierrenilles 13:37, 7 Februar 2007 (UTC)

Mer haten déi Fro schonn alt: Op Lëtzebuergesch seet een nun eemol allgemeng "Holland" fir dat Land, dat sech selwer "Nederland" oder "Koninkrijk Nederland" nennt. Am Fong geholl ass dat jo e Pars pro toto-Begrëff: "Holland" ass den Numm vun enger Géigend, déi haut op 2 Provënzen (Noord- a Zuidholland) opgedeelt ass. Mee sou laang mer dat haidegt Land dermatt mengen, ass dat weider kee Problem.
Fir déi verschidden historesch Appellatiounen ("Vereenegt Nidderlanden, "Spuenesch/Éisträichesch Nidderlanden", "Vereenegt Provënze vun den Nidderlanden") déi jo zum Deel territoriell vill méi wäit goungen, giff ech "Nidderlanden" soen (och wann dat e bësse friem kléngt), well "spuenesch Holland" asw nach vill méi Glunge wier. "Néierlanden" wier nach méi "echt" Lëtzebuergesch, mee wier dann en 100%ege Konschtbegrëff, an dat wëlle mer jo och net.
--Zinneke 15:06, 7 Februar 2007 (UTC)

Jo wéi den Zinneke scho schreiwt, mir haten och déi Diskussioun schonn, wéi een da lo eis wonnerschéin "Pays-Bas espagnols" asw. nenne soll, an do hate mer eis souwäit ech mech erënnere kann op "XX Nidderlanden" geeenegt. Ët kléngt eeben e bësse komesch, mee et ass, wéi den Zinneke scho seet, net Holland am heitege Sënn, "XX Nidderlanden" waren ëmmer ganz graff d'heiteg Benelux-Staaten. --βρισεισDisk 15:18, 7 Februar 2007 (UTC)

Kuckt och vläit am Artikel Benelux déi Template-Box, wou déi verschidden Appellatiounen optauchen. Z.