Diskussioun:Dänzerin déi sech ronderëm sech selwer dréint

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.

Virschléi fir eng aner/besser Lemmatiséierung kënnen hei diskutéiert ginn. --Zinneke 09:50, 8. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]

  • Spinning Dancer
    Am Fong geholl ass den Artikel soss näischt wéi d'Beschreiwung vun engem Fichier, deen ënnert dem Numm Spinning Dancer op Commons gefouert gëtt. Dofir meng Propose: Spinning Dancer. --Pecalux 10:08, 8. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]
Moien, ech wëll awer umierken, datt all Artikelen an anere Sproochversiounen, déi et ginn, de Lemma an där Sprooch hunn. "Spinning Dancer" heescht en op Commons, mee et gëtt jo sëlleche Varianten doruechter baussent der Wikipedia. Vläit ass den ursprénglechen Numm esouguer op Japanesch? Hei geet et ëm en opteschen Effekt u sech, dee, wéi anerer, an de verschiddene Sprooche 'lokaliséiert' ginn ass. Ech maachen awer emol e Redirect vu "Spinning Dancer", deen hat ech vergiess. --Zinneke 11:08, 8. Nov. 2011 (UTC)[äntweren]