Diskussioun:Departement Forêts

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et wier méi logesch, an der Lëscht déi eenzel Chef-lieuë vun de Kantonen ënnert hire respektiven Arrondissement ze setzen. D'Englänner hunn dat bal esou gemaach, just datt si déi fréier Kantone mat Links op déi heiteg Uertschaften gemaach hunn, wat natierlech net geet. Mee fir elo ze wëssen, wéi de Chef-lieu vum fréiere Kanton Betebuerg, Betzder etc. geheescht huet... --[[User:Otets|Otets 23:16, 2 Mee 2005 (UTC)

vingt-sept administrations municipales[Quelltext änneren]

Wann ech sou am Lefort sengem Bichi kucken, da fannen ech do den Arrêté vum Joubert vum 11. September 1795 zitéiert: Art. 5. Il y aura , en outre, dans l'étendue de la dite Administration d'arrondissement, vingt-sept administrations municipales. Art. 6. Elles sont établies dans les cantons ci-après: Luxembourg, Arlon, Mersch, Hesperange, Bastogne, Neufchâteau, Étalle, Virton, Chiny, Orchimont, Wellin, Saint-Hubert, Marche, Durbuy, La Roche, Houffalize, Salm, Saint-Vith, Diekirch, Grevenmacher, Bittbourg, Dudeldorff, Echternach, Remich, Neuerbourg, Hosingen et Wiltz. .... Ass dat net e bësse "komesch"? --Cornischong 00:03, 3 Mee 2005 (UTC)

D'Englänner hunn och nëmme 27 Kantonen, mee anerer wéi an deem Arrêté. Watfir eng ladite Administration d'arrondissement ass dann do gemengt? Ass do net och de Chef-lieu all Kéiers uginn? --Otets ♣ 07:58, 3 Mee 2005 (UTC)

Bei den "Englänner" gesinn ech "Bettembourg". Ass dat net e bësse "komesch"? --Cornischong 08:36, 3 Mee 2005 (UTC)

A well dat Ganzt nach net komplizéiert genuch ass, hei en Zitat aus dem Albert Calmes sengem "Au fil de l'histoire II" (Säit 215): "L'arrêté du Comité de Salut public du 14 fructidor an III, en termes plus clairs du 31 août 1795, partagea le duché de Luxembourg, devenue le Département des Forêts, en 37 cantons." - Wee bitt méi? --Cornischong 09:42, 3 Mee 2005 (UTC)

Méi misst effektiv dra sinn, well den Départements des Forêts jo méi grouss war wéi just d'Herrzogtum Lëtzebuerg mat senge 37 ;-)) Kann awer och e Schreiffeeler vum Albert Calmes gewiescht sinn, deen d'zwee mat der dräi verwiesselt huet. --Otets 10:46, 3 Mee 2005 (UTC)

De Link op deser Säit funktionnéiert net (méi)? Myriam 08:05, 10 Mäerz 2006 (UTC)

Hei gouf elo eng flott Tabell agesat an all d'Chef-lieuen entlinkt, mat der Bemierkung d'Linke bréngen am historesche Kontext näischt. Wier et dann net besser gewiescht eng deementspriechend Erklärung (datt et sech ëm Chef-lieuë vun de fréiere Kantonen dréint, sou wéi et virdrun am Artikel stoung) ze maachen an d'Linke bestoen ze loossen. Doriwwer eraus kéinte mer jo och an deene respektive Kantonsartikelen an Uertschaftsartikelen déi Informatioun bäisetzen. Dofir heescht dat Déngen hei jo Wiki, wëll verlinkt kann a soll ginn, an da bréngt et eppes am Wikikontext an och am historeschen. Et geet jo schliisslech och drëms datt de Lieser gesäit datt et déi Artikele gëtt, soss brauche mer keng Wiki.

Wat mengt d'Vollek dozou? Les Meloures 14:52, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Wann dem Vollek seng Meenung scho gefrot ass, dann hei meng:
An der Tabell geet net riets vu Chef-lieuë mä nëmme vu Kantonen déi haut net méi an der deemoleger Form bestinn. Dofir huet et kee Sënn Linken op Kantonen ze setzen wou et keen Artikel gëtt. Wa vläicht eng Kéier Artikele bestinn iwwer déi deemoleg Kantonen, da si Linken och ubruecht.
Et wier natierlech intressant wa mer eng détailléiert Kaart vum Departement Forets hätte wou d'Andeelung vun de Kantonen, mat de Chef-lieuen, kloer ze gesi wier. --Pecalux 16:46, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien,
Éier d'Tabell agebaut gouf stoung dat heiten am Artikel:
  • Chef-lieuë vun de lëtzebuergesche Kantonen:
  • Chef-lieuë vun de belsche Kantonen:
  • Chef-lieuë vun den däitsche Kantonen:
Dat ware kloer Linken an eng kloer Informatioun wat et war. Firwat sollen déi Linke mat där Info datt déi Uertschafte Chef-lieuë waren, verluer goen. ????? Déi Info hätt grad esou gutt kënnen am Tableau agebaut ginn, se stëmmt jo schliislech. Datt mer warscheinlech soubal keng Artikelen iwwer déi Kantone kréien, obschonns se administratif och an der Belsch nach zum gréissten Deel esou bestinn, ass gewosst. Déi Ausso datt déi Linken am historesche Kontext näischt bréngen, huet mam Wikiprinzip vum Linke setzen, guer näischt ze dinn. A wann an deenen Uertschaftsartikelen déi een duerch déi Linken ërëmfënnt mol géif d'Info derbäisetzen datt et déizäit e Kantonalhaaptuert war, dann hätt ee schonn e bësselchen historesche Kontext. Doriwwer eraus ass d'Meenung iwwer dat wat et bréngt, an a waterengem Kontext komplett subjektiv. Ech mengen doriwwer gouf schonn dacks genuch hei diskutéiert. Wa mer bei all Link kucken a waterengem Kontext en eppes bréngt oder net, da kënne mer 2/3 eliminéieren. Les Meloures 18:06, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
  • Salut, ech hunn, éiert ech den Artikel haut iwwerschafft hunn, keen direkte Lien gesinn tëschent deene verlinkten Uertschaften (Chef-Lieuen) an de Kantonen, ëm déi et am Fong hei geet. Ech si mir nach net sécher, ob déi Lëscht vun de Kantonen esou stëmmt respektiv ob déi Lëscht vun de Chef-Lieue gestëmmt huet. Do ginn et Differenzen tëschent deene verschidde Wikien, an ech hunn a kengem Geschichtsbuch hei heem an och net um Internet eng exakt Opzielung vun den deemolege Kantone fond. Ech gesi kee Virdeel doranner, fir amplaz d'Nimm vun den deemolege Kantonen op haiteg Uertschafte verlinkte Nimm vun de Chef-Lieue opzezielen. Ech fannen et besser, d'Kantonen do stoen ze loossen an déi da réischt ze verlinken, wann et effektiv Artikelen zu deenen (deemools neien) Eenheete gëtt, respektiv wann et an den Artikelen iwwer déi haiteg Kantonen e Kapitel iwwer deen deemolege Kanton mam selwechten Numm gëtt. Ofgesi vun de Linken hunn ech déi Tabell agesat fir d'Realitéit vun deemools mat däer vun haut kënnen ze kombinéieren, et gesäit een elo wat fir eng Kantonen deemools zu wéi eng Arrondissementer gehéiert hunn, a wéi engem Land si haut ugehéieren. --Christian Ries 19:34, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

Dat verhënnert dach net datt déi Linken op d'Chef-lieue solle bestoe bleiwen, natierlech mat enger entspriechender Iwwerschrëft. Firwat sollen déi falsch sinn déi virdrun dra stoungen. Vun deene Kantone wäerte mer eréischt Päiperneijoersdag en Artikel kréien, wann iwwerhaapt jee eng Kéier. Ech sinn amgaangen déi Belsch nozekucken. Chenogne stëmmt emol op jiddwerfall. Les Meloures 20:37, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

PS. Fauvillers stëmmt och. Ech huelen un déi aner och all, well et gëtt se jo och haut nach. Och wa bei der belscher Gemengereform 1970 an 1977 Ännerunge koumen an der Zesummesetzung, an och deen een oder anere verschwonnen ass sou hu se wéinstens bis du bestanen. Et ass schliislech eng geschichtlech Tatsaach, datt wéi d'Fransousen och net méi meeschter waren, déi administrativ Opdeelung gréisstendeels zu Lëtzebuerg an an der Belsch bestoe blouf. Et wier natierlech flott wann een do eng gutt Dokumentatioun géif opdreiwen. Zu Lëtzebuerg koum jo anscheinend just Veianen duerno als Kanton bäi.

Mä wa gemengt gëtt Linken op der Wiki wieren net wichteg da brauch ech mer, an nach deen een oder anere vun deenen déi dat bis elo reegelméisseg gemaach hunn, an Zukunft och keng méi Méi ze ginn fir der nozesichen derbäizesetzen oder ze verbesseren. Les Meloures 21:03, 5. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

  • Wichteg ass a mengen Aen, datt déi historesch richteg Kantonsnimm do stinn. Wéi deenen hir Chef-lieue deemools geheescht hunn an haut heeschen ass dach an dem Kontext niewesächlech. Wéi gesot, déi verschidde Wikien zielen verschidde Kantonsnimm op (z.B. Betzder vs. Rued-Syr, Beetebuerg ?) oder gëtt do och den Amalgam gemaach? Dat kann ee réischt klären wann een déi néideg Literatur bei Hand huet. Ofgesinn dovunner, wann e Link do steet, erwaarden ech mir Infoen, déi mat dem Kontext ze dinn huet an net einfach e Link op eng Uertschaft. Dat gëllt och fir d'Linken op d'Arrondissementer, et mécht einfach kee Sënn, fir do déi Uertschaften ze verlinken. Ech géif mir bei engem Link eng Info zum Arrondissement mat dem entspriechenden Numm erwaarden. Am Resumé: Linken jo, mä am kontextuellen Zesummenhank, sou datt si dann och fir eppes gutt sinn.--Christian Ries 08:15, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Natierlech hues de recht wanns de an denger Iwwerschrëft schreifs Kantonen. Dann erwaarden ech mer och e Link op Kantonen.
Wanns de awer an der Iwwerschrëft schréifs Chef-lieuë vun de Kantonen erwaarden ech mer ee Link op déi Uertschaften. Dovunner ofgesinn hunn d'Kantonen ëmmer de selwechten den Numm gehat wéi d'Uertschaft, oder ëmgedréint. Well mer vun de Kantonen keng Artikelen hunn, gesinn ech d'Informatioun op de Chef-lieu deen et eng Kéier ginn ass an haut nach eng Uertschaft ass, méi intressant wéi een op ee Kanton deen et haut eventuell net méi gëtt oder schonns an der Zäit vun de Fransousen oggeschaft oder verluecht gouf an domat den och Numm gewiesselt huet.
Well ech esou zimmlech all déi haiteg franséisch Kantonen op d'mannst eng Kéier hei op der Wiki am Grapp hat weess ech datt bis haut keen den Numm gewiesselt huet, am Géigessaz zu den Arrondissementer, an datt et der just e puer gëtt (2 oder 3) déi en anere Chef-lieu hunn wéi den Numm et seet.
Fir et nach méi spannend ze maachen. Hei uwendriwwer gëtt vum Lefort senger Opzielung geschwat. Déi stëmmt net mat eiser Opzielung iwwereneen, woubäi déi och net falsch ze si schéngt, awer och net mat där aus dem Almanach vun 1810 iwwerenee stëmmt. Dofir schéngt et mer méi intressant fir de Link op de Chef-lieu ze maachen, vun deem mer éischtens en Artikel hunn, zweetens op ville Plazen d'Dokumentatioun fannen datt ee Chef-lieu ënner dem Franséische Regime war. Wéi gesot vun de Kantonen hu mer keen Artikel, a wäerten och nach soubal kee kréien, well do vu bal kengem ee geneen Historik bekannt ass. Et ass fir de Moment och méi einfach déi Detailinformatioun datt et e Chef-lieu vun engem Kanton an den Artikel vun der Uertschaft anzebauen. Iwwer e Kanton Rued-Sir, hunn ech z.B bis elo néirens eppes fonnt, weder beim Lefort, nach am Almanach vun 1810. Chenogne gëtt bei deenen zwéin och net opgezielt ass awer a verschiddenen Dokumenter erëmzefannen wéi zum Beispill an der Geschicht vu Bertogne an am Dictionnaire des Lieux-dits en Wallonnie et à Bruxelles, fir nëmmen déi zwéin ze nennen. Ech stellen emol eng komparativ Lëscht op, mat dernieft der Situatioun vun haut. Les Meloures 09:44, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
  • "Chef-lieue vun de Kantonen" steet a kenger Iwwerschrëft méi am Artikel. Wann d'Chef-lieuen derbäikommen, dann a Klameren hannert dem Kantonsnumm well déi hei am Kontext wichteg sinn. Mä da geet d'Iwwersiicht d'Baach an. Ech verstinn däi Problem nët. De Lieser brauch dach net onbedéngt op alles e Link, scho guer net wann en net op déi Saach hiféiert, déi gemengt ass. --Christian Ries 09:54, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
    • D'Chef-lieue vun de Kantonen stoungen awer dräi Joer dran, bis ee Mataarbechter gemengt huet se wieren net relevant fir den Artikel. Soll elo dat, wat soulaang vun der lb:Wikiscommunautéit als wichteg genuch ugesi gouf wéinst engem Mataarbechter senger Meenung verschwannen. Dat fannen ech perséinlech äusserst ondemokratesch. Les Meloures 10:44, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

ier hie nach e puer Megabit Diskussioune bäikommen: Meng 5 Su: Ech fannen et sënnvoll, dass d'Chef-lieue verlinkt ginn, an deemno d'Informatioun, wéi se virum Changement do stoung, méi pertinent war wéi déi (ouni Linken) déi elo do steet (et misst ee just "haideg" iergenwous bäisetzen, well de Bezuch op déi jeweileg Länner soss en Anachronismus wier). Ob an Tabelleform oder als Kapitelen, ass mer zimmlech egal. --Zinneke 11:22, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,
Ech sinn amgaangen eng Tabell opzestellen, aus där dann ervir geet wat virgesi war, wéi d'Situatioun 1810 war, mat de Kantonen déi net an deenen zwou Lëschten ze fanne sinn awer soss dokumentéeirt sinn, plus d'Situatioun vun haut. Am Lefort senger Lëscht stinn der nämlech dran déi duerno an aner Departementer koumen, anerer hunn ech iwwerhaapt néirens fonnt. Dann hätte mer och d'Geleeenheet fir an déi Lëscht kucken ze goen fir Referenzen op Dokumenter unzeginn. Les Meloures 11:51, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
  • « D'Chef-Lieue vun de Kantonen stoungen awer dräi Joer dran, bis ee Mataarbechter gemengt huet se wieren net relevant fir den Artikel. » Wann esou Argumenter hei solle gëllen, da maacht dach all meng Ännerunge réckgängeg, well den Artikel, wéi en ouni Kapitel Geschicht, mat kaum enger Struktur, ouni Kaart, (en huet esou e richtege verweessten Androck gemaach) asw. dach och joerelaang den Aval vun der Communautéit hat. (an wéi richteg am Zitat virdru stoung: et stounge just d'Chef-Lieuen do, an net d'Kantonen, ëm déi et gaangen ass. Loosst Iech déi Logik op der Zong zergoen. Wann et hei net méi ëm d'Saach geet (Spaass um Schreiwen, Artikele verbesseren, Saache méi korrekt duerstellen), mä ëm Preferenze vu Leit, da vergiesst et. --Christian Ries 12:53, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,
Wann et ëm Preferenze vun de Leit geet, schéngs du deng jo och wëlle mat alle Mëttelen duerchesetzen.
Wou steet iwwer dësem Artikel datt et ëm d'Kantone geet. Et geet ëm d'Departement. Wann een da scho verbessert da soll ee wéinstens déi pertinent Informatiounen déi et schonns gëtt, entweder stoe loossen, oder wéinstens an enger aner Form mat abauen. Zum Departement gehéieren natierlech d'Kantonen, an d'Arrondissementer déi et déizäit gi sinn. Mä d'Chef-lieuë vun de Kantonen, wa se scho bekannt sinn sollen awer och opgezielt ginn.
Ech hu mer elo mol d'Méi gemaach fir eng Tabell opzestellen déi an éischter Linn op där Opzielung vum Lefort déi hei uewendriwwer steet baséiert. Eng zweet Informatiounsquell ass den Almanach impérial vun 1810. Eng drëtt ass den Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles. Eng véiert si verschidde Websäite vu Gemengen. Dat ganzt war eng zimmlech haart Noss, an ech sinn nach mol net sécher op se esou komplett ass, mä et steet emol alles dran, wat ech bis elo erausfonnt hunn, oder oder net. Dat ass mat [Source?] markéiert oder mam Frozeechen ? fir aner Fäll. Op jiddwerfall hunn ech gemierkt, wéi schwaach datt mer op der Broscht sinn, an esou Fäll. An ech kann der och verroden datt ech ouni pertinent Linken, nach warscheinlech bis mar dru geschafft hätt. D'Verlinke vun de Chef-lieuë gëtt an dësem Fall 26 weider Hiweiser op den Artikel, a vum Artikel op aner Artikelen. Dat ass de Prinzip vun der Wiki, a wa mer dee vernoléissegen, da gëtt schwéier fir no deem System Nosichen ze maachen.
Lëscht Lefort Ons
Lëscht
Lëscht 1810 Kanton haut Arrondissement
ons Lëscht
Arrondissement 1810 Arrondissement / Distrikt
haut
Chef-lieu Land haut
Arel Arel Arel Arel Lëtzebuerg Lëtzebuerg Arel Arel Belsch
Arzfeld Arzfeld Béibreg Béibreg Arzfeld Däitschland
Baaschtnech Baaschtnech Baaschtnech Baaschtnech Neufchâteau Neufchâteau Baaschtnech Baaschtnech Belsch
Beetebuerg Lëtzebuerg
Betzder Lëtzebuerg
Béibreg Béibreg Béibreg Béibreg Béibreg Béibreg Däitschland
Chenogne [1] Belsch
Chiny Belsch
Dikrech Dikrech Dikrech Dikrech Dikrech Dikrech Dikrech Dikrech Lëtzebuerg
Dudeldorff Dudeldorff Dudeldorff Béibreg Béibreg Dudeldorf Däitschland
Durbuy Durbuy Marche-en Famenne Durbuy Belsch
Étalle Étalle Étalle Étalle Neufchâteau Neufchâteau Virton Étalle Belsch
Fauvillers Fauvillers Fauvillers Neufchâteau Neufchâteau Baaschtnech Fauvillers Belsch
Florenville Florenville Florenville Neufchâteau Neufchâteau Virton Florenville Belsch
Gréiwemaacher Gréiwemaacher Gréiwemaacher Gréiwemaacher Lëtzebuerg Lëtzebuerg Gréiwemaacher Gréiwemaacher Lëtzebuerg
Hesper (1795-1802) [2] Lëtzebuerg Lëtzebuerg
Houffalize Houffalize Houffalize Houffalize Neufchâteau Neufchâteau Baaschtnech Houffalize Belsch
Housen Lëtzebuerg
Iechternach Iechernach Iechternach Iechternach Béibreg Béibreg Gréiwemaacher Iechternach Lëtzebuerg
Klierf Klierf Klierf Dikrech Dikrech Dikrech Dikrech Lëtzebuerg
La Roche La Roche Marche La Roche Belsch
Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg 1
Lëtzebuerg 2
Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg
Marche Marche Marche Marche Belsch
Miersch Miersch Miersch Miersch Lëtzebuerg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Miersch Lëtzebuerg
Miezeg Miezeg Miezeg Lëtzebuerg Lëtzebuerg Arel Miezeg Belsch
Neierbuerg Neierbuerg Neierbuerg Béibreg Béibreg Neierbuerg Däitschland
Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Belsch
Nidderkäerjeng [Source?] Lëtzebuerg
Orchimont Belsch
Osper Osper Dikrech Dikrech Dikrech Osper Lëtzebuerg
Paliseul Paliseul Paliseul Neufchâteau Neufchâteau Neufchâteau Paliseul Belsch
Réimech Réimech Réimech Réimech Lëtzebuerg Lëtzebuerg Gréiwemaacher Réimech Lëtzebuerg
Rued-Sir [Source?] Lëtzebuerg
Saint-Hubert Saint-Hubert Neufchâteau Saint-Hubert Belsch
Sankt-Vith Koum an d'Departement Ourthe Sankt-Vith Malmedy Verviers Sankt Vith Belsch
Salm ? Koum an d'Departement Ourthe Vielsalm Malmedy Baaschtnech Vielsalm Belsch
Sibret Neufchâteau Neufchâteau Baaschtnech Sibret Belsch
Veianen Veianen Veianen Dikrech Dikrech Dikrech Veianen Lëtzebuerg
Virton Virton Virton Virton Neufchâteau Neufchâteau Virton Virton Belsch
Wellin Wellin Neufchâteau Wellin Belsch
Wolz Wolz Wolz Wolz Dikrech Dikrech Dikrech Wolz Lëtzebuerg
  • Et stougen tatsächlech Chef-Lieuen do, mä keng Kantonen, wat fir mech zumindest absolut kee Sënn gemaach huet (Kuckt hei driwwer, do sti se wéi am Artikel, éiert ech dru geschafft hunn, kee kanton wäit a breed). Ech sinn bis elo op déi meescht Interventiounen hei driwwer agaangen, mä sou luess geet mir déi Aart a Weis, déi un eng Zort Geméis erënnert, zimmlech op de Sou: op all meng Argumenter ass ausser dem Pecalux keen agaangen. Wat bréngt dat dann nach fir hei laanschteneen ze diskutéieren, mech hei wëllen als een duerstellen, dee net wees, wat Linken op enger Wiki bedeiten. Ech sinn a bleiwen géint Linken, déi hors Kontext näischt verluer hunn. Da soll vu mir aus d'Vollek elo ofstëmmen, wéi et wëll ... A wann ech mir dat alles hei driwwer ukucken, da fällt mir just dat heiten an: Net diskutéieren, mä änneren --Christian Ries 18:37, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Wat fënns du hors contexte??? Gehéieren denger Meenung no Uertschafte déi Chef-lieu vun engem Kanton waren oder sinn net an en Artikel iwwer e fréiert Departement?
Niewent dem Artikel stinn Interwikilinken. Klick mol op deen een oder aneren dervunner. Da geséis wéi déi aner dat maachen. Mengs de wiere méi domm wéi mär, datt se net wësse wat an e Kontext gehéiert oder net.
Net diskutéieren mä änneren Dat muss nach just dee Benotzer hei gesot kréien dee bei wäitem déi meescht Interventionen hei op der Wiki huet. Wäit iwwer 100.000. (De manuelle Bot matgezielt) Dat fannen ech perséinlech als eng Frechheet sonnergläichen. Merci fir d'Kompliment Les Meloures 19:02, 6. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dictionnaire des nomms de lieux en Wallonie et à Bruxxelles
  2. Ref: Schumacher am Artikel iwwer d'Gemeng Hesper

Referenz op den Almanach[Quelltext änneren]

Gudden Owend Les Meloures, Ënnert der Referenz Nr. 4 steet "Almanach impérial 1810". Et wier flott, wanns De kéins dat Wierk mat Auteur, Verlag, Erschéngungsuert, Säitenzuel etc. an d'Literatur setzen, an d'Referenz dementspriechend mat Auteur an d'Joereszuel op d'Literatur verweisen. --Christian Ries 16:35, 8. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]