Diskussioun:Departement Ourthe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Gudde Moien,

Mer brauchen hei net gewuer ze ginn wéi eppes op Gutt Franséisch heescht. Mer wiere scho frou wann eenegermoosse passabelt Lëtzebuergesch géif hei geschriwwe ginn.

Les Meloures 19:02, 5. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

E ganz schéine Bonjour! Firwat schreiwt der da nët och (gutt lëtzebuergesch...) <<Departement Forets>>, d'kléngt esou flott! D'Wikipedia ass nët do, fir nëmme richteg Lëtzebuergesch ze schreiwen, mee zumol fir eng zouverléisseg Informatioun ze liwweren, wa méiglech an enger propperer Sprooch. Dir hutt recht, wann der verlaangt, datt d'Leit richtig mat der Sprooch ëmginn, mee vill hunn einfach nët genuch Praxis dran: 't kann nëmme lues a lues kommen, z.B. duerch Kontributiounen op lb:wikipedia. Den Inhalt (ass dat Wuert lëtzebuergesch?...) ass awer nach ëmmer d'Haaptsaach. A gutt Séile ginn sech jo fräiwëlleg hier, fir dat Formellt - souwäit néideg - ze verbesseren. Beim "intitulé" <<Departement Ourthe>> kréien ech een Auder op d'Stiir. Dat kléngt irgendwéi nët gutt. Mee wann der Argumenter hutt, fir "Département des Forêts" engersäits, an "Departement Sambre et Meuse" oder "Departement Ourthe" anersäits ze schreiwen, da gitt se hier, ech si bereet bäizeléieren! Merci am Viraus, an e ganz schéinen Dag nach. Fan & Co.