Diskussioun:Dialektologie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien alleguer,

ech si frou, ze gesinn, dass hei e bësse Wand an dee Beräich kënnt. Dee lauert schon e Strapp dropp, ausgebaut ze ginn.

Fir awer ze verhënneren, dass mer herno neess mussen emtässelen an embauen, di heiten Iwwerleeung:

Ech giff proposéieren, grondsätzlech op 2 Schinne fueren: engersäits déi allgemeng Linguistesch Säiten (wou een sech roueg bei den däitsch- an engleschsproochege Kollegen inspiréiere kann), déi déi verschidde Gebidder definiéieren ann erklären. (Komparativ Linguistik, Kontrastiv Linguistik, Sproochgeschicht, Kommunikatiounsfuerschung, Phonologie, Dialektologie, etc. etc.)

Déi 2. Schinn wier déi, déi sech matt der Fuerschung vum Lëtzebuergeschen an der sproochlecher Zituatioun zu Lëtzebuerg ofgëtt. Heizou bräicht et bal en eegenen Aféierungsartikel (soen ech mer selwer - mol kucken, ob ech dozou kommen). Well - an dat ass de Grond firwat ech dat hei schreiwen - D'Dialektologie ass nëmmen *eng* Approche zu Lëtzebuerg, déi sech zwar laang gehalen huet, déi awer hautesdags nët nëmmen ëmmer méi "géigenstandslos" gëtt (Stëchwuert Mobilitéit, Stëchwuert geschwate Medien, Radio an Tëlee - kuckt dem Peter Gilles seng Aarbechten), mee och vun anere Wëssenschaftsberäicher 'iwwerholl' ginn ass: Soziolinguistik an de 70er/80er Joren (cf Hoffmann, Klein, Maroldt), an alles wat matt de sozial-geographesche Aflëss op de Sproochegebrauch ze dinn huet (kuckt d'Diskussiounen ëm d'Baleines-Etude vum Fehlen, 1997/1998).

D'Konscht besteet dann doranner, déi Saach ënnerteneen ze verknäppen.

An der Luut vun deer Approche ging ech dann och proposéieren, deen Artikel hei opzedeelen: An "Dialektologie" deen erklärt, wat dat ass, wou et hir kënnt, asw. an a "Lëscht vu Sproochwëssenschaftler déi sech matt der Sproochsituatioun zu Lëtzebuerg oder/a mamm Lëtzebuergen ofginn". Ech ginn zou: un deem Numm muss nach gefeilt ginn (;-) mee ech hoffen, der sidd matt der virgeschloener Richtung d'accord.

--Zinneke 11:03, 29 Mäe 2005 (UTC)

Moien. D'accord. --Cornischong 12:06, 29 Mäe 2005 (UTC)


jo moien,

ma ech mengen et wier gudd et sou ze maachen, beschäftegen mech neemlech am mom mat Aarbechten vu Linguisten am Letzebuerger Raum an hun do och Leit mat Erfarung dei ech em Rot froen kann an dei villaicht souguer selwen hei aktiv keinten gin, ausserdeem probeieren ech Biller vum Codex Mariendalensis erazekreien, mais muss do oppassen well et do gewesse Vierschreften gett well dei nach a Privatbesetz ass asw. Am Moment gett et nemmen eng Persoun dei drunner schaffen kann, dat ass Madame Claudine Moulin, mat daer ech Kontakt hun. Wann mer iwert d Aarbechten vu Letzebuerger SProochforscher schreiwen dann kann ech puer Dialektkaarten opdreiwen (vum Gilles zb.) Op jiddfer Fall ass dat en relativ grousse Projet, paacken mer en un! --Kniwwla 11:11, 29 Mäe 2005 (UTC)

Pake mer en un! Ma genee dat --Cornischong 12:06, 29 Mäe 2005 (UTC)

De Passé composé vu maachen[Quelltext änneren]

Nom "gemacht" an nom "gemat" eng "Propos" (dat ass nach e Neologismus): "gemaach". An dann hu mer et. --Cornischong 18:14, 30 Mäe 2005 (UTC)

Et gouf iergendwou eppes zu deem Thema, mee ech fannen dat elo leider net erëm (wee weess wou, w.e.g. hei posten). Do hu se esouguer "gemeet" mat opgezielt... Otets 19:36, 30 Mäe 2005 (UTC)

- 'gemaach' ass déi heefegst Form, 'gemeet' ass Minette, 'gemaacht' éischter Stater

Am Josy Braun sengem "Eis Sprooch richteg schreiwen" 10. Oplo Säit 34: "ech hu gemaach" an "Ech hu mir eng Schmier gemaach". Dann huet d'Madame Johanns vun Téiteng an hirem "Lëtzebuerger Grammaire" 2. Oplo op der Säit 20 "gemaach hunn". Iwwregens: Extra fir eis kënnt "an nächster Zäit" (et ass drop an drun) eng Zort "Bescherelle" mat ALLE Lëtzebuerger Verben eraus!!!!!! Ech hunn dat aus allerhand gudder Quell. --Cornischong 19:51, 30 Mäe 2005 (UTC)

- eng Online-Base de Donnee mat all Lëtzebuerger Verben gëtt et elo: Luxogramm vun der Uni Lëtzebuerg