Diskussioun:Dietrich Fischer-Dieskau

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

No dem Palaver iwwer d'"Minette" si mer lo an der Musek ukomm: Déi engleschsproocheg Wikipedia huet en Artikel iwwer déi Konschtform, deen "Lied" heescht, déi dänesch Wikipedia huet e "Lied" Artikel, an zuguer déi finnesch huet en Artikel deen "Lied" heescht. An der spuenescher Wikipedia geet am "Schubert"-Artikel rieds iwwer " A los catorce años crea sus primeros lieder y antes de cumplir los dieciocho ...". An an der portugisescher Wikipedia gebrauchen se am "Schubert"-Artikel exakt deeselwechten Ausdrock: "menor (D.125) e dezassete Lieder, incluindo algumas obras-primas como Der Taucher (a primeira versão, D.77 ...". An d'Fransousen hunn an hirer Wikipedia och keen anert Wuert fir déi Liddform, dowéinst hunn se och en Artikel, deen "Lied" heescht, doraus: "Un lied (pl. lieds ou lieder) est une composition brève pour une voix accompagnée par un piano ou par un ensemble instrumental, sur un texte de langue allemande." Ech mierken, ech hu besser, ech iwwerloossen de Fachleit d'Redaktioun vun de mus"i"kaleschen Artikelen. Wann een d'Flemm nach net huet, ...... --Cornischong 00:55, 29 Mee 2005 (UTC)

Ok, ok, no esou enger geballter Argumentatioun kann ee jo just de wäisse Fändel eraushuelen. --Otets 01:05, 29 Mee 2005 (UTC)

A fir déi, déi mengen d'Italiener als Musekfreaken hätten dofir en eegenen Ausdrock: (Masterclass Steinhoefel.pdf): "Il Lied romantico". --Cornischong 01:09, 29 Mee 2005 (UTC)

Ech hunn och nach eppes zu deem Thema am SPIEGEL (7. Paragraph vum Artikel) fonnt. No der Lied-Logik misste mer jo dann och "Waldsterben" a "Kindergarten" soen, well d'Fransouse respektiv d'Englänner dat Wuert och vun de Preisen hunn. Kee Rucksak méi, mee vun elo u just nach e "Rucksack". D'Gemittlechkeet gëtt verbueden, dat heescht "Gemuetlichkeit". Oder ass et éischter esou, datt mär net obligéiert sinn, e Wuert vun de Preisen ze iwwerhuelen, och wann dat eng Abberzuel aner Sprooche gemaach hunn? Op e Lied applizéiert géif déi Theorie jo da bedeiten... --De klenge Partisan 13:06, 1 Jun 2005 (UTC)

"misste mer jo dann och "Waldsterben" a "Kindergarten" soen, well d'Fransouse respektiv d'Englänner dat Wuert och vun de Preisen hunn" - An zënter wéini hunn d'Fransousen "Kindergarten iwwerholl? Wann ech am Langenscheidt Handwörterbuch kucken, dann hunn d'Fransousen dofir: "Kindergarten m: jardin m d'enfants; in Frankreich e-r staatlichen Schule angegliedert école maternelle" a mär hunn eng "Spillschoul". Wann ech eng Iddi méi wäit ginn, da fannen ech am Trésor de la Langue Française de Kindergarten och net. A beim Waldsterben fannen ech am engleschen Handwörterbuch "Waldsterben n dying of forests, forest deaths pl. (od. dieback)" an am franséischen :"Waldsterben n dépérissement m, mort f des forêts". --Cornischong 15:19, 1 Jun 2005 (UTC)

Mat deem Wuert "respektiv" hunn ech gemengt, datt d'Fransousen d'Wuert "Waldsterben" an d'Englänner d'Wuert "Kindergarden" vun de Preisen hunn. --Otets 16:29, 1 Jun 2005 (UTC)

Da bei eist "Lied". Do huele mar dee ganz décken Hummer, den Trésor de la Langue Française: Am Band 10 fanne mer op der Säit 1192: "Lied, Lieder, Lieds, subst. masc." An d' Definitioun: "Courte pièce de musique vocale, de caractère populaire ou savant, chantée sur un texte en langue germanique." An dowéins heeschen dem Edvard Grieg seng Lidder net Lied, mee "Songs, Lieder oder Mélodies. Sou einfach kann d'Liewe sinn. "datt mär net obligéiert sinn, e Wuert vun de Preisen ze iwwerhuelen" Wa mer keent hunn, da musse mer kucken, wou mer eent hierhuelen. Bei "Fatzbeidel" hu mer keng däitsch, a keng franséisch Sprooch gebraucht. Beim "Staubsauger" huet kee Mënsch op "Stëppssuckeler" oder "Aspirateur" reagéiert; beim "Äschebecher" ginn et zuguer Leit, déi hir Äschen net an e Becher ("Becher"!?) maachen, mee hiren Netbecher "Becher" nennen. Wéi géife mer de Kugelschreiber nennen, wann de Baron Bique (oder so) eis déi net offeréiert hätt. Ee Gléck datt mer beim Handy alt net op d'Preisen oder d'Amikaner ugewise sinn. Obwuel et Fiedere gëtt, déi gefëllt musse ginn, schreiwen der hei mat enger "Füll"fieder. Gutt datt déi Lëtzebuerger Mouken tonken an net nach däitsch Téin vu sech ginn. Datt d'Preisen dat lëtzebuergescht "Schlapperafer" nach net iwwerholl hunn, wëll nach net heeschen, datt si e Wuert dofir hätten. Soss nach eng Fro? Ite missa est. --Cornischong 15:19, 1 Jun 2005 (UTC)

Neen, ech ginn elo a schécke mech (oder esou). --Otets 16:41, 1 Jun 2005 (UTC)