Diskussioun:Edgar Allan Poe

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ee Saz Text, fënnefhonnertdausend Titelen, dovun d'Halschent rouder, kann dat et sinn? Aus der de-eriwwerkopéiert mat allen däitsche Sätz? --Cornischong 17:52, 10 Mäerz 2007 (UTC)


Wa mär mengen, eng Poe Bibliographie aus der däitschsproocheger Wikipedia 1:1 banne 17 Sekonnen eriwwerzekopéieren, da wierkt dat flott. Datt mer all däitsch Kommentaren stoeloossen as zwar praktesch, mee et wierkt peinlech.

  • Prinzipiell schreiwe mer (ausser bei japaneschen oder pingoneschen) bei Filmer oder Bicher d'Originaltitelen; da wësse mer ëm watfir Texter et geet. Beim Poe ginn et Texter, déi bei deene verschiddenen Iwwersetzungen verschidden Titelen hunn!
  • Eis léiw Transmuselaner baue Bibliographien op mat iwwer 50 Titelen, bei deenen ee gutt mierkt, datt kaum een déi Bicher jeemols an der Hand hat!! Wann een nëmmen driwwerflitt, kann ee mierken watfir e Schäiss do zesummegekrazt gouf. Ech nenne léiwer Beispiller gefälleg?: Bei der rororo-Bildmonographie stinn déi al an déi nei do! Déi al gëtt et guer net méi, mee se steet do. "Frank T. Zumbach Edgar Allan Poe. Eine Biographie. München: Winkler 1986. ISBN 3-538-06800-3 ": Dem Zumbach säi Buch steet do als Hardcover bei Winkler mat ISBN (do ass e gutt Beispill, firwat déi ISBN-Nummeren komplette Mumpitzt an der Wiki sinn!): Dat ass schonns Joren net méi do kréien; an et huet och net "Edgar Allan Poe" geheescht, mee "Edgar Allan Poe. Eine Biographie"; schonns am Juni 1999 huet den dtv et am Täschebuch publizéiert!
  • Keng eng eenzeg Poe Editioun ass uginn! Eng Virginia-Editioun gëtt et anscheinend net.
  • Déi famous däitsch Nei-Iwwersetzung vun Arno Schmidt a Konsorten. déi 1966 am Walter-Verlag erauskoum, gëtt net emol ernimmt!
  • Eng valabel Biographie steet néierens.

A mär friessen deenen hire Mumpitz aus der Hand? --Cornischong 19:13, 10 Mäerz 2007 (UTC)