Diskussioun:Edward Alfred Cowper

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"an huet 1868 d'Tangentialspeeche beim Vëlo agefouert." An Tangentialspeech ass och verlinkt, mee do fannen ech näischt vun enger Tangentialspeech. Dat muss eppes terribel seelenes sinn, well wann ech den däitschsproochege Guggel froen, wat eng Tangentialspeiche ass, dat fënnt deen dat net. --Cornischong 23:14, 14 Oktober 2007 (UTC)

Gudden Owend

Et ass net schlëmm ech molen der direkt en einfacht Bild Les Meloures 23:41, 14 Oktober 2007 (UTC)
Et ass e Schreiffeeler am Bild, dat sollt natierlech Radialspeeche sinn amplaz Radia...

Fotodokumentazioun kënnt no.

Op den zwee Biller hei uewendriwwer gesäit een den Ënnescheed zimmlech gutt.
Um Kutscherad si Radialspeechen d.h. se leien um Radius vum Krees.
Um Vëlosrad sinn Tangentialspeechen (blo gefierft). Déi heeschen esou well se op der Tangente vun der Nuef festgemaach sinn. Se si praktesch paralell, a verschiddene Fäll esouguer ganz paralell. Dat ka vum Duerchmiesser vun der Nuef a vun deem vun der Felg ofhänken, an natierlech och nach vun der Zuel vun de Speechen.
Sou elo ass den Artikel bal fäerdeg. Wann dann een e mécht fannen déi Nächst dat och am Gugel erëm. Les Meloures 00:17, 15 Oktober 2007 (UTC)
Merci. Dat dierft kloer ginn. --Cornischong 07:06, 15 Oktober 2007 (UTC)