Diskussioun:Elsass-Loutrengen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ënner Elsass-Loutrengen (fr.: l'Alsace-Lorraine)[1] versteet een déi franséisch Gebidder, déi Frankräich, nom verluerene Krich vun 1870/71 géint Preisen an déi aner däitsch Staaten, un dat neit däitsch Keeserräich am Fridde vu Frankfurt (Mee 1871) hat mussen oftrieden.

Et ass flott wa mer gewuer ginn, wat een drënner versteet. Et wier awer och flott wa mer géife gewuer gi, wat et da wierklech war. Les Meloures 07:56, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

De Fändel vun Elsass-Loutrengen (als "däitsch" Entitéit)[Quelltext änneren]

3 vertikal Sträifen, an zwar giel - rout - wäiss.

Wou kann dat nogekuckt ginn. Les Meloures 08:14, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Ech hunn bei den Nopeschwikien der zwee fonnt, mee déi sinn e bëssen anescht an dofir hunn ech se mol net dragesat... --Jwh 08:38, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]
Salut,
Ech hunn och alt iwwerall ronderëm gelusst a kee Fändel fonnt deen där Beschreiwung entsprécht. Ech menge mer huelen déi Fändelsgeschicht emol eraus bis dat kloergestallt ass. Les Meloures 09:11, 4. Mäe. 2011 (UTC)[äntweren]

Salut!

Wa mer alles missten eraus huelen, wat de Les Meloures net weess... Mee, wéi gesot, et gëtt nun emol Zensoren a souguer Groussinquisitoren op der lb:wikipedia, an de Les Meloures ass de Poopst dovunner. Ech si bei Wäitem net deen Eenzegen, deen dat (= harcèlement textuel) ëmmer erëm muss feststellen.

Nun zum Fändel: Den Här Boschet vu Mont-Bonvillers huet a senger Kaartesammlung eng Postkaart, déi den 3. Januar 1915 ofgestempelt gouf, an déi de Fändel vun Elsass-Loutrengen duerstellt: 3 vertikal Sträifen, an zwar giel - rout - wäiss. D'Legend seet: <<Alsace-Lorraine, le vrai drapeau>>; an drënner steet: <<Aux couleurs debout, comme d'un peuple affranchi, et côte à côte en signe d'égalité et de fraternité!>> Referenz: Le Républicain lorrain , supplément 7 HEBDO vum 18. Februar 2001.

Sou, méi kann ech och elo net maachen. Iwwregens, wann net en Eefalt mer dragegraff hätt, wéi ech d'Säit ugeluecht hunn, dann hätt der elo eng valabel Bibliographie vun enger Dozen Titelen... Deen Zuch ass awer momentan fort. D'Zensore kënne jo selwer...!

Ciao, R.D.

D'Geschicht vun Elsass-Loutrengen fänkt 1871 un. Wat virun 1871 geschitt ass, gehéiert bei d'Stëchwierder "Elsass" a "Loutrengen".

An di germanophil bis irredentesch Téin, déi jo awer wiirklech net d'Meenung vun der grousser Majoritéit vun den Elsässer erëmspigelen, verletzen d'Neitralitéit vun der Wikipedia. Mir wollte keng Preise ginn, d'Elsässer och net (ofgesinn, do ewéi hei, vun enger Handvoll schwaarz Schof...).

Salut, R.D.

Salut
Sowäit wéi de conseil régional de Lorraine Bescheed wees gouf et dee Fändel nëmme fir d'Autoritéiten a war ni en offizielle Fändel vun Elsass-Loutrengen.
Les autorités du Territoire Impérial se verront aussi accorder par l'Empereur un drapeau propre : celui-ci était le drapeau de l'Empire allemand noir-blanc-rouge avec les armoiries impériales et l'écu des armoiries du Territoire Impérial dans le canton. Bien que réservé aux autorités, il sera aussi utilisé par la population.
L'Empereur ne reconnaîtra aucun drapeau local pour l'Alsace-Lorraine, ce territoire étant considéré comme un territoire particulier, soumis à l'Empereur et non souverain comme les autres Etats allemands.
Lorsqu'en 1911, le Territoire Impérial d'Alsace-Lorraine obtient une nouvelle constitution lui donnant plus d'autonomie, les députés de l'assemblée locale choisissent un drapeau propre pour marquer le nouveau statut du territoire. Ce drapeau est le drapeau rouge-blanc alsacien avec une croix de Lorraine jaune dans le canton. Il devait refléter la volonté de considérer l'Alsace-Lorraine comme un membre à part entière de l'Empire allemand avec les mêmes droits que les autres états impériaux.
La reconnaissance et l'officialisation du drapeau par l'Empereur ne se feront jamais. L'affaire de Saverne en novembre 1913 et la première guerre mondiale qui s'ensuivront sonneront le glas d'un drapeau officiel pour les Alsaciens-Lorrains.
R.B.

Salut!

Ech hu perséinlech kee Problem mam elsässesche Fändel. Ech hu just eppes eraginn - viru laange Wochen -, woufir ech eng Referenz hunn. Mee d'Saach ass effektiv net einfach. Vgl., am franséische Wikipedia, ënner "Alsace-Lorraine" oder "Drapeau de l'Alsace-Lorraine". Dat Gebitt gouf et jo eigentlech net ...bis d'Preisen ee "Reichsland" do geschafen hunn. Gouf et elo e Fändel, deen offiziell oder inoffiziell d'"Reichsland" am "2. däitsche Reich" symboliséiert huet? Oder hunn d'Awunner vun Elsass-Loutrengen sech een eegene Fändel ginn, vläicht souguer fir hir Regioun als fréiert Stéck vu Frankräich ervirzehiewen? Oder hu vläicht Autonomisten, deemols schonn, e Fändel "produzéiert", fir hire Wëlle bekannt ze maachen, een eegene Wee tëscht Däitschland a Frankräich ze fannen? Hypothese gëtt et genuch, an an de Säite vun der franséischer Wikipedia (inkl. den Diskussiounssäiten) fënnt een di ganz Kontrovers. Mee, wéi gesot, ech sinn net direkt concernéiert a scho guer net fanatesch, am Contraire! Eenzeg déi wäitméiglechst Objektivitéit intresséiert mech...

Schéi Gréiss un d'Lieser a Benotzer, R.D.

P.S.: Villmols Merci, awer, léiwen R.B., fir d'Donnéeë vum Conseil régional! Sorry, datt ech net direkt Merci gesot hunn! Sollt een dës Informatiounen net einfach an d'Säit "Elsass-Loutrengen" erasetzen? Ciao, R.D.

ad R.D.
Et ass komesch wéi d'Meenunge sech änneren. Wann awer de Les Meloures seng Bedenken zum Fändel zum Ausdrock bréngt da kritt en Zensoren a souguer Groussinquisitoren an de Kapp gehäit.
Et wier vläicht net schlecht wann an Zukunft sou Ënnerstellungen aus de Féiss géife bleiwen. --Les Meloures 17:04, 19. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Op der Säit "Elsass-Loutrengen" huet geschichtlech näischt verluer, wat virun der Zäit läit, an deer de Begrëff iwwerhaapt geschafe gouf. An de Stëchdatum ass nun emol 1871. Wéini d'Elsass u Frankräich koum, gehéiert op d'Säit "Elsass".

A wann ech dem RenBei...loures Merci soën, dann heescht dat nach laang net, datt ech mech net awer, heiansdo, muss - grad ewéi aner Contributeuren - iwwer intempestiv oder excessiv Agrëff iergeren. Mee ech dierf dach sécher positiv Interventioune luewen, oder? Wéi gesot, 't geet mir nëmmen ëm déi gréisméiglechst Objektivitéit. Ech woë mech iwwregens nëmmen u Sujetën, wou ech doheem sinn.

Sans rancune, awer mat beschte Gréiss, salut vum R.D.

Moien,
1) Ech gesinn neirens an dëser Diskussioun datt de Les Meloures iergenswou soll Merci soll gesot kritt hunn.
2)Wann ech och domat d'accord sinn datt an dësem Artikel eng Parti vum Text wéinst Objektivitéitsproblemer (Wann dat der wierklech sollte sinn, well eppes war geschichtlech richteg ass u sech näischt mat Objektivitéitsproblemer ze dinn huet) net soll do stoen, well en näischt direkt mam Reichsland Elsass-Loutrengen ze dinn huet, (Ech hu mech och ni dergéint gewiert datt dat soll aus dem Text erausgeholl ginn, meng Interventioun hei huet sech just ëm de Fändel gedréint) da vestinn ech net firwat datt deen Abschnitt iwwer d'Autonomie vum Elsass dee jo u sech och näischt direkt mat Elsass-Loutrengen ze dinn huet derbäigefléckt gouf. Missten mer ons dann net och do konsequent bleiwen?
3) muss - grad ewéi aner Contributeuren - iwwer intempestiv oder excessiv Agrëff iergeren. Dozou muss ech soen datt eng Rei vun esou Bemierkungen iwwer esou Agrëff op dem Les Meloures senger Diskussiounssäit opgezielt sinn. Do gesäit ee wou de Les Meloures Recht oder Onrecht hat fir seng Bemierkung ze maachen. Wann Iech oder anere Contributeuren nach bekannt ass wou eng Bemierkung onnëtzerweis gemaach gouf kënnt Dir oder Si dat roueg dohinnerschreiwen. De Les Meloures ass sech net ze schued fir zouzeginn wann en op enger Plaz am Sënn vun der Objektivitéit oder besserer Presentatioun vum Artikel näischt hätt solle bemierken. Bei him stinn nämlech grad ewéi bei deene Meeschten dei hei mathëllefen, eng gutt Presentatioun vun engem Artikel un éischter Plaz. --Les Meloures 21:46, 20. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Reichsland[Quelltext änneren]

Am Text: "Reichsland", trotz de Protester vun der Bevëlkerung a vun hire gewielte Vertrieder am franséische Parlament.

Hei wier et flott fir gewuer ze ginn wéini a wou de Begrëff Reichsland enstanen ass. A w.e.g. sot mer elo net nees Wann de Les Meloures eppes net weess --Les Meloures 23:04, 20. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Salut!

Effektiv, alles, wat näischt direkt mat der 1871 gebilter Entitéit "Elsass-Loutrengen" ze dinn huet, muss hei eraus!

Elsass-Loutrengen, dat ass vun 1871 bis 1918 ("Reichsland") a - leider - och nach vu Mä 1940 bis 1944/45. D'Geschicht vum Elsass, grad ewéi d'Geschicht vum Herzogtum Loutrengen (-> 1766), respektiv vun der Regioun Loutrengen, gehéieren op déi spezifesch Säiten.

Den Autonomismus gehéiert awer deels och zum Begrëff Elsass-Loutrengen. Dat gëtt méi kloer, wann een - op der fr.wikipedia - z.B. d'Säit "Pierri Zind" liest... (vgl. och dat eent oder dat anert vu senge Wierker). Et ass just schued, datt déi Persoun, déi d'Thema "Autonomismus" an d'Spill bruecht huet, manifestement lokal-patriotesch Aussoë wollt maachen, ouni awer vill iwwert d'Thema selwer, a senger geschichtlecher Déift, ze wëssen. Ech hu selwer awer keng grouss Loscht, dat Thema fir d lb.wikipedia ze behandelen.

Mat beschte Gréiss, Ciao. R.D.

Moien
Den heiten Artikel behandelt den Territoire Elsass-Loutrengen am grousse Ganzen, an net exklusiv d'Reichsland Elsass-Loutrengen. Do gehéiert och e bësselche Geschicht vu virdrun derbäi, wéi dat och bei aneren Territoire gemaach gëtt. Fir Elsass-Loutroungen als Reichsland soll en eegenen Artikel gemaach ginn, wou dann am Detail an nëmme just fir déi Period soll behandelt ginn. Dat ass och esou am Artikel virgesinn an de Link gouf deemsntsprieched agebaut. Och d'Linken op d'Geschicht vu Loutrengen an déi vum Elsass si virgesinn.
An de leschten zwéin Deeg goufen och e ganze Koup Quellen a Referenzen nogesicht an opgefouert, an Duebeles aus dem Artikel erausgeholl.
Dee virgeschichtlechen Deel gëtt och aner Wikie graff ëmrass, an anscheinend hunn déi kee Problem dermat.
Wat mer hei méi um Mo läit dat sinn déi Aussoen déi vu Leit gemaach ginn déi sech als sougenannt Historiker ausginn, an hei ënner de verschiddensten IP-en opdauchen, Preisen net vun Däitsche kënnen ënnerscheeden, fir keng Ausso eng Quell uginn, a sech dann nach iergeren an déi aner Matarbechter, déi hir Phantasielinken a falsch Schreifweise verbesseren als Aasgeieren dohinnerstellen.
Wann den R.D. keng Loscht huet ass dat seng Saach. Aner Mataarbechter hunn hei op jiddwer Fall och keng Loscht permanent Verbesserungen ze maachen (en etlech Honnert am Dag), a kréien es lues a lues sat fir sech permanent just ëm IP-Getriwwels ze bekëmmeren. --Les Meloures 10:44, 22. Jul. 2011 (UTC)[äntweren]

Mee, Här Les Meloures, "Elsass-Loutrengen"... dat ASS dat, wat d'Preisen an déi aner Däitsch, no der "Reichsgründung" 1871, als "Reichsland" bezeechent hunn! Wann et also och eng Säit fir den Elsass an eng fir Loutrenge gëtt, da kann et einfach net sinn, datt een Elementer vun der elsässescher (oder vun der loutrengescher) Vergaangenheet ënner "Elsass-Loutrenge" fënnt, ausser dat, wat d'Period 1871-1918 an d'Joren 1940-1944/45 betrëfft. Wéi geséisch dat dann aus, wann ënner "département des Forêts" een eppes iwwert de Jang de Blanne géing schreiwen? Anachronisme däerfen net sinn! Denkt e bëssen no an halt op, iech ëmmer nees als Victime duerzestellen. Gutt Nuecht awer! R.D.