Diskussioun:Esch-Uelzecht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

De Brepsom gouf 1975 an enger LSAP-KP-Koalitioun Buergermeeschter. (Ben Fayot"Szialismus in Luxemburg Band 2 S.322. --Cornischong 22:08, 25 Oktober 2005 (UTC)

Eng Saach vun "d'"[Quelltext änneren]

"Il est constitué au Lycée de Garçons d'Esch-sur-Alzette une association dénommée Association des Professeurs du Lycée de Garçons d'Esch-sur-Alzette." fannen ech an de Statute vun der Profevereenegung an op anere Plazen. Da wäerte mer nach drop zréckkommen. --Cornischong 15:19, 12 Juni 2006 (UTC)

Ech huelen un dat et effektiv "Lycée de Garçons d'Esch-sur-Alzette" ass, an den "d'" dachs eweggeloos gëtt. Et misst een dann den "d'" och beim Artikel dobäimaachen. http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/1988/0512609/0512609.pdf#page=6

Fliedermaus 08:24, 13 Juni 2006 (UTC)

Zenter 2004 lafen Aarbechten, op der Plaz virun der Gemeng en ënnerierdesche Parking ze bauen. Dësen gëtt a Form vun enger Spiral ugeluecht, fir d'Plaz optimal auszenotzen. Wéinst dem Grondwaasser, dat hei just e puer Meter ënnert dem Buedem ass - d'Uelzecht leeft just niewent dem Schantgen - huet misse fir d'éischt eng Schapp ronderëm gebaut ginn, ier de Buedem an der Mëtt kunnt erausgeholl ginn.

Ech weess nët op daat dat richtegt Wuert ass. Am Prinzip gëtt eng Schapp geluecht an net gebaut. A si läit och sou wäit wéi ech wees um Buedem a steet nët an d'Lucht an ass och gewéinlech e more Betong deen nët waasserdicht ass. Les Meloures 22:35, 22 Oktober 2006 (UTC)

Wieviel Awuner huet Esch-Uelzecht?

-- Sven11 --

RTFA. --Zinneke (Diskussioun) 10:01, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Zënter winni Chef-lieu?[Quelltext änneren]

An eisem Artikel steet, et wier e groussherzoglecht Dekreet vum 12. Oktober 1841 gewiescht (d'de-wiki schwätzt vu Juli 1841), mee ech ka keent esou eent fannen dat dat seet.. --Otets 15:07, 12. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

D'Informatioun kënnt warscheinlech vun der Websäit vun der Escher Gemeng. Do gëtt dat wéinstens emol esou behaapt. Et ass awer net ze verstoen firwat datt Esch hätt missten nei als Kantonalhaaptuert konfirméiert oder nei ernannt ginn, et geet néirens riets dervunner (wéinstens hunn ech no zwou Stonne Sich näischt fonnt) datt déi Designatioun eng Kéier verluer gaange war. An d'Fro wier dann och vu wéini bis wéini Esch et de virdru gewiescht wier, well bei der Grënnung vum Département des Forêts war Esch als Kanton net mat derbäi. --Les Meloures (Diskussioun) 20:20, 12. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
An enger Kadastergeschicht beschreift de Raymond Duhr d'Evolutioun vun de Kantonalandeelungen. Ech verstinn dorauser, datt Esch vu 1795 bis 1802 zum Kanton Hesper gehéiert huet, deen dunn opgespléckt gouf, sou datt Esch an den neie Kanton Beetebuerg koum. Et gëtt en Tableau vun enger Ordonnanz vum 12. Oktober 1841 deen e Justizkanton Esch ernimmt, an an deem Text schwätzen se och vun "neie Kantoner". Et ass net terribel kloer, mee et schéngt mer mëttlerweil awer wéi wann dat d'Kreatiounsdokument wier (an d'Enn vum Kanton a Chef-lieu Beetebuerg). Et gouf awer schonn zënter der Schafung vun de Milizkantonen och e Milizkanton Esch (Beschloss vum 25. Februar 1817), deen eréischt zënter engem Beschloss vun 1846 mam Justizkanton sécher iwwertenee gestëmmt huet (virdru war Dippech mat beim Milizkanton Esch, Fréiseng, Réiser a Péiteng dogéint net).
Aner (zum Deel widerspréchlech) Sourcen zu deem Thema sinn:
--Otets 09:42, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech géif an den Artikel vun der Stat Esch einfach mol als Referenz e Link op d'Ordonnance vun 1841 setzen. Am Artikel Kanton Esch misst och vläicht e bësselchen dovun derbäikommen an do kéint een dee Milizkanton ernimmen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:27, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ech recherchéieren nach e bëssen a man dat da spéitstens e Méinden. --Otets 17:14, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Dann hunn ech bei der Saach vun der Stad op deenen hirer Websäit nach eppes droleges entdeckt: et pendant la Révolution Française de juillet 1830, la Ville redevient un simple village. 1830 haten d'Fransousen dach näischt méi mat Lëtzebuerg um Hutt. --Les Meloures (Diskussioun) 10:38, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Déi hunn do entweder "Française" mat "Belge" verwiesselt, oder d'Joer stëmmt net. --Otets 15:00, 13. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Ka ganz gutt sinn. Mä firwat soll Esch wéinst der belscher Revolutioun den Titel Stad verluer hunn, an déi aner kleng Stied am Land net. Par contre gëtt et de Bréif vum Lagrange aus der Zäit vun de Fransousen, dee seet datt Lëtzebuerg déi eenzeg Stad am Departement wier. --Les Meloures (Diskussioun) 11:42, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]
Esou erofloossend wéi de Lagrange schréift kéint et sinn datt heen no der Gréisst vun den Uertschafte gaangen ass, an net nom mëttelalterlechen Titel. Mee datt 1830 e Stadtitel oferkannt gi wier, doriwwer hunn ech och elo keng Beleger fonnt, au contraire, de Chambersrapporter Steichen seet de Stadtitel wier Enn vum 18. Joerhonnert verluergaang. --Otets 17:14, 14. Jun. 2012 (UTC)[äntweren]

Belval-Bild[Quelltext änneren]

Éierlech gesot fannen ech, datt ee vu "Belval aus der Loft.JPG" méi huet wéi vu "Belval, Luxembourg, seen from the West 2013-08.JPG". Dat leschtgenanntent ass zwar méi nei, mee bei deem éischtgenannten huet een eng Vue aus der Loft (wat ee gemenkerhand als Normalstierflechen ni huet), den Ensembel gëtt däitlech, et gesäit een och méi Gebaier. Ech wier dowéinst derfir fir dat aalt Bild nees anzesetzen. --Otets 09:45, 3. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

D'Bild aus der Loft fënnt een nach am Artikel Frichë vun Esch-Belval.--MMFE (Diskussioun) 09:59, 3. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat wat ersat gouf jo och, also keen Argument. Perséinlech mengen ech, datt e Bild aus der Vulleperspektiv den Artikel besser illustréiert, well e méi weist. --Otets 12:44, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Moien, de Grond, firwat ech et ersat hunn ass net, dass dat aus der Loft schlecht wier - am Géigendeel - mee einfach, well op deem neien déi ganz "Skyline" ze gesinn ass, aschléisslech dem neien Tuerm vum Unis-Gebai, wat bei deem vun 2010 logescherweis net de Fall ka sinn. Dat aus der Loft passt dann och gutt bei dat aalt vun 1993 mat deem et, am Belval-Artikel, a Relatioun gesat gêtt. Liicht fir dat neit Bild schwätzt och, aus reng subjektiv-ästetesche Critèren, datt et faarflech manner "brong" ass.
Well dat neit Bild awer vu mär selwer ass, enthalen ech mech enger eventueller Ofstëmmung, wann et da misst eng ginn. --Zinneke (Diskussioun) 14:10, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hu keen Häerzblutt do dra stiechen, mee da schreif vläit am Escher Artikel an d'Bildënnerschrëft wat fir eng Skyline-Gebaier vu lénks no riets ze gesi sinn, da gesinn ech wierklech e Méiwäert. --Otets 14:28, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Dat giff mMn an engem Artikel, wou Belval just "en passant" ernimmt gëtt, ze wäit féieren. Explikatiounen, wat wat fir ee Gebai ass, fënnt een op der Commonssäit vun der Foto, wann ee mat der Maus driwwer fiert. --Zinneke (Diskussioun) 15:20, 7. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]
Ah, hat déi verstoppten Infoen net bemierkt. Hunn elo an der Commons-Beschreiwung drop higewisen. Mee misst dann net automatesch esou e klengen Info-Button op d'Bild komme wann esou Infoe virleien, esou wéi dat op der ungarescher Wiki de Fall ass? --Otets 11:10, 10. Okt. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, wann ech richteg verstinn ass et den "upthumb" deen d'Foto "Al Esch 1860 01.jpg" lénks iwwer den Text setzt. Mä gëtt et dann och d'Méiglechkeet trotzdeem d'Beschreiwung ënner d'Foto ze setzen? --Jwh (Diskussioun) 19:43, 21. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

upthumb ass eng Funktionalitéit déi et net gëtt (ass duerch eng automatesch Ersetzung entstan aus upright|thumb gouf upthumb ech hunn dat nees zréckgesat. Sorry datt déi automatiséiert Ännerung vu mengem Bot mat AWB mir derduerchgaang war. --Robby (Diskussioun) 08:21, 22. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]
Salut, ah bon... --Jwh (Diskussioun) 09:56, 22. Mäe. 2014 (UTC)[äntweren]

Fräiheetsbréif[Quelltext änneren]

«  Johann von Gottes Gnaden König von Böhmen, Polen und Graf von Luxemburg geben bekannt und bekennen all diejenigen, die diesen Brief sehen oder hören, dass durch seine Güte Einrecht gehalten wird und dass unserer Stadt Esch an der Alzette Freiheit gewährt wird: uns Bürgern dasselbe Wohnrecht gehalten wurde wie in vergangener Zeit, manche Anfechtung und Hindernis gehalten, die genannte Stadt beinahe verwüstet wurde und leer ist von den Leuten, dieselben die dort sitzen und wohnen wollen. So lange wir uns geordnet sitzen und gemeinen Nutzen sowie eine Besserung der ehemaligen Stadt und Bürgern vorschrieben, dass niemals irgend jemand das Erbe erhalten sollte, dass dies nur dem, wohnhaft in der genannten Stadt Esch gehöre, der sei dann geliebt und verstanden. Nur der selbst in der genannten Stadt mit seinem Leib wohnen wollte um ihr auch zu dienen, dass ein jeglicher Fremder oder anderer Bürger die das Erbe halten, zugehörig zur vorgemellten Stadt Geld bezahlen sollen, der Arbeit dienen, und der vorgeschriebenen wohnhaftlichen Pflicht folge in der ehemaligen Stadt ,dem stehe ein Erbe zu. Nur ein jeglicher nach dem dass er eine Wohnung hatte und versprach, mir zu gebieten, verbiete ich allen unseren Bürgern die aussiedeln wollen, wer sie auch seien, dass sie unsere Ordnung und Gesetze einhalten. Ohne Widerspruch in der Form und meines Willens nach, wie oben geschrieben ist, soll dies zur Urkunde, mit dem Siegel, welches ich auf diesen Brief tue, hier in Arlon, den 16. Mai im Jahre des Herrn Christi Geburt 1328, werden.“

„schaff bedenn und pech“ wären Steuern.“schaff“ ginge an den Besitzer, „bedenn“ an den Landesherrn, „pech“ ist nicht klar.

Aus dësem Versuch, den Text vum Jang de Blannen (deen am Ursprong op Franséisch war) a modernt Däitsch ze iwwersetzen geet ervir, dass 1328 déi Escher schonn hire Freiheetsbréif eng Zäit haten. De Jang fuerdert si op zréck an hir Maueren ze goen a sech un d’Virschrëften ze halen soss géifen se hir Rechter (z.B. Ierfrecht) verléieren.

Kann deen Abschnitt vläicht zitéiert ginn aus deem evirgeet datt d'Stad Esch scho virdru eng fräi Stad war. --87.64.154.236 11:13, 2. Jun. 2019 (UTC)[äntweren]