Diskussioun:Eternal Tango

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

No aacht Edite wéisst ech emol sou lues gär, WAT Eternal Tango ass, WIEN et ass, a WÉI den Titel vun der CD ass! --Cornischong 13:52, 28 November 2006 (UTC)

Eifeler[Quelltext änneren]

Menger Meenung no ass et: Hiren éischten CD well den C héi als Z ausgeschwat gëtt, par Analogie zum Jazz wou de J als d'J ausgeschwat gëtt. Et kann een natirlech laanscht d'Eifeler komme wann e seet Hir éischt CD. CD ass m a w. Les Meloures 16:08, 28 November 2006 (UTC)

Bild: Image:EternalTangoBand2006.jpg[Quelltext änneren]

Huch, wou ass dat Bild dann elo hinn? Huet een dat geläscht? Lizenzméisseg misst dach alles an der rei gewierscht sinn? (mengen den Fotograf hat et deemols selwer ropgelueden). Ech verstoppen (ausklaameren) de Quelltext vum Bild mol provisoresch, sou e roude Link ass net schéin. --JimHawk 08:36, 31 Juli 2007 (UTC)

Gudde Moien,

Dat hei stoung an der Beschreiwung vum Bild:

David Moreira, Pit Romersa, David Schmit, Joe Koener an Tom Gatti

©Pierre Matge 2006

  • Source: Eege Foto vum Pierre Matge
GNU head Et ass erlaabt, dëse Fichier ënner de Bedingunge vun der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun, an der Versioun 1.2 oder enger spéiderer Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation, ze kopéieren, ze verbreeden an/oder zu modifizéieren, ouni onverännerlech Abschnitter, Ëmschlagtext virdrun, Ëmschlagtext hannendrun. De kompletten Text vun der Lizenz ass am Kapitel GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun ze gesinn.


D'Bild war vum User Marc eropgeluede ginn.

Näischt léist drop schléissen datt de User Marc identesch ass mat dem Pierre Mattge. Wann de Pierre Matge de Fotograph ass an e Copyright huet fänkt et u komplizéiert ze ginn mat de Lizenzen.

Les Meloures 13:36, 31 Juli 2007 (UTC)

Ahsou, merci fir d'Info! Nee wosst dat net, hunn just gesinn datt do eppes vun "eege foto vum"... an hun doraus geschlussfolgert, datt d'Foto vun deemjeenegen selwer ropgeluede gouf. Wéi gesot, ech hun hei näischt vum Krich em déi éischt 2 Biller matkritt a wollt nofroën wisou den Quelltext vum Bild nach sou verlueren am Artikel giff stoën. --JimHawk 14:03, 31 Juli 2007 (UTC)

Eternal Problemos[Quelltext änneren]

Salut: Firwat hu mer sou vill Problemer mat de Beschreiwunge vun de Biller an dacks mat de "Lizenzen"? Ech zitéieren Texter vun der Eroplueden -Säit an d'Beispill vun deeër Foto, déi nach ëmmer am Artikel steet, nämlech Image:EternalTango PressPhoto3.jpg An deem Fall passt d'Foto jo an de Rayon "Dir hutt d'Foto selwer gemaach." Do steet: "Dir sidd averstanen, dass Äer Foto vu jidderengem benotzt ka ginn, ënnert der Conditioun, datt Dir als Auteur ernimmt musst ginn." Do steet awer ënner "Auteur a Source": "photos ©Garry"!! Wann de Garry e Copyright Zeechen dobäi setzt, ass e jo NET mat d'accord, datt f'Foto "vu jidderengem benotzt ka ginn". Zu der "Lizenz": Ënner dëser Foto steet "Lizenz: Promotional". Esou eng Lizenz gëtt et op der Wikipedia iwwerhaapt net. Gi mer nees op d'Eropluede-Säit. Ënne steet: "Dat soll am beschten esou ausgesinn (kopéiert dësen Text ënnen an d'Këscht bei "Beschreiwung/Source"): " an duerno "Lizenz: (ënnen am Menu eraussichen)" Den Ausklappmenu bitt ë. a. "Creative Commons" oder "GFDL" oder och "Fair use". Mat anere Wierder: Andeems een dem Bild eng Lizenz gëtt, erlaabt ee "jidderengem" dat Bild ze "gebrauchen" an et esouguer z'änneren; awer nëmmen ënner de Konditioun datt, wéi hei driwwer schonns zitéiert, de Fotograf muss mam Numm genannt ginn.
Dat anert Bild ass geläscht ginn, nodeems e puermol no enger valabler Lizenz gefrot gouf, a kee reagéiert huet. Wann nach eppes onkloer sollt sinn, da steet op der Eropluedsäit "Frot aner Wikipedianer. " Alles klaro? --Cornischong 09:23, 31 Juli 2007 (UTC)

Oh Mamm, wat eng Äntwert... dobäi wollt ech wëssen op een déi foto express geläscht huet an (dobäi d'Bild mol net aus dem Artikel konnt huelen) oder op et en Akzident war. Wat mat dëssem an deem 3ten Bild lass ass/woar wees ech net, soulaang hun ech nach net un deem Artikel gewierkelt fir dat matzekréien. Zum aneren Bild, iwwert dat's de elo méi laang geschwoart hues wéi iwwert dat eigentlecht Bild, do hun ech schonns gesot, datt ech do amgaangen sinn nozefroen awer bis elo nach keng Äntwert krut. alles klaro? --JimHawk 12:43, 31 Juli 2007 (UTC)