Diskussioun:Euphemismus

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Tjo, d'Méizuel vun Euphemismus misst "Euphemismussen" sinn, d'Méizuel op -en hu mäer net. Oder dach, oder léiwer awer net? --Cornischong 00:02, 11 Mee 2005 (UTC)

Du stells do awer och gutt Froen! Misst een emol mat Zäit nokucken... --Otets 10:39, 11 Mee 2005 (UTC)

Ech hunn do e wéineg gebliedert, awer näicht fonnt. Der genereller Reegel vun der Méizuel no misst et "Euphemismusse" sinn. Der Reegel vun der Uleenung un d'Däitscht no kéint ee soch och un "Euphemismen" erowoen. Iwwregends, an do komme mer der Saach vläicht e bësse mé no, op wat hues du dech baséiert, wéi s de aus "Fore" "Forume" gemaach hues? --Otets 23:23, 11 Mee 2005 (UTC)

Ma do gëtt et en "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" an deem steet, datt d'Méizuel vu Forum Forumen ass. "d'Méizuel op -en hu mäer net": Hat do nees Een sech net gutt ausgedréckt? Mee, wa jiddfereen eis Schreifweis-Säit géif liesen ..... --Cornischong 00:43, 12 Mee 2005 (UTC)