Diskussioun:Europa (Kontinent)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Intressant Thema: Wéiwäit gehéiert Kosovo (schonn) heihinner a wéiwäit (nach) net? --Zinneke 13:31, 14. Mäe 2008 (UTC)

Wann den däitschen Ausseministär de Kosovo op senger Lëscht vun de Länner huet ( http://www.auswaertiges-amt.de/diplo/de/Laenderinformationen/LaenderReiseinformationenA-Z.jsp#IJKL ) wäerte mär eis dat och leeschte kënnen. Mee bei enger Wikipedia, déi et bis elo nach ëmmer net fir néideg fonnt huet (!!!!!!!!!), en Artikel fir ALL Staat ze hunn, wäert dat alles net esou wichteg sinn. Wann emol all mexikanesche Kouflapp an all guatemalteekesche Pissoir en Artikel mat Këscht hei huet, komme mer bestëmmt drop, datt d'Lännerartikelen och ënner Ëmstänn eng gewësse Roll spille kéinten. --Cornischong 00:23, 15. Mäe 2008 (UTC)

Op der Säit vum Serbeschen, awer och Russeschen, Chineseschen oder Spueneschen Ausseministär steet e sécher net als eegent Land. Bis ewell hu vun de ronn 200 Länner op der Welt der emol keng 3 Dosen de Kosovo als eegent Land unerkannt. Dofir meng Fro, wéiwäit me hei souzesoe Fait-accomplië schafen, doduerch, dass mer Länner Länner nennen, déi et nach laang net an den Ae vun deene meeschte sinn. Ech huelen en dofir nees eraus, woarde mer of, wéi déi (Grouss) Geschicht virugeet. --Zinneke 22:02, 16. Mäe 2008 (UTC)

Ech fäerte wa mer ob d'Chinese waarde musse kritt net nëmmen de Kosovo, mee och d'Republik China keng nei Lännerkëscht. Dat gesot, et wier jo net verkéiert de Status vum Kosovo evtl. ze kommentéieren. Lëtzebuerg huet den neie Staat den 21. Februar 2008 unerkannt. (Le Luxembourg reconnaît formellement le Kosovo -21-02-2008- gouvernement.lu)). Aner Länner déi de Kosovo unerkennen: www.kosovothanksyou.com Kaffi 22:35, 31. Mäe 2008 (UTC)

Moien,
Alles schéin a gutt, mee wann eis nach esouvill Länner feelen déi et schonns Joerhonnertelaang gëtt, wäerte mer jo sécher elo net wéinst engem Newcomer musse Vollgas ginn Les Meloures 23:00, 31. Mäe 2008 (UTC)

Eene, meene, muu[Quelltext änneren]

"et wier jo net verkéiert de Status vum Kosovo evtl. ze kommentéieren": Soll ech elo direkt domat ufänken, oder kann ech nach dusche goen? géing de Cornischong lo soen, deem säin Tounfall net jidderengem gefält, an dee sech net méi traut "Salut" ze soen, well dat als Duze kéint verstane ginn. --Cornischong 23:21, 31. Mäe 2008 (UTC)