Diskussioun:Fändel vun der Belsch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"E. Vermeersch": Wann ee méi weess, da kéint en de Virnumm dobäisetzen. Merci am Viraus. --Cornischong 17:04, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien

An deem Artikel steet datt déi belsch Natioun als Nationalfaarwen Rout, Giel a Schwaarz unhëlt.

Firwat gouf dëse Saz eraus geholl? Stëmmt eppes net dermat? Les Meloures 17:16, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

"Pantone 186 c" ass keng belsch Nationalfaarf, hat alt een derbäigeschriwwen; an et kéint nawell sinn, datt dee Recht huet. --Cornischong 17:22, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
An déi aner zwou och net. Fir all weider Sophistereien ofzewiergen. --Cornischong 17:24, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Dat ka jo alles stëmmen, mee et ass keng Äntwert op meng Fro. Les Meloures 17:26, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

"Fir all weider Sophistereien ofzewiergen" hat alt een derbäigeschriwwen; an et kéint nawell sinn, datt dee Recht huet. --Cornischong 17:54, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Heescht dat am Kloertext datt dat wat an der belscher Konstitutioun steet falsch ass? Ech hunn näischt vu Pantone an änlechem gefrot.

Deen heite Saaz gouf eraus geholl:

An deem Artikel steet datt déi belsch Natioun als Nationalfaarwen Rout, Giel a Schwaarz unhëlt.

A Meng Fro war: Firwat gouf dee Saz erausgehollf? An déi Zweet war : Stëmmt eppes net dermat?

Ech wéilt nawell just eng kloer Äntwert op déi Froen, wann ech gelifft. Les Meloures 18:13, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

"wann ech gelifft"[Quelltext änneren]

Nom DLW kritt bei "wann ech gelift" de gelift nëmmen een "f". Gär geschitt. --Cornischong 19:13, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

==================================================================================[Quelltext änneren]

"D'Faarwe vum belsche Fändel sinn am Artikel 192 vun der haiteger belscher Konstitutioun (alen Artikel 125) festgehalen." Dat ass awer interessant! Wann ech op ( http://www.lachambre.be/kvvcr/pdf_sections/publications/constitution/grondwetFR.pdf } den Artikel 192 liesen, da fannen ech dëst: "Art. 192 Aucun serment ne peut être imposé qu’en vertu de la loi. Elle en détermine la formule." Hunn ech mech "verlies"? --Cornischong 18:53, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

den Artikel 192 vun der haiteger belscher Konstitutioun[Quelltext änneren]

"D'Faarwen vum belsche Fändel sinn déi belsch Nationalfaarwen sou wéi se am Artikel 192 vun der haiteger belscher Konstitutioun (alen Artikel 125) festgehale sinn." Kéinte mer deen Artikel 192 emol zitéiert kréien w.e.g. ? Villmools Merci am Viraus, seet de --Cornischong 19:06, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Enschëlleg villmols do hat ech en Tippfeeler gemaach et sollt natierlech Artikel 193 heeschen. Dat hätt jo awer einfach kënne verbessert ginn ouni de ganze Saz erauszegeheien ouni Erklärung Les Meloures 19:29, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Dann nach eppes: wann elo hei ugefaange gëtt Lëtzebuergesch Coursen iwwer Verschreiwereien an Talksäiten ze halen da wäert ech och mol ufänken dat bei Artikelen ze maachen. Ech fäerte just dann hunn ech fir 6 Joer Aarbecht, an ech brauch mech net mat engem Belsche Fändel erëmzeploen, fir datt dat emol en Artikel gëtt dee geschichtlech richteg soll ginn. Les Meloures 19:29, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Do hat ee gewësse Cornischong Faarf mat w hanne geschriwwen wat jo och net sou honnertprozenteg der Lëtzebuerger Schreifweis entsprécht. Les Meloures 19:36, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

ee gewësse Cornischong, d'Hingerhaut an den Humor[Quelltext änneren]

" Do hat ee gewësse Cornischong Faarf mat w hanne geschriwwen wat jo och net sou honnertprozenteg der Lëtzebuerger Schreifweis entsprécht": Fir et emol esou ze froen: Wie keeft engem, dee mat esou Sätz feel geet, eng Okkasiounszännbiischt of? Suguer bei deeër Wuedebëssermentalitéit, déi mär net konstruktiv virkënnt, gëtt keng Quell uginn. Sollt et iere sinn, datt dat Wuert nach ëmmer falsch do steet? Wann een et fënnt, da soll e mer Bescheed ginn. A jo, do war jo nach eppes:"Dann nach eppes: wann elo hei ugefaange gëtt Lëtzebuergesch Coursen iwwer Verschreiwereien an Talksäiten ze halen da wäert ech och mol ufänken dat bei Artikelen ze maachen". Hues de nach ëmmer net gemierkt, datt et der all Dag manner ginn, déi deen Tounfall liese wëllen? Wéi krutt eng Persoun hei gesot: "Wann ech dann nach déin Artikel vun de Schof kucken, wéi s'de deen ugefangen hues, da kréien ech d'Hingerhaut." A wat hat déi drop g'äntwert: "Léif oder léiwe Les Meloures. Wéi et schengt kennst de dech jo aus op der lëtzebuergescher Wikipedia Jo, ech kenne se direkt erëm, se ass op Lëtzebuergesch an et seet bal keen deem Anere Moien. 1. Du hues keen Humor. 2. Du méchs keng "?" hanner deng Frosätz" (Ze liesen op der Diskussioun:George S. Patton-Säit.) Keen Humor???? Soll dat alt sinn, freet sech de --Cornischong 23:18, 15. Feb. 2008 (UTC) , dee vun elo net méi op Zoossissschnaper ageet. Mer schaffe jo alleguer, wéi se an der de-Wiki schreiwen, un enger Enzyklopedie. Ite missa est.[äntweren]


Et war an dësem Artikel, an deem Faarf mat w geschriwwe war. Ech sinn näischt an en Artikel, an an Diskussiounen vu virun engem Joer erëm sichegaangen.
Jo, jo dat war dei selwecht Persoun déi mat falsche Kräizerzuelen hantéiere gaangen ass, an déi erausfonnt datt de Frënd Cornischong eng Kéier sechs Stonne sollt eleng eppes op der Wikipedia sollt geschafft hunn, wat och net gestëmmt hat. Och froe mech wéi een do nach soll Humor hunn. Les Meloures 07:25, 16. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Ech froe mech och op Leit déi op der Wiki private Courrier publizéieren net vläicht ee ganz speziellen Humor hunn, ouni sou Manéieren anescht wëllen ze nennen? Les Meloures 07:11, 16. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Den Zensor huet eis nach gefeelt[Quelltext änneren]

Mer hunn nach ee gebraucht, dee mueres hei opdaucht, bestëmmt, wat hei däerf stoen, an dann op enger Diskussiounssäit läscht, wat him net passt a sech duerno nees a säi Schleekenhaischen zréckzitt a sech net méi vill weist. --Cornischong 08:29, 16. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Den Zensor gëtt et scho méi laang. Kuck emol hei. --Pecalux 10:31, 16. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]