Diskussioun:Fiederwäissen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Léiwen Auteur vu Fiederwäissen. Dat mam Blutt botzen oder Kierper entschlaken hu se sech vläicht fréier an der Uucht gezielt. Zanter keng Hexe méi duerch d'Loft fléien ass dat aus der Moud komm. LéWeis

Léiwen LéWeis. Ech perséinlech, Auteur vu Fiederwäissen, si kee Mediziner. Dat mam Blutt botzen oder Kierper entschlaken hunn ech selwer net erfonnt, mee an engem Zeitungsartikel gesinn. D'Ausso staamt vun engem Wäinspezialist, dee selwer och kee Mediziner ass. Wann's du selwer Mediziner oder Spezialist op dësem Gebitt bass, da looss mech et wëssen a schreiw mer och deng Argumenter. Ech loosse mech gäer beléieren. Et ass zu all Moment méiglech den Artikel op de leschte Stand vun der Wëssenschaft ze bréngen. --Pecalux 16:18, 4 Mee 2007 (UTC)
Gudde Moien
Ech sinn och net Medeziner oder Spezialist op deem Gebitt, mee ginn dervunn aus datt de Fiederwäissen eng änlech Fonktioun erfëllt wéi z.b. de sougenannte Bluttrengegungstéi, den och net wéi d'Wuert et seet, d'Blutt rengegt mee Niiren a Liewer stimuléiert, a grad esou wéi de Fiederwäissen an net zevill grousse Quantitéite soll gedronkt ginn.

Les Meloures 16:30, 4 Mee 2007 (UTC)