Diskussioun:Fiicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ficht oder Fiicht,

Mer haten déi Diskussioun schonns eng Kéier.

Well deemols no Nokucken am Lëtzebuerger Wierderbuch, an no Nofro beim Josy Braun, Fiicht festgehale gouf

goufen och d'Artikelen Sitkafiicht an Omorikafiicht an deem Sënn ugeluecht.

Et wier dofir net schlecht wa mer kéinten eenheetlech weiderfueren.

An deem Fall wier et ubruecht wa mer onbedéngt mat Ficht wëlle weiderfueren, an den Texter an deene Fiicht verlinkt ass oder ouni Link geschriwwen ass ze verbesseren. Nëmme mat Redirecten an neteenhhetlecher Schreifweis kreie mer déi Saach ni op ee gemeinsamen Nenner.

Les Meloures 12:24, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech ënnerstëtzen däi Wonsch no Eenheetlechkeet, wat fir eng Variant och ëmmer geholl gëtt an iwwerloosen d'Auswiel bereetwëlleg deenen, déi méi an deem Rayon kënneg sinn. --Zinneke 15:10, 18. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Wéi solle mir dann elo verbleiwen mat der Fiicht oder Ficht. Ech sinn och fir et eenheetlech ze maachen, just wéi eng Versioun gëtt elo geholl? Da kéint ech déi néideg Verbesserunge maachen. --Alexandra 10:41, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien

Mer behalen d'Fiicht sou wéi et sech aus den Diskussiounen an Nofroe virun engem Joer erginn hat.

Ech maachen déi néideg Vebesserungen.

Les Meloures 11:00, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

OK --Alexandra 11:01, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Ech hunn aus der Këscht d'Ënneraarten eraus geholl, well et en Duerchernee vun Aarten a Synonymer war. Ech kucke fir d'Aarten an den Text bäizeflécken. Les Meloures 11:21, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

Trotz Quellen, kënnt et mer komesch vir, datt d' Edeldänn (abies procera) sollt an de Galerië gebraucht gi sinn. Et schéngt mer do en Iertum mat der Wäissdänn (abies alba) ze ginn. D'Edeldänn gouf a gëtt net forstlech op grousse Flächen an Europa gezillt, am Géigesaz zur Wäissdänn. Les Meloures 11:30, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

Am Prinzip ass "Edeltanne" e Synonyme fir "Weißtanne" (Abies pectinata D.C. = A. alba Mill.). Esou maachen et z.B. :
• Fitschen (2007: Gehölzflora. 12. Aufl. - Wiebelsheim, Quelle & Meyer, S. 311;
• Issler, Loyson & Walter (1965): Flore d'Alsace. Strasbourg, Société d'Etude de la Flore d'Alsace, S. 35;
• Marzell (1943): Wörterbuch der deutschen Pflanzennamen. 1. Band: Abelia - Cytisus. Leipzig, S. Hirzel, Kol. 58ff: "Edeltanne" (Haaptnumm), "Tanne", "Silbertanne", "Weißtanne", etc.
D'Brockhaus Enzyklopädie, Bd. 23 (1994), S. 729 gëtt fir Abies alba drei Nimm: "Weißtanne", "Edeltanne", "Silbertanne".
Am Hegi (1981): Illustrierte Flora von Mitteleuropa. Pteridophyta, Spermatophyta. Band I, Gymnospermae, Angiospermae, Monocotyledoneae 1, Teil 2 (1981). 3. Aufl., S. 47, heescht Abies alba Mill.: "Tanne", "Weißtanne"; an de Numm "Edeltanne" gëtt fir déi nordamerikanesch Abies procera = A. nobilis (engl. Noble Fir) gebraucht. Dat ass e bëssen iwwerraschend an entsprécht och net onbedingt dem Mainstream.--Jamcelsus 14:02, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Den Alan Mitchel Dendrolog, a Forstbotaniker an der englescher Forstwaltung (Forestry commission) mécht a sengem Buch A Field guide to the trees of Britain and northern Europe dat mat Hëllef vum Dr.h.c. Gerd Krüssman, Dendrolog a fréiere Chef vum botanesche Gaart zu Dortmund-Brünninghausen, op däitsch iwwersat gouf, an ënner dem Numm Die Wald- und Parkbäume Europas erauskoum do en däitlechen Ënnerscheed. Les Meloures 14:22, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Ps. Den Abies procera gouf no dem Mitchel sengen Donnéeën eréischt géint 1930 an England a kuerz duerno um Kontinent bekannt. Les Meloures 14:24, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
Bei Schütt et. al (2002): Lexikon der Baum- und Straucharten. Hamburg, Nikol, S. 17, gëtt "Noble Fir" (Abies procera) och mat "Edeltanne" iwwersat. Dat renomméiert Standardwierk Handwörterbuch der Pflanzennamen (Zander), 16. Auflage. Stuttgart, Ulmer, S. 146, geet dem Problem aus dem Wee an iwwersetzt "Noble Fir" mat "Edle Tanne".
De toute façon, wann Abies procera eréischt ëm 1930 an Europa bekannt ginn ass, hat dee Bam natierlech keen däitschen Numm; de Numm "Edeltanne", dee schonns fir eng aner Dänn am Gebrauch war, ass deemno vun A. procera souzesoen usurpéiert ginn. Abies alba bleift domat awer nach ëmmer déi eigentlech europäesch "Edeltanne". Dees si sech op mannst déi Fachleit bewosst, déi dofir A. procera "Pazifische Edeltanne" nennen, an domat all Verwiesselung évitéieren.--Jamcelsus 16:43, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]
PS. Fir op den Ausgangspunkt zréck ze kommen: An de Galeriën ass natierlech — awer manner oft wéi d'Fiicht — déi europäesch "Edeltanne" (Abies alba) an net den nordamerikaneschen "Usurpator" (Abies procera) gebraucht ginn. --Jamcelsus 17:03, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]


Remoien

Do hu mer jo e Koup Informatioun zesummekritt. Op jiddfer Fall sinn déi kleng Ënnerscheeder vun den Nimm wéi dee vun der Pazifischer Edeldänn mol ernimmt ginn.

Am forstleche Gebrauch gëtt haut souwisou fir d'picea alba Wäissdänn gesot. Den Numm Bichendänn ass awer geschichtlech intressant. Merci fir deng vill Méi beim Nosichen. Les Meloures 17:18, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Keng Ursaach! Ech hunn domat eppes bäigeléiert! --Jamcelsus 17:55, 19. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Nach e Buch: P. Schütt, H. Weisgerber, H.J. Schuck u.a. (Hrsg.) (2004): Lexikon der Nadelbäume: Verbreitung - Beschreibung - Ökologie - Nutzung. Die große Enzyklopätie mit über 800 Farbfotos. Hamburg, Nikol, 639 p. (S. 1: Abies alba: "Weißtanne", "Edeltanne"; S. 77: Abies procera: "Pazifische Edeltanne", "Nobilis"). ---Jamcelsus 17:19, 22. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]