Diskussioun:Fläschenzuch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Wann eng Kéier ee sech sollt zu Paräis verlafen, an an d'Géigend vum Eiffeltuerm kënnt, net zécken an de Maschinneraum kucke goen, an eng Foto matbréngen. De Maschinneraum ass wuel esou intressant ewéi de Rescht vum Tuerm.

Les Meloures 16:31, 5. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut,

Deen Artikel misst menger Meenung no iwwerschft ginn. Esou steet do ëppes vu "Kraaftmoment", wat esou vill wéi "Dréimoment" heescht. En Dréimoment M ass d'Produkt vun der Kraaft F mol d'Längt l vum Hiewel. (Mat der Kraft F rechtwénkleg zum Hiewel.) Wéi soll esou en Dréimoment un engem Seel entstoen? E gett am Text och net vu "lassene Poulie" (op däitsch: lose Rollen) geschwat, wat awer wesentlech ass. Dat mat der "Vergréisserung vun der Kraaft" verstinn ech och net. Et huet ee jo engersäits e Kierper 8Objet) mat der Gewiichtskraaft G, déi sech aus dem Produkt aus der Mass m an der Erdbeschleunigung g ergëtt an déi un de "lassene Poulien" ugräift an anerersäits eng Zugkraaft F déi um Seel wierkt. Déi neideg Zugkraaft F gëtt duerch eng méi grouss Zuel vun droende Seelsträng verkléngert an de Wee deen d'Seel zréckleet op deem Punkt, wou d'Zugkraaft ugräift, gëtt vergréissert.

Leider sinn ech net terribel talentéiert fir Physik a Wieder ze formuléieren. Ech hat mir schon eng Kéier d'Auer gebrach, wéi ech dat am Artikel Kierperschwéierpunkt versicht hat. Ech ginn duerfir keng Ännerungen an den Artikel maachen.--Fliedermaus 15:45, 6. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]