Diskussioun:Fluchhafe Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Den huet bestëmmt en Internationale Numm wéi Aeroport de Luxembourg oder Luxemburg Airport. Solle mer do nët Fluchhafe vu Lëtzebuerg soen.

Wa mer Findel welle lossen da géif ech virschloen:

  • d'Homonymie ze maachen mat Findel an do dran Findel (Uertschaft) a Findel (Fluchhafen). Les Meloures 16:38, 5 Dezember 2006 (UTC)

Zur Informatioun: Et gëtt och schon en Artikel Fluchhafe Findel. --Fliedermaus 17:08, 5 Dezember 2006 (UTC)


Et sollt een awer vläicht d'Homonymie maachen wéinst der Sich. Ech perséinlech géif ënner Findel sichen an da géif een iwwer d'Homonymie weidergeleet ginn.

Wien ass dofir:

  • Ech, de Pecalux 17:59, 5 Dezember 2006 (UTC)

Wien ass dergéint:

D'Fro gouf gestallt vum Les Meloures 17:17, 5 Dezember 2006 (UTC)


Am Mémorial steet eng Rei Kéieren Aéroprt de Luxembourg. Findel ass e Lieu-dit an der Gemeng Sandweiler awer net den Numm vum Fluchhafen, obschonn dat am allgemenge lëtzebuergesche Sproochgebrauch vill benotzt gëtt. Ech fannen duerfir Findel (Fluchhafen) keng gutt Iddi.--Fliedermaus 17:33, 5 Dezember 2006 (UTC)


De Fluchhafe Findel läit ongeféier 5 km nord-ëstlech vun der Stad Lëtzebuerg, zum Deel um Territoire vun der Gemeng Sandweiler. A wou läit de Rescht ??

Den offiziellen Numm vum Fluchhafen[Quelltext änneren]

Ech gräifen déi Diskussioun ronderëm den offiziellen Numm vum Fluchhafen nees op well mir de Lemma net richteg schéngt ze sinn. Offiziell, wéi et hei driwwer schonns e puer Mol steet, a wéi et op Legilux kann nogekuckt ginn, heescht de Fluchhafen: "Aéroport de Luxembourg", deemno misst den Artikel op Fluchhafe Lëtzebuerg geréckelt ginn. --Christian Ries 09:12, 26. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Ännerunge si gemaach, och an de Säiten via Volltext-Sich. --Christian Ries 09:36, 26. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Ännerungen vum Gregori-luxair am Abschnitt "Fluchgesellschaften an hir Destinatioune vum Findel aus"[Quelltext änneren]

Moien,

Ech hunn déi Ännerunge réckgängeg gemat, well wéi ech scho bei menger Ännerung uginn hat, dës Fluchgesellschaften net op Lëtzebuerg fléien:

En plus flitt d'Luxair weder op Lissabon nach op Warschau

Ech sinn natierlech weiderhin dankbar fir all Beléierung --Jwh 07:26, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Moien, ech si kee Spezialist an hu mer dat och nach net am Fong ugekuckt. Hei ass den Summerhoraire, op S. 63 stinn d'Fluchlinnen an dd'Zilfluchhäfen (verschiddener am Code-sharing). --Zinneke 08:17, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Jo, LuxAirport bauscht och nëmmen op, mee ënnert dem Strich steet do dat nämlecht wat ech hei ouwe geschriwen hunn.
Mat Ëmklammeverbindung(en) a Code-sharing kënne mir natierlech all Kouhduerf op der Welt mat Lëtzebuerg verbannen a esou dee gréissten Bäitrag weltwäit op der Wikipedia schreiwen...
Bei der Gare an der Stad kënne mir dann awer och gläich Peking an Ulan-Bator als Verbindung uginn
De Code-sharing ass ee Wee woumat eng Fluchgesellschaft eng Stréck kommerzialiséiert déi se sëlwer net uflitt. Wa mir Paräis, wat vun der Luxair geflu gëtt, zousätzlech als Air France drasëtzen, da si mir sou gutt a setze Frankfurt, Berlin an Hamburg och als Lufthansa derbäi. --Jwh 08:48, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]
Merci Jwh fir d'Erklärungen! Ganz d'accord. --Zinneke 10:29, 8. Jun. 2011 (UTC)[äntweren]

Code-share Flich[Quelltext änneren]

Moien,

Wier et ne méi richteg a méi "éierlech" déi ganz Code-sharen eraus ze huelen. De LuxAirport setzt wuel Allméigleches dran, well so domat warscheinlech méngen un Importenz ze gewannen.

Also d'Alitalia, Lufthansa an Austrian eraus - dat si lauter Luxair Flich.

Iwwregens huet d'Iberia d'Vueling op Barcelona och gecodeshared, grad wéi d'Luxair d'Hahn Air op Düsseldorf. D'American codeshared den Heathrow vun der British.

Um Frankfurt Lëtzebuerg kritt ee lo vun der Luxair Stewardesse Merci gesot datt ee mat der Luxair, Lufhansa, LOT an Turkish geflunn ass - dat bréngt jo awer dem Artikel näischt...

Wat ass soss d'Meenung? --Jwh (Diskussioun) 13:51, 13. Dez. 2012 (UTC)[äntweren]

Passerelle[Quelltext änneren]

Den Terminal B ass vum Terminal A duerch déi al Aerogare getrennt an ass dofir elo sou laang zou, wéi déi net ofgerappt ass. Duerno sollen déi zwéin Terminalen duerch eng Passerelle matenee verbonne ginn

Ass et méiglech datt déi an der Tëschenzäit fäerdeg ass? --Les Meloures (Diskussioun) 08:33, 24. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

Neen, do gëtt sech Zäit gelooss... --Jwh (Diskussioun) 08:51, 24. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]
Gëschter housch et an den Noriichten, et sollt e ganzt Gebai, mat Butteker e tutti cuanti sinn, net just eng Passerell...--Zinneke (Diskussioun) 11:41, 24. Okt. 2014 (UTC)[äntweren]

hier fehlt mei info zur Geschichte vum Flughafen, z.B. die Pionier-Flugverbindung von lux über KEF/REK nach New York City, die Luftgeselschaft 'Loftleidir-Icelandic-Airline' und 'Icelandair', sowie 'Air-Bahamas', und andere frühere/(nicht mer existirende) Fluggeselschaften.


(p.s. jehmand der Luxemburgish schreiben kann, bitte mach dat. excuse me net auf Luxemburgisch zu schreiben, hab es nie gelernt, luxemburger-primär school 70'ger und anfang 80' Jahre,(letzes jahrhundert), dann gab es dat Schulfach-Luxemburgishe-Rechtschreibung noch nicht.)

Moien och
Soubal wéi mer een hunn deen dat alles weess an op de Pabéier bréngt gëtt dat bäigefléckt. --Les Meloures (Diskussioun) 15:51, 16. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]


kuck bei den Verein-vun-islänner-zu-letzebuerg, (oder so, eng kulturelle a.s.b.l.) -(offiziel: Félag Íslendinga í Lúxemborg- Association des Islandais au Luxembourg) , dei hatten mitte vun de 90er Johren(letzt-Jarhundert) e Buch publizeïre gelos, wat zu dem thema komplet geschicht verzielt, mat e stapel vu bildern vu historesche flugzeugen um findel, titel: 'landnám íslendinga í L.' (islännesch, bedeut soviel wie 'eng islännesch colonie zu letzebuerg' oder so.) . kuck och -http://www.luxarar.com/node/2 .

disambigue 'ANA'[Quelltext änneren]

oppasse w.e.g. -ech stelle fest dat am eiste Abschnitt de name vu der Behörde ' d'Administration de la navigation aérienne ' mit der ofkirzung 'ANA' bezechnet ass(ech wees net ob et lo officiel as). dat kann zu verwechslunge füren. zur info,: 'ANA' ist de logo bezechnung von: ' All Nippon Airways ' - e japaniche luftgeselchaft die mann ab-u-zo um Findel sehen kann( im fracht-bereich).

kuck z.B. -www.ana.co.jp/asw/wws/us/e/

Ass dat do net e bësselche mat den Hoer erbäigezunn. Wann do steet Administration de la navigation aérienne (ANA), da muss ee scho verkorkst Gedankenzich maachen, fir ze denken datt den ANA sech op All Nippon Airways bezitt, ouni mol z'iwwerleeën datt déi portugisesch ANA deem Sujet méi no steet, oder ze vergiessen datt et och de Kierzel vun enger grichescher Presseagentur ass, nëmme fir de epuer ze nennen. Et schéngt hei jiddwerengem kloer ze sinn, wat gemengt ass, just engem net. --81.244.214.219 11:19, 20. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]