Diskussioun:Franséisch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et gëtt am Moment ronn 230 Linken, déi op "Franséisch" verweisen an domat just d'Sprooch mengen. Et wier dofir vläicht besser, "Franséisch" fir d'Sprooch ze huelen an uewen op der Säit e Link ze maache Genre "Dës Säit ass iwwer déi Franséisch Sprooch. Kuckt och: franséisch (adj.) als Adjektiv. --Otets 15:30, 7 September 2005 (UTC)

Ech stëmmen dem Otets zou: soss missten déi honnerte vu Linken, déi d'Sprooch mengen, an heihinner linken, vun Hand a "Franséisch Sprooch" geännert ginn.

Well d'Adjektiv "franséisch" sech jo sou gutt ewéi ëmmer op Frankräich bezitt, sollt een dat am beschten als "[[Frankräich|franséisch]]" schreiwen.

De klengen Zousaz uewen, wéi vum Otets proposéiert, ka gär do stoen.

Dovunner ganz ofgesinn: Kompliment fir deng Artikele bis ewell!

--Zinneke 16:46, 7 September 2005 (UTC)

Ech si mat iech allen zwee d'accord an ech loossen Iech "al" Huesen gär gewärden. Dir maacht dat scho gudd. Et war och nëmme sou eng Iddi.

Ech probéieren da vläicht, wann ech Zäit a Loscht hun, en Artikel "Franséisch" iwer déi franséisch Sprooch ze maachen.

--Carlos 19:01, 7 September 2005 (UTC)