Diskussioun:Gëft

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

A woumat ginn dann elo d'Parenchymgëfter ersat? An deem Fall missten d'Amanitinen ernimmt ginn. An dobäi feelen nach d'Isoxazolen, mee da géif nees d'Wierkung eng Roll am Klasséiere spillen. --Cornischong 21:45, 29 November 2005 (UTC)

ech färten déi Klassifikatioun muss souwisou nach eng Kéier iwwerschafft ginn - menger Meenung no entweder der Stoffgrupp oder der Origin no - an en 2. Abschnitt muss dann déi verschidde Wierkungsweise opzielen (dësen 2. Abschnitt kann och zäitlech virun der Iwweraarbechtung vun der Klassif. kommen) --Marcus 21:59, 29 November 2005 (UTC)

Origin fir d'Klassif. schengt mer awer villäicht méi sennvoll, well der Stoffgrupp no musse mer d'ganz Chimie opzielen - an all Stoffgrupp ginn et jo Gëfter --Marcus 22:01, 29 November 2005 (UTC)

Ech fäerten och, ech fäerten, datt nodeems dës Opzielung, déi net aus de Fangere gesuckelt ass, dat selwecht Lous erwëscht wéi d'Saach mat de fënnef Räicher. Nodeems se op d'Kopp gehäit gouf, läit alles brooch. --Cornischong 22:21, 29 November 2005 (UTC)

bon, dann ebe keng Reorganisatioun (ech fore mech zwar firwat de Fait datt mer elo 3 Domäner an an engem dovun 4 Räicher hunn, een dervun oofhält Artikelen ze schreiwen, sief et iwwer Aarten oder soss Taxa), mee dann awer w.e.g. ebesse méi Stringenz an där net aus de Fangere gesuckelter Klassif. z. B. Aluminium ass kee Schwéiermetall, Beryllium och net; Kuelenoxid gett et net, entweder Kuelestoffmonoxid (saugëfteg) oder Kuelestoffdioxid (do verdroe mer schonns méi héich Konzentratioune); d'Toxine vun de Bakterien sinn verschwonn (dobäi produzéieren déi z. B. Butolin); Sauerstoff als Reizgas ??? mee fir de Rescht halen ech mech elo aus dësem Beräich eraus. --Marcus 22:45, 29 November 2005 (UTC)