Diskussioun:Gaalgebierg (Bieles)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

wéi scho gesot (cf. Diskussioun Bieles) de Gaalgebierg woar, ass a gëtt keng Kopp. :-) arachnaeus 17:24, 4. Okt. 2010 (UTC)

Moien,

E Landschaftsdeel dee vu senger Ëmgéigend erausstécht well e méi héich ass ka scho gär als Kopp bezeechent ginn. Vu datt d'Spëtz vum Gaalgebierg, grad esou wéi déi vum Metzerbierg a vum Pakebierg sech duerch en Niveausënnerscheed zu der Géigend ronderëm mat bis zu iwwer 50 Meter eraushieft, kann ee scho vun enger Kopp schwätzen, och wann déi Bielesser eng Plaz déi dertëscht leit Köppchen nennen, da si mer nach ëmmer bei enger klenger Kopp. Datt déi Erhiewung op engem Plateau ass deen u sech scho relativ héich ass, spillt doderbäi keng Roll. Water Bëgrëffer ausser Bierg, Kopp, Knapp, an Hiwwel kenne mer am Lëtzebuergesche soss nach fir esou Landschaftsformen, déi duerch hir Héicht aus dem Terrain erausstiechen? Wann et besserer gëtt kënne se gäre gebraucht ginn.

Ech ginn nach als Beispill d'Wuermeldenger Köppchen, dei och den Ausleefer vun engem Plateau ass dee vun Uewerdonven eriwwer laanscht Wuermeldeng, Ohn an Éinen leeft, an esouguer méi niddreg wéi d'Moyenne vun deem Plateau ass. Et géif awer kee Mënsch behaapten et wier keng Kopp.

Les Meloures 18:29, 4. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]