Diskussioun:Gare Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Et ginn en etlech Skulpturen un de Maueren. Eng vun deenen ass den éischte Chef de Gare de Jopseph Junck. Et wier nawell intressant fir dovunner e Bild ze kréien.

Les Meloures 09:11, 26. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Intressant wier et schonn, mä leider momentan onméiglech: Ronderëm d'Gebai steet eng Stee déi keng fotographesch Aproche zouléisst. Also: Affaire à suivre ... --Pecalux 08:51, 29. Mee 2010 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

D'Gebai ass an der Kategorie „Bauwierker 1859“ klasséiert; dat Baujoer bezitt sech awer op dat ursprünglecht hëlzent Gebai; „Dat haitegt Gebai gouf tëscht 1907 an 1913 am neobarocke Stil, "Miseler Barock" genannt, gebaut“. Misst et deemno net éischter an der „Bauwierker 1913“ klasséiert ginn? --GilPe (Diskussioun) 09:18, 13. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, ech mengen et kann een ouni Problem déi zwéin Datummen uginn. Mir hunn dee Fall nach bei e puer Gebaier wann ech mech net ieren. --Les Meloures (Diskussioun) 09:30, 13. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

Jo, OK, ass schon bäi gesat; Merci. --GilPe (Diskussioun) 10:46, 13. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, mir hunn de Fall effektiv scho bei e puer Brécken iwwer d'Musel. --MMFE (Diskussioun) 11:28, 13. Dez. 2014 (UTC)[äntweren]


Gleiser a Quaien[Quelltext änneren]

Bei 10 Gleiser hu mer 9 Quaien. Dat schéngt zimmlech onwarscheinlech. Wouhier kënnt déi Informatioun. --Les Meloures (Diskussioun) 14:11, 6. Sep. 2021 (UTC)[äntweren]

D'Stater Gare huet 13 Gleiser déi fir de Persounentrafic accessibel sinn.
Wann et dem Quotidien no geet sinn et der souguer 14 a wann et dem physeschen Zoustand an der Gare no geet sinn et der nach ëmmer nëmmen aacht. D'Opdeelung déi d'CFL mécht, well op engem Gleis gläichzäiteg zwou Destinatiounen zerwéiert ginn, hunn näischt mat der Tatsaach ze dinn datt an der Gare nëmmen 8 Gleiser op Quai leien an deemno fir de Persounentraffic accessibel sinn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:48, 13. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
PS: Den Document de Référence du Réseau 2021, 2022, an 2023 schwätzt nach ëmmer nëmme vun 8 Gleiser. Soll d'CFL manner wësse wéi d'Wort oder Tagelblatt oder de Quotidien--Les Meloures (Diskussioun) 14:03, 13. Dez. 2021 (UTC)[äntweren]
Bei enger Visite des lieux hunn ech haut 6 Quaien an 13 Gleiser gezielt. D'Quaien hu keng Nummer an d'Gleise gi vun 1 bis 5 a vu 7 bis 14 (6 gëtt et net méi). GilPe (Diskussioun) 20:48, 11. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Wéi et es schéngt sinn et der souguer 14, dovun 13 op Quai. Den Document de Référence du Réseau schéngt net à jour ze sinn. Ech hunn d'Saach weidergerreecht. --Les Meloures (Diskussioun) 22:18, 11. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]