Diskussioun:Gau

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et gi nach méi Gauen wéi z.B.:

E Landschaftsdeel,
E Verwaltungsbezirk am Dàitsche Räich,
Eng Verwaltungseenheet op der Pazifikinsel "Nauru",
E Verwaltungsbezirk am alen Egypten,
Ofkiiirzung vun "Grösster anzunehmender Unfall",
eng Insel vun de Fidschi-Inselen,
e liicht Bäiboot.

Quell: däitsch Wiki. Fazit: eng Homonomiesäit drängt sech op. -- Carlos 07:50, 22 November 2005 (UTC)


Da looss mer eis dat emol ukucken:

"E Landschaftsdeel": dat heescht am Lëtzebuergeschen "e Ga" (Quell:Luxemburger Wörterbuch, Band 2, Säit 3)
"E Verwaltungsbezirk am Dàitsche Räich": Am Artikel "Reichsgau" fannen ech: "Reichsgaue gab es innerhalb des Deutschen Reiches in der Zeit des Nationalsozialismus von 1939 bis 1945 (!!).": Dat gouf offiziell "Gau" genannt, an net "Reichsgau". Zuguer deen eenzege Weblink an deem Artikel féiert op NS-Gaue.
"Eng Verwaltungseenheet op der Pazifikinsel "Nauru": No der däitscher Wiki sinn op Nauru "Nauruisch, Englisch" déi do gebrauchte Sproochen, ech ka mer net virstellen, datt déi "Gau" fir eppes gebrauchen, ofgesinn dovun, datt um Ufank vum Artikel "Administrative Gliederung Naurus" steet "Der Staat Nauru ist in 14 Distrikte unterteilt"; dat ass jo nees eise Begrëff "Ga"
"E Verwaltungsbezirk am alen Egypten": " ... im alten Ägypten über Jahrtausende gültige Verwaltungsbezirke entlang des Nils ..."
"Ofkiiirzung vun "Grösster anzunehmender Unfall",: Et kënnt mer net vir, wéi wann et am Lëtzebuergeschen déi Ofkierzung gëtt: am Franséischen heescht se "accident majeur", am Engleschen "MCA" :(maximum credible accident, oder worst case scenario (alles no Langenscheidt). Wéi soll ech mer virstellen, datt mär an der lëtzebuergescher Wiki eng däitsch Ofkierzung mat eranhuelen??
"eng Insel vun de Fidschi-Inselen": An der däitscher Wiki steet: "die ehemaligen Grenzen der früheren Gaue, welche bis..."; dat wir eventuell eise Begrëff "Ga"; just, wann et e Verwaltungsbezierk ass, dann ass et sécher kee "Ga".
"e liicht Bäiboot": Ech bezweifelen, datt et dat Wuert am Lëtzebuergesche gëtt fir e "liicht Bäiboot"; et steet net am "Luxemburger Wörterbuch". Am "Duden - Das große Wörterbuch der deutschen Sprache (6 Bänn) fannen ech ënner "Gau" iwwerhaapt näischt vun iergendengem "Boot", am Duden Universalwörterbuch iwwregens och net.
Fazit: Anscheinend hu mär mam "däitsche" Begrëff "Gau" näischt ze dinn, ausser mat Begrëffer "Gau", "Gauleiter", "Gauleitung" an esou, mat deene mer vill ze laang ze dinn haten.

(Text vum Cornischong, die vergiess hat, z'ënnerschreiwen)

Da loosse mer mol äntweren: Entweder hun ech bis haut nach net verstan ëm wat et hei geet oder ech sin domm ewéi e Plach (lëtzebuergescht Wuert). Ech gesin an dass de Wikipedia mir eng Klass ze héich ass an hu beschloss an Zukunft Keele spillen ze goen. Äddi a Merci fir d'Beléierungen. (Text vum Carlos)