Diskussioun:Gebeess

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Weess vläit een hei wou den Numm hirkënnt? Merci! --Jwh 08:35, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Hunn ech mech och scho gefrot. Am Hollännesche (dat sproochlech deelweis méi en alen Entwécklungsstand huet ewéi Lëtz.) si "Besen" Bieren (Äerdbier, Hambier, asw.). Vläit ass do den Zesummenhank ze sichen ("Ge-Bees" = "Ge-Biers")? Schliisslech ëntsprecht eist "Ge-méis" och dem hollännesche "moes" ("mus" ausgeschwat). Dat ass awer just eng Iwweleeung vu mär, faute de mieux, ouni datt ech dat iergendwous beleeë kinnt. Huel et also héchstens als eng Undeitung vun enger Piste ;-) --Zinneke 09:20, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Aus dem Lexicon der Luxemburger Umgangssprache: Gebees, pl. -ser, n., das Eingemachte, Confect, Muß, Latwerge, die Obstspeise, la confiture, compote, marmelade. -- Vergl. beizen, confire; bair. Gebätz, weiche, klebrige Materie.--Fliedermaus 09:28, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci Fliedermaus. Et geet näischt iwwer gutt Quellen, dat erspuert engem munnech Geréits ;-) --Zinneke 09:34, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Immens! Merci! --Jwh 09:45, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Gär geschitt.--Fliedermaus 10:35, 27. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]