Diskussioun:Geckeg Knippchen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Op wat maache mer d'Interwikien wa mer eng Kéier en Artikel iwwer den Nerv kréien.

Ass d'geckeg Knippchen net dat war d'Fransousen olécrane oder olécrâne nennen.

Les Meloures 17:35, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Kuck emol hei: de:Nervus ulnaris, fr:Nerf ulnaire, en:Ulnar nerve --Pecalux 17:59, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Moien,
Ebe just. Dat ass et wat mer net gefällt, datt den Nerv als Interwiki fir d'Geckeg Knippchen do steet.
Dofir jo och meng Fro hei uewendriwwer. Wat maache mer als Interwiki wa mer en Artikel iwwer den Nerv kréien?
Les Meloures 18:14, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Wou ass de Probleem? Herno gëtt eisen Ielennerv mat deenen hirem "nervus ulnaris" verlinkt, an dann huet et sech. Just mat der en mussen eis zwee , den Nerv an d'Knippchen, op deeselwechten Artikel verlinkt ginn. Firu mam Jabel. --Cornischong 18:19, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Da muss ech mech enstschëllegen, datt ech dat mat den Interwikien nach ëmmer net bekäppt hunn. Bis elo goufen op jiddferfall nëmmen déi Lemmaen verlinkt, déi dem selwechte Lemma an enger aner Wiki ensprach hunn. Gëllt déi Reegel net méi?. Les Meloures 18:33, 18. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Am Prinzip gëllt déi Reegel nach, mee wann eng Wiki decidéiert zwee Lemmaen an engem Artikel ze behandelen (also dann noutgedrongen ënnert engem gemeinsame Lemma), dann hu mer eng Ausnam. Dat war schonn ëmmer esou, och wann et vläit net esou bekannt war. --Otets 21:28, 19. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,

Wéi wëllst de dann déi Ausnam mat Interwikie behandelen? Les Meloures 21:50, 19. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Majo, déi Wiki mat zwee Artikelen weist an hiren Interwikilinken all Kéiers op deeselwechten Artikel an deer anerer Sprooch. An déi Wiki mat just engem Artikel ka sech jo nees un de Prinzip halen a just op deeselwechte Lemma verlinken. --Otets 20:04, 20. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]
Wëll nach ee Popcorn oder e Frisko? --Cornischong 22:44, 20. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


Wat soen d'Botten dozou déi d'Interwikilinke maachen? Sinn déi mat sou komesche Praktiken d'Accord? A ginn déi eens domat. Ech menge guer net, soss krite mer net sou dacks Interwikie vun engem Botmaster manuel verbessert.
An deem hei konkrete Fall goungen d'Interwikien bis op eng Ausnahm op den Ielennerv, an ech hun a kengem vun deenen Artikelen eppes vun der Geckeger Knippche fonnt.
Een Interwikilink goung op ee Redirect, wat souwisou vun de Botten éliminéiert gëtt. Wann een Interwiki op eng Explicatioun an engem Artikel mat engem anere Lemma geet, da muss déi Explicatioun an deem Artikel eng Iwwerschrëft hunn, an den Interwiki muss direkt op déi Iwwerschrëft weisen.
Dat nëmme just zum praktesche Gebrauch Les Meloures 21:32, 20. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]