Diskussioun:Generalitat de Catalunya

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

't ass zwar interessant, sou eng Lëscht mat Dosene vun Nimm, mee: Ëm wat geet et hei??? --Cornischong 17:02, 2 Oktober 2005 (UTC)

Katalaneschen oder kastillaneschen (spuenesche) Lemma?[Quelltext änneren]

Moien,

elo grad gouf d'Lemma vu sengem katalaneschen op de spuneschen Numm geréckelt. Well et d'Verwaltung vu Katalounien ass, an d'Katalanen nun eemol vill op hir eege Sprooch bei hinnen halen, wier et net besser, de Lemma sou ze loossen, wéi si sech selwer offiziell nennen, d.h. Generalitat de Catalunya? Wat mengt d'Vollek? --Zinneke (Diskussioun) 10:25, 10. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, Wann een esou kuckt wéi dee Lemma an den anere Wikië behandelt gëtt, gesäit een datt et keng eenheetlech Reegele gëtt. Ausser op der spuenescher Wiki benotzen déi meescht aner éischter déi katalanesch Variant, en Deel awer a Kombinatioun mat hirer eegener Sprooch, wat bei eis géif zum Lemma "Generalitat vu Katalounien" féieren. Wann et bei eis keng fest Reegel gëtt wéi esou Fäll solle behandelt ginn, ass fir mech béides akzeptabel. --MMFE (Diskussioun) 13:11, 10. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]


Moien,
Mol just eng Informatioun am Virfeld vum Réckelen. Wéi d'katalounescht Lemma mir opgefall ass hunn ech mer als éischt geduecht: A watereng komesch Saach ass dat do? (Et war mer virkomm wéi eng Mëschung aus Däitsch, Franséisch a Spuenesch). Du sinn ech mol kucke gaange wéi dat bei de Spuenier heescht. Dunn hunn ech do gesinn datt dat dee Lemma wier op deen ech geréckelt hunn. Ech hat an deem Ament net un déi katalounesch Versioun geduecht (oder ass et katalanesch -- hei misste mer ons och iwwer d'Adjektiv eens ginn) . Well d'Spuenesch déi offiziell Sprooch ass, déi vun der ganzer Natioun unerkannt gëtt, wier dat vläicht fir onse Gebrauch d'Standartvariant. Ech ka mech awer och mat den offizielle Regionalsproochen offannen (z.B. a Katalounien Spuenesch, Aragonesesch a Katalounesch an déi dräi Varianten am Lemma wéi bei den zweesprochege belschen Artiken gebrauchen, wou lb:Wiki och déi eenzeg ass déi dat mécht ausser ech hunn eng iwwersinn ). Et mécht just kee grousse Spaass fir all Kéier bei engem spuenesche Lemma kucken ze goen, wéi dat elo regional heescht, op et nach wierklech an där Regioun läit oder e Kilometer dervun, awer déi meescht an deem Eck nach sou soen. Et ass deemno eng Decisioun fir all spuenesche Lemma ze treffen. Mir missten ons ee fir allemol entscheeden op mer de Regionalvariante Prioritéit ginn oder am grousse Ganzen engem standartpuenesche Lemma. Mir kënnen awer och wéi verschiddener et maachen a probéieren z'iwwersetzen, an dësem Fall wéi den MMFE mengt "Generalitat vu Katalounien" wat eng Méiglechkeet wier oder "Generalitéit vu Katalounien" wat eng aner wier oder nach e puer aner Varianten

Dofir proposéieren ech dës Diskussioun op de Staminet ze verlageren an do iwwer déi spuenesch Lemmata ze diskutéieren, wéi se an Zukunft solle behandelt ginn, an och wéi déi, déi scho bestinn op d'Regionalsprooch solle konsquent adaptéiert ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 13:51, 10. Jan. 2014 (UTC)[äntweren]

Apologies for not writing in Luxembourgish, but the current title of the page is surprising to say the least. This is the Luxembourgish Wikipedia and the article deals with a Catalan institution... yet it bears a Spanish name? Sorry, but that's nonsense. The page should be either "Generalitéit vu Katalounien" (in the language of this Wikipedia) or "Generalitat de Catalunya" (in the native language of the institution). Note that all other Wikipedia editions use one of these two options. Have a nice day.--Leptictidium (Diskussioun) 15:36, 19. Feb. 2014 (UTC)[äntweren]