Diskussioun:George Carlin

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

HBO Specials (Extrait)[Quelltext änneren]

Ech si weder Komiker, nach Schauspiller oder Auteur. Dofir ergëtt d'Iwwerschrëft vum Ofschnëtt HBO Specials (Extrait) fir mech kee Sënn, ech ka mer näischt dorënner virstellen. Fro: Kann een dësen Ofschnëtt net esou benennen dass jiddereen dee schreiwen a liese kann dat versteet? --Pecalux 09:19, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

OK, elo weess ech wat HBO ass. Mee wat ass HBO Specials? --Pecalux 10:41, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,

Sou wäit wéi ech erausfonnt hunn, huet HBO verschidden Departementer an deene sougenannt Specials gewise ginn. Dat schéngt e fixen Term am englesch oder amerikaneschsproochegen Televisiounsberäich ze sinn an dee sech zimmlech iwwerall am Medieberäich agebiergert huet. Ech weess net op een dat elo mat Spezial soll iwwersetzen. Mer soe jo och net fir e Computer en Zesummesetzer.

Allerdéngs ass den Artikel HBO eréischt e klengen Ufank, an deem dat wann en eng Kéier soll ausgebaut ginn, misst opgefouert ginn. Les Meloures 11:27, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]