Diskussioun:Girl with a Pearl Earring (Film)

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Do kéint et e Problem mat den Interwikie ginn: Eisen Artikel dréint (bis op d'Bild) exklusiv ëm de Film! Déi "aner" hu Gemëschtes: En Artikel iwwer dem Vermeer säi Bild mat engem Kapitel iwwer de Film. Anerer dänzelen tëscht Bild a Film. --Cornischong 13:10, 18 Oktober 2005 (UTC)

Da bréichte mer vläicht eng Homonymiessäit. Mee déi Decisioun huelen ech net eleng. --Otets 13:46, 18 Oktober 2005 (UTC)

An nach eppes: Sou wäit wéi ech weess, heescht d'Bild "D'Meedche mat der Pärel". Weess een dat méi genee? --Cornischong 13:14, 18 Oktober 2005 (UTC)

Eis hollännesch "Kollegen" nennen d'Bild "Het meisje met de parel". Also näischt mat Ouerrrank, also net deeselwechte Numm wéi de Film, also fir d'Bild en eegenen Artikel mat engem aneren Numm. Wa mer mol un e Filmplakat sollte kommen, spillt dat an dësem Artikel éischt Gei. --Cornischong 14:29, 18 Oktober 2005 (UTC)

d'Buch net vergiessen![Quelltext änneren]

Virum Film war dem Tracy Chevalier säi Bestseller-Roman, op deem e baséiert. --Zinneke 16:29, 18 Oktober 2005 (UTC)

Jo, mee ... wa mer mol wëssen, ob mer een Artikel fir déi zwee (Film + Buch) maachen oder wéi. --Cornischong 19:06, 18 Oktober 2005 (UTC)

Ass d'Léisung am Artikel net gutt, Cornischong? Johnny Chicago 23:15, 18 Oktober 2005 (UTC)

Beim "Numm vun der Rous" hu mer en Artikel "Der Name der Rose" iwwer de Film, an en aneren (oder éischter en Hauch vun enger Anung vun enger Iddi vun engem Artikel), "Il nome della rosa" iwwer de Roman. An hei soll dat anescht sinn!? --Cornischong 23:32, 18 Oktober 2005 (UTC)

Iwwregens ass d'Diskussioun 264 Wierder grouss an den Artikel huet der 204. --Cornischong 00:58, 19 Oktober 2005 (UTC)

An desem Artikel ass de Num vum Film a vum Buch an der selwechter Sprooch an identesch, wat beim Name der Rose net de Fall ass. Johnny Chicago 09:02, 19 Oktober 2005 (UTC)