Diskussioun:Glëtz

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dat Wuert gesäit sech sou harmlos un, mee et huet et a sech. D'Luxemburger Wörterbuch seet eis, datt Glëtz deem däitsche "Glatteis, Eisregen" géif entspriechen an zitéiert als Synonym "Glëtzäis". Dat Wuert "Graupel" fannen ech am Lëtzebuergeschen net. Am DLW steet ënner "Eisregen" Glëtz. Wann ee gär e Link op déi de-Wikipedia maache wëll, da gëtt et scho méi komplizéiert; déi hunn "Eisregen" --> dat direkt op "Eiskorn" weist, mee do steet "siehe Eiskorn (im Unterschied zu gefrierendem Regen). An da si mer beim Artikel "Gefrierender Regen" a beim "Graupel". --Cornischong 09:40, 19. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]

Wann een den däitschen Artikel Gefrierender Regen mat onsem Glëtzartikel vergläicht mierkt een datt déi Definitiounen net déi selwecht sinn. D'Fransousen hu keen Artikel deen deem entsprécht, déi erklären dat am Artikel Verglas.

Les Meloures 10:44, 19. Nov. 2007 (UTC)[äntweren]