Diskussioun:Grande Peur

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Froen iwwer d'Bibliographie[Quelltext änneren]

"Albert Goodwin, The French Revolution, Hutchinson Univ. Library, London, 1970. (ISBN 0091050219) ": Halli. Gëtt et e Sënn, dem Goodwin säi Buch, dat am Ament an England an an den USA vergraff ass, hei mat der ISBN z'ernimmen oder et iwwerhaapt z'ernimmen? Bei Hutchinson ass dat Wierk schonns 1953 an der "Hutchinson's University library history series" erauskomm. Wa mer also d'éischt Oplo ernimmen, misste mer déi vun 1953 hunn, wann et sollt déi aktuellst sinn, da gëtt et keng an der Originalsprooch. Fir einfach déi engleschsproocheg Wikipedia z'iwwerhuelen war nach ni eng dankbar Aufgab. Et ass schued, datt op déi Manéier eis Bibliographien net déi néideg Opmierksamkeet kréien, well da ka keen eppes domat ufänken.
"Georges Lefebvre, La Grande peur de 1789, A. Brulliard, Saint-Dizier, 1957." Sou wäit, wéi ech et ka gesinn, ass dat Buch op Franséisch vergraff. Routledge huet et nach an den USA an an England a senger "Routledge Classics" Serie.
No wat fir enger Reiefolleg ass déi Bibliographie getässelt?
Dat waren déi puer Froen, déi mer d'Boxebeen eropgeklotert sinn. --Cornischong 07:50, 24 Abrëll 2007 (UTC)

Desweidere gëtt zweemol e "Curé" zitéiert ouni datt dobäi steet, wou dat Zitat hierkënnt. Ech hätt nawell näischt dergéint, wann ech emol eng Äntwert krit. --Cornischong 08:38, 30 Abrëll 2007 (UTC)