Diskussioun:Grouss-Hetteng

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hu gemengt am Stamminet hätt ee sech drop geeenegt gehat déi offiziel Uertschaftsnimm (baussent Lëtzebuerg) fir d'Lemmata ze benotzen. Firwat gëtt sech dann hei net dru gehal? Klunni 11:37, 7 Januar 2007 (UTC)

Gutt datt s du opgedaucht bass fir déi Fro ze stellen. Neen, déi Meenung ass en Iertum. Et kann een awer ouni ze zécke mengen, datt et net Grouss-Hetteng mee Hetteng oder Hetten wier. --Otets 18:06, 7 Januar 2007 (UTC)

Huet déi Gemeng och nach anner Uertschaften oder ass et nëmmen eng Uertschaft Puscas 11:50, 7 Januar 2007 (UTC)

Am Frankräich ass och déi butzegst Uertschaft bal sécher ëmmer eng eege Gemeng, dofir hat et mech net weider gestéiert wéi ech hei néierens eppes fonnt hu wat op de Contraire hindeite géif. Et gëtt zwar nach Soetrich, mee dat huet just de Statut vun enger "Cité" bannent der Uertschaft Grouss-Hetteng. --Otets 18:06, 7 Januar 2007 (UTC)