Diskussioun:Haaptstadregioun Bréissel

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

moien, a sorry, ech muss alt neess vierun dem eropluede/formatéiere vun de biller kapituléieren. se sinn allen dräi op der nl wiki, mee an engem anere format wi jpg, a ginn dofier nët ugeholl. e grousse merci un deen, deen dono kinnt kucken - technesch trucën si nun eemol net esou ménges ;-) Zinneke 10:08, 28 Sep 2004 (UTC)


Deng Biller sin do :) Aner Fro: wëlls de wirklech zu allen Uertschaften en Extra-Link op de flammänneschen Numm maachen wann et eng an déi selwecht Uertschaft ass ? Wollt mol nofroen :)

--Briséis 00:33, 8 Oct 2004 (UTC)

welcome back a merci fier d'biller files!
d'saach ass, dass deen een numm esou 'offiziell' ass wéi deen aneren. et kinnt een natierlech argumentéieren, dass fier lëtzebuergesch-sproocheger, soulaang se net zu bréissel wunnen (suivez mon regard), dee franséische méi geleefeg ass, dh, een de link op déi nl versioun ewechloosse kann. perséinlech hätt ech domat kee problem.
ech giff soen: loosse mer se mol stoen, falls eng kéier een ufänkt, sech deene verschiddene gemengen unzehuelen, da kann een nach ëmmerdoriwwer diskutéieren. Zinneke 12:30, 8 Oct 2004 (UTC)

bild gemengen[Quelltext änneren]

moien,

dat bild, wat gefeelt huet, ass op der selwechter säit vun der nl-wiki ze fannen, wéi déi aner zwéin, just e bësse méi wäit ënnen (do sinn och déi zuelen drop, déi hannert den nimm stinn).

wann ech schon derbäi sinn: des biller sin am format 'png'. wann ech dat wëll späicheren, gët mäi computer mer keng aner wiel wéi 'bmp'. a wann ech dat dann eropluede wëll, steet do, d'mist jpg sinn. weess du wéi ech dat gedréit kréien, dass ech selwer biller eroptässele kann?

merci,

Zinneke 08:59, 12 Oct 2004 (UTC)

Moien. Ech hunn der op dénger Diskussiounssäit geäntwert. --Cornischong 09:37, 12 Oct 2004 (UTC)