Diskussioun:Heinrich V. vu Lëtzebuerg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Léif Leit. An dobäi ass et weder "Woopen vun" nach "Wopen vun", mee "Wope vun" wéinst der Eifeler Reegel. --Cornischong 20:41, 17 Juli 2006 (UTC)

nëmme Grof vu Lëtzebuerg...[Quelltext änneren]

Ma daat ass nawell dëck falsch. Ech wollt mech als eicht sëlwer dru ginn vier daat ze verbesseren mee d'si mer ëmmer méi saachen agefall, a wéi ee gesait ass méi Lëtzebuergesch schreiwen nët extra an ech maachen eigentlesch nët méi bei wipipedia matt (logge mech nët méi ann).

Also kuerz an der Hoffnung dass een aktiven daat äennere geet.

Den Henri war Margrof vun Arël, Grof vu Lëtzebuerg a Laroche. Daat heescht en huet Arël vu sengem Papp geierwt Lëtzebuerg a Laroche vu sengem Grousspapp dem Henri de Blannen (nët senger Mam déi zwar kuerz an eegenem Numm regéiert huet, aawer zum Schluss mengen ech mech ze erreneren all hier Titelen un den Henri an den Gérard offginn huet. Da sinn do nach d'Titele vun Durbuy a Namouer. Deen eischte schengt un de Gérard gangen ze sinn (vum Henri de Blannen), mee et as nët ganz kloer (de Gérard ass Grof vun Durbuy, mee den Henri schéngt wéider séin suzerain gewiescht ze sinn). Deen zweete waar natierlech nie dem Ermesinde séin och wann hatt a séng zwee Männer daat emmer behaapt hunn. Reng rechtlech gesinn (den Henri haat d'Land schons virun dem Ermesinde sénger gebuert en viager verkaaft, de Baudouin vum Hainaut haat dofier och dem Kinnek/Kaiser séng ennerstëtzung, inklusive der Elevatioun vu Grofschaft zu Margrofschaft fier Namouer, da kennt derbéi dass d'Ermesinde vilaicht guer nët dem Henri séi Meedchen ass, do gett et rumeuren déi zumindest e besse logesch sinn (esou krank wéi den Henri waar)) schengt d'Ermesinde keng eng Grofschaft vu séngem Papp dem Henri de Blannen geierwt ze hunn. Mee seng Männer, hieren stéif Jong an du hier Jongen hun sech des erkämpft oder erkaaft.

Daat as alles recht Komplex. Also nach eng kéier méi einfach. Den Henri V huet Arël (vum Papp), Lëtzebuerg a Laroche (vum Grousspapp) geierwt. Namouer gung schons direkt nom doud vum Henri de Blannen un de Baudouin vum Hainuat (besser als Baudouin vu Flanderen bekannt), mee daat hu weder Ermesinde nach Henri V je unerkannt (méi genau, ech méngen zum Schluss vu séngem Liewen huet den Henri daat unerkannt). Durbuy war och eng Grofschaft vum Henri de Blannen a gung via d'Ermesinde a seng Männer un de Gérard.--80.90.53.23 13:48, 24. Abr 2008 (UTC)

Fir een, dee säi Kommentar mat "Ma daat ass nawell dëck falsch" ufänkt, ass dat wat hannendru kënnt vill Wand a wéineg Loft. Wann ech Sätz liese wéi "mengen ech mech ze erreneren" oder "schengt un de Gérard gangen ze sinn" oder nach "vilaicht guer nët dem Henri séi Meedchen ass" an "do gett et rumeuren déi zumindest e besse logesch sinn" dann erënneren ech mech u mäi Schoulmeeschter, deen eis sot: "Mengen a Botter schäissen ass zweeërlee". Wann déi Leit, déi vill menge sech "ze erreneren" ", hei net méi "matt"maachen, ginn ech net an den Eck kräischen. --Cornischong 16:48, 24. Abr 2008 (UTC)
Ma jo Cornischong deng äentwerte sinn nach ëmmer erstaunlëch, genau wéi di lescht Kéier wéi mer geschwaat hunn. Weg. lies emol e bessen no iwwert den Henri V an du fenns eraus dass daat waat ech do geschriwen hunn der Litteratur entsprecht. Mee nach eng kéier falls ett nët ganz klöer waar:
1) Den Henri V huet vum Henri de Blannen, sengem presumeierte Grousspapp zwou Grofschafte geirwt an eng drëtt as onklöer (de seleschte Problem kennt mat senge Kanner Henri VI and Walram fier). Dozou huet hien dann och nach d'Margrofschaft Arël vu séngem Papp geirwt. Daat heescht den Artikel gett em elo eng eenzeg wou en der drei haat an eng feiert entgéint all Erwarden spéider vu sengem Bruder u séin Enkeljong geet (trotz aaneren legitimen Ierwen).
2) De Recht vu mëngen Informatiounen huet am Endeffekt nëmme mat der Komplexer Situatioun ze döen, géif wuel eischter an den Ermesinde Artikel higehéieren.
Hunn elo och emol besse rondrem gekuckt waat soss an desem Kontext steet. Waat den Henri V ugeet ass nëmmen déi Daitsch Wikipedia eenegermosse Korrekt. Waat Ermesinde ugeet hunn ech dann emol e besse Mumpiz héi gelescht. Ween och nëmmen e bessen iwwert d'Stadtrechter geliest huet wees dass d'Buaeren domat naicht ze döen haaten. An dass d'Ermesinde eng Hellëg waar gleeft aawer haut och keen een Historiker méi, nëmmen de Jang de Blanne war vun de Lëtzebuerger méi Kriggerech.
Ech kucken emol eng Kéier wat genau erfuerdert ass fier d'Affiliatioun mat Wikipedia, wann et ob alle Wikipedia Site probleemer gett sou ass déi Lëtzebuergesch aawer déi diletantescht déi ech jeh gesinn hunn. An daat schengt haaptsächlesch un e puer Lait ze hänken déi naicht besseres ze man hu wéi onkonstruktiv Kommentaren ze man (also ob en.wikipedia géif een Cornischong's Kommentaren nëmme mat 'this is not a talk page' beäntwerten, net emol vun der Warnung wéint enger 'personal attack' ze schwäetzen). Hepp, da ginn ech erëm, wessen ass jo héi nët gefroot wéi et schénkt...--80.90.53.115 17:26, 24. Abr 2008 (UTC)
Nach eng Sach. Hu mer geduecht dass et och héi e puer Reegele gëtt. Ass zwar extrem Schwach. Mee do gëtt et och de Punkt: Respekt vis-à-vis vun deenen anere Wikipedianer: ennert Wikipedia:Reegelen. An falls de daat nët wees, och en annon as e Wikipedianer.--80.90.53.115 17:33, 24. Abr 2008 (UTC)
"Ma jo Cornischong deng äentwerte sinn nach ëmmer esou schlau wéi di lescht Kéier wéi mer geschwaat hunn. Da lies emol e bessen no iwwert den Henri V an du fenns eraus dass daat waat ech do geschriwen hunn der Litteratur entsprecht. Mee nach eng kéier falls de et nët ganz verstan hues:" schreift mär den arrogante Mataarbechter 80.90.53.23. Wat hat dee schlaue Cornischong gemaach? Ma deen hat just dem Bersserwësser 80.90.53.23 säi "Gemengs" zitéiert, a weider guer näischt. Datt de Mataarbechter 80.90.53.23 dem Cornischong den Heinrich wëll erklären, well dee jo nach nie eppes iwwer dee gelies huet, weist drophin, datt de Mataarbechter 80.90.53.23 de System vun der Wikipedia muss erklärt kréien. Do geet et drëm, Artikelen ze schreiwen, an net deenen anere Mataarbechter Schoulstonnen ze ginn. Mee, wéi sot deen Aneren: "Daat as alles recht Komplex". --Cornischong 09:39, 25. Abr 2008 (UTC)
Ma wees de waat Cornischong, ech ginn daat da mol wéider, wann ech fanne wou. Eng talkpage ass dofier do zum Artikel beizedroen. Ech wollt héi inteligent driwwer schwäetzen wéi een dësen Artikel kënnt verbesseren. Alles waas du héi matt dengen admin an bureaukrate Status mess ass Lëit ze beleidegen. Deng Zitater si schons interessant, ech wees nët waas du do gelies hues an ziteierst, mee d'haltschend dovun hunn ech nët geschriwwen.--80.90.52.23 09:48, 25. Abr 2008 (UTC)
Léiwe Mataarbechter 80.90.52.23. Well ech keng Zäit dofir hunn, muss ech dech vun elo un hei eleng loosse mat dem Heinrich. Ech sinn iwwerzeegt, datt dat dat Bescht ass. Fir den Heinrich, fir Dech a ................ fir mech. --Cornischong 10:05, 25. Abr 2008 (UTC)

Numm vum Grof vum Hainaut[Quelltext änneren]

Nenne mer dee Mann "Baldouin V" oder léiwer "Baudouin"? Déi zwou Forme verdroe sech net mateneen. Oder "Balduin"? --Cornischong 12:03, 25. Abr 2008 (UTC)

Villmools Merci. Da weess ech elo Bescheed.--Cornischong 17:36, 25. Abr 2008 (UTC)

Gebuertsjoer[Quelltext änneren]

De René Klein schreift am Bäitrag " 1281, Péiteng erhält de Fräiheetsbréif" aus dem Buch "Péiteng, aus der Geschicht enger Uertschaft" op der Säit 56, den Heinrich V. wier am November 1220 gebuer. Bei eis am Artikel steet e wier schonn 1217 gebuer, wat op eng Datebank vun der franséischer "Agence Bibliographique de l'Enseignement Supérieur" zréckgeet. All aner Wiki seet 1216, ouni dat awer ze beleeën. De Klein weess u sech vu wat e schwätzt, ech giff et éischter mat him halen. --Otets ♣ 04:00, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]

Deen als Bild am Artikel agebonnene Stammbam baséiert iwwregens op deemselwechten Artikel vum Klein. A fir et direkt ze soen, de Klein gebraucht net nëmmen di germanesch Form vun alle Virnimm (säin Artikel ass op Däitsch), mee e weist och nach aner Divergenze mat anere Wikien op: Bei him war den Theobald I. vu Bar, ier e mam Ermesinde vu Lëtzebuerg bestuet war, mat engem Isabella vu Bar-sur-Seine bestuet, di aner Wikie ginn deerselwechter Prinzessin vu Bar-sur-Seine awer den Numm Ermesinde. An alle Wikie feelen och als Kanner vum Heng V. d'Nonn Katharina an di zwee Baaschterten. --Otets ♣ 12:51, 5. Nov. 2017 (UTC)[äntweren]