Diskussioun:Heinz Rühmann

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Ech hunn den Text nach leider net verbessert. Maan dat den Nowend, mam Spellchecker.

--Maranello M 13:11, 13. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Et ass sécher interessant a wäertvoll en Artikel iwwert den Heinz Rühmann an eisem lb.Wiki ze hunn. Ech froe mech awer op et Sënn mécht, den Artikel aus der de.wikipedia einfach op Lëtzebuergesch z'iwwersetzten. --Sultan Edijingo 21:01, 13. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wat schwätzt dann do dergéint?
Et ass just net gutt wann iwwersat gëtt, an et gi falsch Informatioune mat iwwersat. Dat schéngt hei net de Fall ze sinn.
Les Meloures 22:17, 13. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn do och kee Problem, et sollt just am Artikel anzwousch ernimmt ginn, sief et an enger Foussnout, sief et mat engem Link op d'Versioun, déi iwwersat gouf. --Zinneke 23:50, 13. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien:

Ech hunn elo mol gekuckt wat da mam Spellchecker verbessert gouf.

Wann dat alles ass wat de Spelchecker opweises huet, dann ass et net déck.

Wann den Artikel an engem zweeten Ulaf, nach eng Kéier iwwerschafft ass, wäert dozou nach déi eng oder aner Bemierkung nokommen.

Les Meloures 11:04, 14. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour,
Leider sinn ech net mei zum Spellcherecker komm... hun mir missen Betriebssystem nei installeiern geschter Owend, maan daat dann Haut wann ech nees doheem sinn.
Leider krein ech vun dem PC hei den Spellcheker net un goen.
--Maranello M 11:36, 14. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]


Salut,

dat ass natierlech ze verstoen. Mä wier et net vläicht besser an Zukunft ëmgedréint ze schaffen, d.h. fir d'éischt spellcheckeren, iwwerliesen, an déi Boboen déi de Spellchecker net gesinn huet (e gesäit se nach laang net all) ze verbesseren, duerno déi komesch däitsch Sazbautricken ze verbesseren, an ze kucken op all Saz e Sënn huet (ech hunn elo mol déi, déi an där Form wéi se do stinn a kee Sënn erginn onsiichtbar gemaach), et stinn der nach zwéin oder dräi mat verdréintem Sazbau dran. Déi kommen awer haut nach un d'Rei.

E Resultat vun de Verbesserungsaktioune kënnt nach no, fir datt vläicht gemierkt gëtt, datt esou einfach aus dem Däitschen iwwersetzen net onbedingt dat Gielt vum Ee ass. Et gehéiert och e bësselche Lëtzebuergesch derzou. Dat soll Dech awer elo net ofhalen Artikelen ze schreiwen, mä just de System soll vläicht g'ännert ginn.

Les Meloures 12:25, 14. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Eegent Gebraddels eraus falsch opgepasst.

Les Meloures 16:12, 14. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]