Diskussioun:Highkey-Fotografie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Lo geet de Kabes mat de Këschte schonn nees lass. Well elo d'Artikelen no engem senger Meenung eng Këscht kréien, déi drop hiweist, datt et do ëm Fotografie geet, gëtt déi Foto, déi weist, ëm wat et geet, op d'Säit geraumt. Mer hunn eis alleguer drop g'eenegt, datt dat Gekëschts total iwwerflësseg ass! Ier also nees ee mat deem Mumpitzu ufänkt, wier et net schlecht, sech mat deenen aneren ofzestëmmen. Wa mer eis Artikele gäre mat Këschtercher opfëllen, da sinn ech op alle Fall dergéint. Beim Artikel Fotoapparat a beim Canon EOS Digital-Fotoapparaten huet et derzou geféiert, e bësse wäiss Plaz an den Artikel ze praffen!! A leschter Zäit gëtt sech hei iwwerhaapt mat allerhand Kinkerlitzercher amüséiert. Mee nei Artikele schreiwen bréngen der net vill iwwert d'Häerz. Amplaz all gudden Dag mat de Kategorien ze spillen, wier et un der Zäit mol hallef valabel Artikelen iwwer grouss Fotografen ze schreiwen. --Cornischong 22:20, 22 September 2006 (UTC)