Diskussioun:Himmelskierper

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nët en Objet "deen" sech um Himmel weist? Myriam 21:25, 23 Januar 2006 (UTC)H

"Nët en Objet "deen" sech um Himmel weist?": Dat ass nees eng vun de mysteriéise Froen. Wat bedeit déi Fro? Villmols merci fir eng Explikatioun. --Cornischong 21:37, 23 Januar 2006 (UTC)

Nee sou mysteriéis net: "dee" oder "deen"? Sorry sou sinn ech dat hei geléiert ginn mam schreiwen ;-) Myriam 21:42, 23 Januar 2006 (UTC)
Net nët! --Cornischong 21:46, 23 Januar 2006 (UTC)
net "geléiert ginn mam .." Eifel! --Cornischong 21:48, 23 Januar 2006 (UTC)

Hallo, a wat fir engem Film si mer da lo? Ouni der wëllen ze no ze trieden, etweder sinn ech am falsche Film, oder du???? Myriam 22:03, 23 Januar 2006 (UTC)

De Cornischong mengt zwou Saachen: 1. "net" gëtt ouni Treema geschriwwen. 2. Äifeler Reegel, d.h. en "n" kënnt virun n,d,t,z,h, Vokal a Sazzeechen. --Otets 22:06, 23 Januar 2006 (UTC)

Nee, firwat? --Cornischong 22:07, 23 Januar 2006 (UTC)


Merci dats de mech erëm op de Buedem erof bréngs, OK ass mer nach net a Fleesch a Blutt iwwergaang (also dat Lëtzebuergeg (ass warscheinlech och scho rëm falsch geschriwwen), mee ech gi mer méi, wierklech !!!!
Kee méi eng Äntwert? Myriam 22:42, 23 Januar 2006 (UTC)
"Kee méi eng Äntwert?" Dat sinn déi Sätz ouni Verb, déi net ze verstoe sinn.

Soll dat heeschen: "Huet kee méi eng Äntwert?" - "Gëtt kee méi eng Äntwert?" - "Wëll kee méi eng Äntwert?" - "Brauch kee méi eng Äntwert?" - "Erwaart kee méi eng Äntwert?" . Nach esoue Saz: " Merci dats de mech erëm op de Buedem erof bréngs, OK ass mer nach net a Fleesch a Blutt iwwergaang ...": U wien ass dee Saz adresséiert? Ass et eng Äntwert un den Otets oder un de Cornischong?? "OK ass mer nach net a Fleesch a Blutt iwwergaang": Wat ???? ass nach net a Flesch .... Also, eng kloer Fro, eng kloer Äntwert. Merci. :-)) --Cornischong 22:58, 23 Januar 2006 (UTC)

Mir ass et just em déi (sou wéi heescht dat lo?) grammatesch (oder orthographesch)) richteg Versioun gaang. Wat dann elo, ech ergi mech Myriam 23:19, 23 Januar 2006 (UTC)

"En Objet dee sech um Himmel weist". Dat ass esou wéinst der Äifeler Reegel (déi ech uewen op dëser Säit erkläert hunn). --Otets 00:54, 24 Januar 2006 (UTC)