Diskussioun:Hirschkou vu Keryne

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bonjour,

Ech liesen an der Kategorie: Geste vum Herakles. Sou wäit wéi mäi Lëtzebuergesch geet, verstinn ech ënner Gesten eppes ganz aaneschtes. Pierrenilles 09:27, 30. Dez 2007 (UTC)

Den Zolwerkanpp ass kee Parnass. :-/ Jo, et ass schlëmm. --Cornischong 14:38, 30. Dez 2007 (UTC)


Rebounjour,

Kann dann do näischt geännert ginn. Vläicht den Zolverknapp ëmdeefen oder d'Kategorie ëmddeefen Pierrenilles 10:20, 31. Dez 2007 (UTC)

Ier mer (!) mam Ëmdeefen ufänken, wier et vläicht net vu Mutwëll fir eis mol op dat neit Wuert z'eenegen. Hei soll ëmgedeeft ginn, mee op wat? Op Doten? Däerf ech dann nach drop hiweisen, datt dee gudde Mann mol Herkules heescht, mol Herakles. Einfach emol esou. --Cornischong 12:20, 31. Dez 2007 (UTC)


Moien
Dozou e puer Prezisiounen
Den Herkules ass 6 mol verlinkt an den Herakles 45 Mol
Da gëtt et nach déi heite Kategorien:

[+] Geste vum Achilleus [+] Geste vum Aeneas [+] Argonautegeste [+] Geste vun den Atriden [+] Geste vum Ödipus [+] Geste vum Bellerophon [+] Geste vum Perseus [+] Geste vum Herakles [+] Geste vum Theseus [+] Geste vum Odysseus

Deemno proposéieren ech dat heiten:
  1. den Herkules op Herakles verlinken
  2. d'Kategorië vun de Gesten op Doten ënzeänneren.

Les Meloures 13:25, 31. Dez 2007 (UTC)


Ass een dergéint oder derfir Les Meloures 18:20, 31. Dez 2007 (UTC)
Derfir --Pecalux 18:34, 31. Dez 2007 (UTC)