Diskussioun:Iechternach

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Homonymie ?[Quelltext änneren]

Ech wollt emol froen wisou eng Homonymie-Säit hei noutwänneg wor. Ech si mir secher datt 99% vun de Leit, déi Iechternach schreiwen, d'Stad Iechternach mengen.

Wéi ët och bei Wikipedia:Homonymie steet, soll een domat virsichteg ëmgoen, wann d'Schlagwuert zimmlech evident fir de gréissten Deel vun de Leit ass. Dee Moment gëtt einfach iwwert den Artikel geschriwwen

Dësen Artikel befaasst sech mat der Stad Iechternach. Fir de Kanton, kuckt w.e.g. Kanton Iechternach.

Reaktiounen ? :)

--Briséis 19:26, 14 Sep 2004 (UTC)

Wann een selwergemaachtener huet...emmer hier domat, soss froen ech mol ob een eng wellt oofgin :) oder ech gin der selwer maan

Ech hu keng vun Iechternach. Dat kann awer nach kommen. (Denk un déi 4 Tilden :-)) --Cornischong 16:19, 15 Sep 2004 (UTC)

Trooskneppchen[Quelltext änneren]

"Trooskneppchen Uewen um Trooskneppchen steet e Pavillion, vun wou aus een d'Vue iwwer Iechternach genéisse kann." Wann eng Iwwerschrëft "Trooskneppchen" heescht, wëll den Normalbierger mol wëssen wat et ass. --Cornischong 20:35, 25 November 2005 (UTC)

"Iechternach ass eng vun deenen klengste Stied am Land dofir awer eng vun deenen eelsten." "Dofir": Dat ass d'Logik mam Bräiläffel. Wat méi kleng, wat méi al. An dat och nach ouni Komma ....... --Cornischong 23:33, 5. Mäe 2008 (UTC)

Dat ze schreiwen amplaz et ze änneren ass, entschëlleg, och Brach. "Änneren" ass deen 3. Knäppchen uewe lénks. --Zinneke 17:21, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
.Moien
Elo ass de Brach g'ännert Les Meloures 18:13, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Just zur Rekapitulatioun:
Dee sougenannte Brach gouf de 5. Dezember vun der IP 134.130.243.133 dragesat. E gouf dunn de 5. Mäerz 2008 entdeckt, a gouf betalkt. Duerno gouf den Talk den 12. November 2008 entdeckt an nach eng Kéier betalkt. Du gouf et g'ännert vun deem deen elo d'Rekapitlatioun hei schreift. Dat ass nach ee gutt Resultat. Soss hu mer gewéinlech méi Talken, éier eppes g'ännert gëtt. Les Meloures 18:30, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

That's it, Folks?[Quelltext änneren]

A wann nees alles roueg ass, da mellt sech een, deen deem, deen et net g'ännert hat, seet, datt dat Brach ass, fir eppes ze schreiwen an et net z'änneren, mécht da genee dat selwecht a seet deem, deen et net verbessert hat datt fir et z'änneren, et deen 3. Reider uewe lénks ass. An doropshin ännert zu allem Kombel nach en aneren de Brach a schreift glécklecherweis nach eng Rekapitulatioun dobäi. Au suivant. --Cornischong 19:09, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Wéi laang solle mer dann elo nach Talken fir datt déi aner Feeler am Artikel och nach verbessert ginn. Solle mer dat iwwerhaapt maachen oder just eng Lëscht dervunner op d'Talksäit setzen. Les Meloures 19:16, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Uertschaften an der Gemeng[Quelltext änneren]

Bei den opgezielten "Uertschaften" handelt et sech duerchwees ëm "lieux-dits" a net ëm Lokalitéiten. Lauterbur kann een eventuell gëlle loossen, mat vill gudde Wëlle kann een och nach Melick, Fielsmillen a Roudenhaff bäibehalen, si ginn awer net als vun Iechternach separat Uertschafte betruecht. Well ech dem Auteur seng Iwwerleeungen net kennen, well ech him awer net mat Ännerungen an d'Handwierk fuschen. Dofir loossen ech emol alles stoen, wéi et ass.

Celsus 17:16, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien,
Deen, deen dat dragesat huet, hält sech esou wéi et op der lb:Wiki fir de Moment bei all Gemeng gemaach gëtt un Nomenclature des localités du Grand-Duché de Luxembourg sou wéi se am Annuaire officiel d'Administration et de Législation publizéiert sinn.
( http://www.legilux.public.lu/adm/annuaire_officiel/VOLUME1/III_annx/Nomlocal.pdf ) -- Les Meloures 18:05, 12. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien
Ech hunn alles verstan! 'T war gutt geduecht, well z.B. do wou d'"Uertschaft" "Lëschen" (Lütschen) leie soll, just e kënstleche Séi, awer weit a breet keng Uertschaft ass. Ech kann awer domat liewen!
Celsus 07:20, 13. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Moien Celsus,
à propos "Lütschen" just eng kleng Fro: Dir hutt net zoufälleg eng al Foto vum Lëschenhaus? Déi giff sech natierlech faméis maachen am Artikel mam selwechten Numm. --Zinneke 10:36, 13. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]