Diskussioun:International Agence fir Atomenergie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Slt, ass dee Lemma do richteg? Misst et net sinn "International Atomenergieagence"? Et ass jo eng intern. Agence fir Atomenergie, net eng intern. Atomenergie mam Numm Agence (?) --Bdx (Diskussioun) 13:11, 1. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]

Moien, am beschte "rëtsche" géif mer den Terme "International Agence fir Atomenergie", mee fir no um internationale Virbild IAEA ze bleiwen, géif ech proposéieren, et mat engem Bindestréch ("International Atomenergie-Agence") ze lemmatiséieren (och fir e Bandwuermwuert ze verhënneren, wann alles uneee geschriwwe wier).--Zinneke (Diskussioun) 13:58, 1. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]
Merci fir deng Propositioun! Gëtt et eng bestëmmten Ursaach, firwat e "Bandwuermwuert" net an der Rei ass? Froe just aus Interessi. Wa soss keen eppes ze soen huet, réckelen ech den Artikel dann op "International Atomenergie-Agence".--Bdx (Diskussioun) 10:09, 2. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]
Nee, mee éischter ästetesch Grënn, resp. wéinst der Lieserlechkeet (Vokaler um Enn an um Ufank, déi openeestoussen). --Z.
OK, verstinn ech. Ech waarden nach bis muer a wa bis da keen eppes auszesetzen huet, réckelen ech en. --Bdx (Diskussioun) 11:12, 2. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]


Korrekt Schreifweis ass Atomenergieagence Zesummegesat Wierder ginn am Lëtzebuergesche prinzipiell unenee geschriwwen. --81.243.60.57 12:42, 3. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech fannen "International Agence fir Atomenergie" am beschten, och wann et keng wuertwiertlech Iwwersetzung ass.--MMFE (Diskussioun) 13:29, 3. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]
D'accord mam MMFE --81.243.60.57 13:46, 3. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]
Fannen ech och gutt.--Bdx (Diskussioun) 17:39, 3. Sep. 2014 (UTC)[äntweren]