Diskussioun:Internet

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Firwat steet am Ufank "D'Internet" wéi wann d'Wuert weiblech wier? Herno liese mer neemlech "vum Internet" (an net "vun der Internet") an "een Internet" (an net "eng Internet").

Ech schloe vir, am Ufank "Den Internet" ze schreiwen. Merci.

Wann do "d'Internet" steet, wëll dat net onbedéngt heeschen, datt d'Wuert weiblech wier. Tjo, mär hunn am Lëtzebuergeschen ausser dem männlechen an dem weibleche "Geschlecht" bei de Substantiven nach eng Zort; an zwar den Neutrum. An dee war gebraucht ginn: "d'Internet" (d'Kand), an hermo liese mer "vum Internet" (vum Kand). Dat ass jo logesch. Am "Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch" zielen s'eis beim Internet "m/s". Déi zwee sinn also richteg. Nach eng Klengegkeet: An der Wikipedia ka jiddereen am Text ännere goen, soulaang wéi et "richteg" ass. --Cornischong 17:56, 30 Januar 2006 (UTC)