Diskussioun:Jéiner

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Roma oder net Roma[Quelltext änneren]

"se, am Géigendeel vun de Roma, eng hell Hautfuerw hunn ..." liesen ech am "Jéiner"-Artikel. Op der Websäit vun der Mariella Mehr gëtt si als "als Jenische eine Angehörige des Roma-Volks" virgestallt. --Cornischong 16:12, 13 September 2005 (UTC)

Dat ass eng gudd Fro. Am däitsche Wiki steet ënner "Jenische" an der éischter Zeil: Die Jenischen sind ein gelegentlich mit den Roma verwechseltes eigenständiges Volk. Ihre Herkunft ist ungeklärt". An daat ass daat eenzegt wat richteg ass: Sie wëssen et selwer nët. --Carlos 17:02, 13 September 2005 (UTC)

Daat ass och net Richteg dass mir et selwer net wessen. Et ass esou dass duerch den 2. Weltkriich vill vun eisen älsten sech Assimileiert hun an eis naicht weider vermettelt hun. Fest steht dass dei Jeinesch eng eege Minoritéit vu Fuehrenden an Europa sin an bis an 12. Jorhonnert no ze siiche sin. An der Schweiz, wou d'Mariella hierkennt, gouf et an den 80er Joren Tendenz sech op Politeschen Niveau als Rom ze bezeechnen waat jo einfach "Mensch" op Romnes bedait. Jiddefalls ass ganz kloer dass mir Europäer sin an eis Wuerzelen bis an daat 12. an souguer bis an 9. Jorhonnert zereck ze verfolgen sin. Eis Sproch ass och keen Dialekt, mee d'Rengform vum Jéineschen weist vill keltesch Wieder op, zum Beispiel Fäme = Hand a kënnt aus dem Kelteschen... Och eis Braich, Traditiounen an Symboler gin bis an d'Fréihmëttelalter zereck. Dir musst verstoen dass et lo mei einfach ass fir eis zu eiser Traditioun ze stoen ewei virun 60 Joer z.B... Eng Referenz ass daat neit buch vum Thomas Sautner "Fuchserde". Merci fir ärt Versteesdemech. (Jéineschen Bond Lëtzebuerg)

Jéiner oder Jéinen?[Quelltext änneren]

Laut Luxemburger Wörterbuch , Bd. 2, S. 229, ass et “Jéinen” (oder “Lakerten”) (net “Jéiner”). Och den Tockert (cf. Literatur) schreift: “Jéinen” (S. 23) (Joseph Tockert: Das Weimerskircher Jenisch, auch Lakersprache oder Lakerschmus genannt. Eine Händlergeheimsprache. Éditions Emile Borschette 1989, 48 S. (fir d'éischt erauskomm an de Vierteljahresblätter für luxemburgische Sprachwissenschaft, Volks- und Ortsnamenkunde 12-13 (1937/1938), duerno, a revidéierter Form, an de Cahiers luxembourgeois 1949. Ee Reprint vun der Editioun vun 1989 ass 2003 bei den Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, erauskomm).-- Kuck och: Diskussioun:Jéinesch. --Jamcelsus (Diskussioun) 13:07, 1. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]


Den richtegen Ausdrock ass 'Jéinesch' oder Jéinescher, an net Jéiner. Dëst ass sait Generatiounen eis Selbstbezeechnung. Lakert oder Lakerten ass déi regional Bezeechung vun eis Jéinescher zu Lëtzebuerg, sou wéi ët 'Schlausme' an der Eifel z.B ass. Jéiner a Jéinen ass en Ausdrock den vum Tockert gebraucht gouf den awer net richteg ass. Merci fir d'Verstehsdemech. Oliver Kayser (Jéinesche Bond Lëtzebuerg- JBiD)