Diskussioun:Jéinesch

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Lompekréimer - "This fantastic Duo sings and plays medieval music in Luxembourgish, German, French and English, ..." Do steet näischt vu Jéinesch op hirer Säit. Link suppriméieren? --Otets 15:47, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Dat versteet sech vum selwen.--Zinneke 15:49, 29. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Do steht dach Yenish op der Sait...an se si Member am Jenischen Bund (www.jenische.info)

Nobbes a Nilles[Quelltext änneren]

Ginn et dofir iergendwéi Quellen, wou dat sech nopréiwe léisst?
Esouwäit ech jéinesch vestinn, gëtt fir d'Suen "Kitten" gesot an de "Nilles" ass e Sak an am iwwerdroene Sënn och eng Täsch. --Pecalux (Diskussioun) 06:57, 15. Nov. 2012 (UTC)[äntweren]

Ech kéint mech ieren, mee déi Bolgesteener Jéinen nennen sech dach Jéinen an net Jéiner?! Nennen déi Weimerskiercher sech da Jéiner? Verstinn ech dat richteg? Merci!

Laut Luxemburger Wörterbuch , Bd. 2, S. 229, ass et “Jéinen” (oder “Lakerten”). Och den Tockert (cf. Literatur) schreift: “Jéinen” (S. 23).--Jamcelsus (Diskussioun) 12:57, 1. Sep. 2015 (UTC)[äntweren]

Weder die Bolgesteener na déi Weimeschkircher oder Paafendaller nennen sech Jéiner oder Jéinen. Mir soen zu eis selwer Lakerten oder allentfalls Jéinescher heinsdo och Schlausmer oder Fuehrendlait. An fir Uewen ze beäntwerten: ët gett niewend dem Ausdrock Kitten na eng sëlleg aaner Ausdréck fir d'Suen (z.B och Quatz) an richteg aus gedréckt wier ët: Nobes am Nilles (net Nobbes). Ech muss och ganz éiherlech soen dass den Herr Tockert keng Referenz ass fir d'Jéinescht. Et ass e bëssen onglécklech dat sain Wierk, wat knapps en drëttel vun dem durstellt waat mir na haut schwätzen, ëmmer erem zitéiert gëtt. Merci fir d'Verstehsdemech (Oliver Kayser - Jéinesche Bond)

No där Informatioun virdru stellt sech dann elo d'Fro, ob mer den Artikel Jéiner sollen op Lakerten ëmbenennen an och an den Artikelen d'Jéiner resp. Jéinen duerch Lakerten ersetzen. Ech wier emol dofir, oder huet een aner Virschléi? --MMFE (Diskussioun) 12:35, 14. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]
Bonjuer,
Den Artikel soll menger Meenung no Jéiner heeschen. D'LWB seet Jéinen a schreift derbäi et wier eng Méizuel. D'Eenzuel wir deemno wahrschscheinlech Jéiner, a well d'Lemmata op Wikipidia sollen an der Eenzuel stoen wier Jéiner jo vläicht awer net sou falsch. --87.66.199.42 20:16, 14. Okt. 2015 (UTC)[äntweren]

Dir kënnt jo hei schreiwen wei dir ët fir am beschtenhaalt, mee ech muss eiherlech soen dass ech net verstinn firwaat nach emmer souvill ob den Tockert gehaale gett. Dee gudde Mann huet de Fehler gemach alles waat en obgeschriwwen huet als Jéinesch ze nennen, dem ass awer net sou. Daat waat an sengem Buch steet ass mol kee véirel vun dem wat mir na schwätzen. Keen Mensch vun eis, an och a ganz Europa nennt sech Jéiner oder seet ech sin e Jéin... Mir soen zu eis mir sin Jéinesch oder Jéinescher oder einfach Lakerten. Daat ass sou. Et gett eis nach emmer an och ob der Fouer sin dei meecht Forains aus Lëtzebuerg an der Belge Jéinescher. Eis Kultur an eis Traditiounen sin nach emmer intakt an mir pfleegen nach emmer gudd Kontakter an Frankraich, Daitschland, Belge an d'Schweiz. Mir als Jéinesche Bond wieren dofier dass den Artikel géing ob Jéinescher oder Lakerten emgenannt gin well daat nunmol déi Bezeechnung ass dei mir eis sait Jorhonnerten selwer gin. Oliver Kayser - Jéinesche Bond Lëtzebuerg JBiD e.V

Moien. Gett et zuer Behaaptung dass 'Schécks' Jéinech wier e Beleg? Daat Wuert entsprecht dach dem Jideche 'Schickse'. Jéinech misst dach 'Moss' sinn. --83.99.83.239 20:20, 8. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]

Esou steet et mol beim: Joseph Sinner, Reizvolle Kontraste im Norden unserer Hauptstadt. Di Al Gemeng Eech - Eine kleine jéinische Kostprobe, ons stad, 41/1992, S. 11.
Mä du hues wuel recht, wann ech den Artikel de:Schickse liesen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 21:35, 8. Mäe. 2020 (UTC)[äntweren]
Schécks ass e jiddescht Wuert an huet mam Jéineschen naicht ze din. Et ass vun jéineschen Lait gebraucht gin. Déi Jüdesch Communitéit an d'Lakerten haaten vill Kontakt ennereneen. Do gin ët sproochleg Querverbindungen an och niewend sozio-kulturellen Aflëss och Hochzäiten ënnereneen. Minimum 4 Lëtzebuerger Jéinesch Famillen hun Jiddesch Viirfahren an hierem Stammbaam. Jéinesch ass méi komplex wei ët hei duer gestalt gëtt... Wéi schon öfters gesoot, den Tockert ass e feine Mann den eng gudd Arbecht gemaach huet awer keng Referenz!

Merci fir d'Verstehsdemech - Jéinesche Bond Lëtzebuerg

.Ech hunn dat mo erausgeholl, dat hätt awer jiddwereen deen hei doriwwer geschriwwen huet och maache kënnen. Hei driwwer schwätzen an et am Artikel roueg stoe loossen bréngt net ganz vill. --87.65.83.203 20:30, 10. Sep. 2021 (UTC)[äntweren]