Diskussioun:Jang de Blannen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

„Hien huet zu Lëtzebuerg d'Schueberfouer agefouert.“ – Wéinéi a firwat? - „als Turnéierheld bekannt. Allerdéngs hat hien domat a Béimen nët vill Erfolleg“ – Hat hie keen Erfolleg and en Turnéieren? Oder wéi? – „kritt de Jang och nach d'Kroun vu Béimen. Kuerz drop bestued hien sech mat der Prinzessin Elisabeth zu Speyer.“ – Wien ass déi Prinzessin? Huet déi eppes mat Béimen ze dinn? – „Kuttenberg, eng räich Stad vun där Zäit“ – Wou läit déi?? – „kuckt hie sech anerwärts ëm, a probéiert säi Gléck zu Kolín“ – A wou ass dat dann nees? – „do huet hie kee Succès mat sénger Eroberung“ – Wann e mat der Eroberung kee Succès hat, dann huet se jo erobert!? – „Wéi hien de 7. Februar 1311 zu Prag fir séng Kréinung ukënnt,“ – „1310, do kritt de Jang och nach d'Kroun vu Béimen“ – Ass d’Kroun kréien an gekréint ginn net dat Selwecht? – „Dem Heinrich VII. séng Versich an Italien goufen zu enger Familjentragedie“ – Wat huet deen dann do versicht? – „a Polen hat de Kinnek Wladyslaw Méi sech un der Muecht ze halen,“ – Wat war daan do lass? – „an der Tëschenzäit“ – Tëschent wat a wat? – „hatde Jang de Blanne probéiert, säin Usproch op d'polnesch Kroun duerchzesetzen“ – Mat wat dann? – „Spéiderhi wollt hien allerdéngs drop verzichten.“ Firwat? – „Dofir schéckt hien och e grousse Kontingent vun Truppen fir de Fransousen ze hëllefen.“ – Wéivill Leit waren dat? A wou koum en drun? - „Laang Zäit virdrun hat de Jang der Kierch e Kräizzuch versprach“ Wat ass laang? A wiem hat en dat versprach, a virwat? Wat war säin Interessi? – „Hien huet dem Ritteruerde séng polnesch Kinneksusprech verléint“ Sollt dat en „Lehen“ sinn? – „war an de läschte Joeren zu grousse Lännereie komm,“ Wéi ass hien zu deen Saache komm? –

Ech mengen, en historesch Kënnegen misst den Artikel tesselen. Et sinn zevill Onkloerheeten dran mengt de --Cornischong 22:00, 8 Feb 2005 (UTC)

Nach Eppes: Dass de Jang 1311 vum Péiter vun Uespelt um Hradschin gekréint gëtt, gëtt net ernimmt. --Cornischong 22:02, 8 Feb 2005 (UTC)

Verwonnerleches[Quelltext änneren]

Noch im gleichen Jahr, im Oktober brach Johann mit einem Truppenkontingent nach Böhmen aus, belagerte die damals reichste Stadt Kuttenberg, deren Eroberung ihm aber nicht gelang. Also wandte er sich dem kleinen Städtchen Kolín zu und wurde erneut von Heinrich von Kärnten geschlagen.

Nach am selwechte Joer mecht sech déi jonk Koppel mat Truppen op de Wee. Kuttenberg, eng räich Stad vun där Zäit, soll erobert ginn. Wéi dëst dem Jang net geléngt, kuckt hie sech anerwärts ëm, a probéiert säi Gléck zu Kolín. Mee och do huet hie kee Succès mat sénger Eroberung.

Am Verglach: Am däitschen Text geet de Jang mat Truppen no Béimen; am L mecht en sech op de Wee, wouhin kréie mer net gesot! Am D steet dass Kuttemberg déi räichste Stad vu Béime war. Am D gi mer gewuer, dass Kolin eng Klengstad war, am L steet dovun näischt. Am D kréie mer gesot, dat näischt drauss ginn ass well en der vum Heng vu Kärnten op d'Sabbel krut, an der L liese mer, dass hie kee succès hat.

Lo hunn ech mech iwwert eng Stonn heimat amuséiert. Ech hätt besser gehat, ech hätt mech em de Sorge oder de Stangl gekëmmert. Ech si net begeeschtert. --Cornischong 22:21, 8 Feb 2005 (UTC)

Pefferkären[Quelltext änneren]

Ma hei geschitt dach grad genee daat, waat de Wiki-Prinzip ass. Elo komme Froen op, well de Contenu net komplett genuch ass. Ma daat ass gudd, well een, dee méi wees, soll den Artikel natierlech opfëllen, ech hu jo och ni behaapt ech wir allwëssend an dësen Artikel wir perfekt :-) Ech mengen ech haat den Artikel awer aus der däitscher iwwersaat, mee daat ass wéi gesoot schon eng Zäitchen hir, an et ka gudd sinn, datt déi selwer an der Tëschenzäit do opgefëllt hunn.

Oh an nach eppes: Kroun kréien a gekréint ginn ass NET daatselwecht. Als Beispill: d'Franséisch Kinneke kruten d'Kroun/den Troun direkt nodeems den ale Kinnek gestuerwe war. Mee offiziell gekréint (mat Salbung an allméiglechem Trullalla) goufen se mi spéit.

--Briséis 09:34, 9 Feb 2005 (UTC)

dem Jang seng Famill[Quelltext änneren]

Wann een déi däitsch Wikipedia [[1]] mat deer englescher Wikipedia [2] vergläicht, dann ginn et eng jett Differenzen tëscht deenen zwee, wat d'Nokomme vum Jang de Blannen ugeet. Fammilljegeschichte sinn ëmmer eng schwiereg Saach an och d'Historiker sinn sech do heiansdo net eenz. Ech hunn versicht, eng logesch Fusioun tëschent der däitscher an der englescher Lëscht ze maachen. Ech behaapten awer elo net, dat wier perfekt. Ween do weideres weess (just déi aner Wiki'en kucken bréngt wéi gesot näicht méi), ass wëllkomm, d'Lëscht vum Jang sengen Nokommen ze iwerpréifen an, wann néideg, ze korrigéieren. Otets 12:06, 9 Feb 2005 (UTC)

De Jang a sengen Zäiten[Quelltext änneren]

Berouegend. Do si jo Wonner geschitt. E spezielle Merci un den Otets, dee sech nach ganz spéit (=fréi) hei erëmgedriwwen huet. Wann nach ee Loscht (?) huet: Lo hunn ech nach gesinn, dass mer nach e klenge Problem mat den am Artikel gebrauchten Zäiten hunn (de Présent an d'Vergaangenheetsform). --Cornischong 17:03, 9 Feb 2005 (UTC)

A = Eenzuel

Aen = Méizuel

Eifeler = Ae Bsp. ënner véier Ae soen Les Meloures 13:49, 23 November 2006 (UTC)

Jang séi Wopen[Quelltext änneren]

Ech gesinn do huet sech och elo héi déi Idee vun dem jang dem Blannen an dem Edouard vu Woodstock séi Wopen era geschlach. Also ech hunn nie gehéiert dass de Jang daat Emblème mat de Strausse Fiederen iwerhaapt benotzt häett. Sécher nëtt ob sengem Krichs' Schëlt. Och den Edouard vu Woodstock huet déi Straussefierderen nët ob sengem Wopen, e soll se juste heinsdo béi Turneieren benotzn hunn. Waat de motto ubelangt sou schéngt et wouer ze sinn dass den Edouard desen adopteiert huet. Juste nach ëppes, de Jang huet souwait ech mech errenneren an der zentraler "Bataille" vun de Fransouse gekämpft (wou e gefall as wees ech natierlech nët), den Edouard an der zentraler "Bataille" vun den Engläenner, wann se séch och nët während dem Kampf direkt geiniwwer waaren, da waaren se aawer nach a Sichtwait an et ass nët ganz onglaafwierdeg dass den Edouard zum Schluss bei dem Jang senger Leich waar. Historësch nozeweise wäert daat natierlech aawer nie sinn. Ech kucken nach eng kéier no waat dei Straussefieder ubelangt, wann ech do kee widdersproch fannen (100% ass et nët hiere Wopen) streichen ech daat héi genau wéi ech et ob der englescher sait gemaat hunn.--Caranorn 12:21, 24 November 2006 (UTC)

Hei am Text steet jo net dran datt déi dräi Plommen am Wope gewiescht solle sinn. Et steet do de Schëld mat dräi wäisse Plommen an net de Wope mat dräi wäisse Plommen . Am Wope vum Prënz vu Wales si jo keng Plommen dran wann ech déi Biller am Artikel Coats of Wales kucken. Et ass also gudd méiglech datt gemengt ass um Schëld wiere wäiss Plommen dru gewiescht fir datt z.B. dem Jang seng Leit hie besser sollte vu wäitem erkennen. Les Meloures 15:22, 24 November 2006 (UTC)

Héi ass waat bis elo am Artikel steet.
De Jang stierwt den 26. August 1346 an der Schluecht vu Crécy. Heen ass komplett blann an d'Schluecht geridden, zwee Ritter hunn em säi Päerd u Kette geféiert. Der So no ass no sengem Doud e "Schwaarze Ritter" unn heen erugetratt an huet säi Schëld mat den dräi wäisse Strausseplommen an dem Motto "Ich Dien" opgehuewen. Dee Ritter wier anscheinend keen anere gewiescht ewéi de Prince of Wales Edward of Woodstock, deen aus Respekt virun dem virbildleche Ritter Jang gesot hätt: "There lies the Prince of Chivalry, but he does not die" ("Do läit de Fürst vun der Ritterlechkeet, mee hee stierft net") an och dem Jang säi Motto a Wopen zum Wope vum Prince of Wales gemaach hätt. Der heiteger historescher Opfaassung no koumen déi zwéin sech awer ni méi no wéi op e puer honnert Meter.
Wéi s de gesais as ennen erem riets vun engem Wope mat deene Plomen. Wann e bedenkt weivill heraldesch Zeechen de Jang droe konnt gett et och kee Sënn dass e Strausse Fiederen ob sengem Krichsschëlt gehaat hätt. Do war am wahrscheinleschten Béimen oder Lëtzebuerg, vilaicht aawer och den équartelé dee generel als sei Wope gëllt... An de Wopen ass jo grad do fier dass een e Mensch erkennt (als eischt ob Banneren, dann ab de Kréizzig ob de Schëlter (virdrun waren d'Symboler ob de Schëlter nach net kodifieiert), spéider nach ob aanerem Equipement (Surcoat/Jupon, Caparaçon, Helm, kléng Schëlter ob de Schelleren...), wann den edouard vu Woodstock heiansdo béi engem Tourneier een aanert Symbol benotz huet waar daat warscheinlech dass keen direkt weist dass et dem Kinnek sein eelste Jong ass... Da gouf do och nach eng romantesch traditioun virwaat heiansdo bei Tourneieren aaner Zeechen gedroe goufen, mee all daat trefft net ob eng Schluecht zou. Iwwregens as de motto jo och neirens ob der Kleedung Sichtbar, wann deen dann vum Edouard obgegraff gouf (waat ech scho gleewen), dann ass daat well e gesoot krutt de Jang häett de benotz (vilaicht vun engem Herold).--Caranorn 16:59, 24 November 2006 (UTC)

Ech liesen an deem ganzen Text n¨mmen eepes vun engem Schël mat dräi Plommen elo am Text fettgemaach. Ech gesinn néirens wou eppes vun engem Wope mat Plomme steet. Du kanns mer daat jo feetmaache wann ech sollt blann sinn. An am Wope vun de Prënze vu Wales sinn och keng Plommen. Waan déi e Wope mat Plommen iwwerholl hätten da missten se jo dra sinn. Oder ass do meng Logik falsch. Les Meloures 17:32, 24 November 2006 (UTC)

Am fette gesais de lo wou et nach eng kéier steet. Domatt kennen nemmen d'Straussefiedere gemengt sinn. Et as nogewisen dass den Edouard vu Woodstock mat Momenter esou ee Schëlt benotzt huet, vum Jang wees ech daat nët. A beide Fäll sinn dës Plommen sécher nët am Wopen (och wann der vill dee Fehler man). A souwisou as déi notioun vun engem Wope vun der Prénze vu Wales zu deem zeitpunkt eng falsch, den Edouard huet ganz einfach eng Variant vum Wope vu sengem Papp gedroen (wéi daat iwerall Usus war). Wann ech mech nët ieren misst daat entweder "de gueules à trois léopards d'or, au lambel d'argent brochant" oder "écartelé, aux 1 et 4 de gueules à trois léopards d'or, aux 2 et 3 d'azur semé de fleurs de lys d'or, au lambel d'argent brochant sur le tout" sinn (daat eischt wier den Englesche Wopen bis zum Edouard III (dem aanere sei Papp), daat aanert dem Edouard III séin (deen England a Frankréich (aal) kombinéiert haat). Also kéng Aenlechkeet mat iergend engem vum Jang senge Wopen (verschiden Varianten vum Léiw, dem Adler and wann ech mech recht erenneren dem Greif).--Caranorn 22:00, 24 November 2006 (UTC)
Blamage, daat wier natierlech emgedrait, "1 et 4 de France ancien, 2 et 3 d'Angletterre", an nono de Lambel.--Caranorn 22:07, 24 November 2006 (UTC)

An elo hunn ech och d'Leisung fonnt. Ech konnt mer einfach nët erkläre wéi dee Fehler entstoe konnt. Et handelt séch em dem Jang séin Cimier (waat um Helm gedroe gouf). Vill Lëtzebuerger Grofen hunn do e Melusina (en Drach deen aus enger Biddjen obstéigt) gedröen. Aanerer (ech méngen déi Béimer, misst daat aawer nokucken), dorenner de Jang hunn e Grand Vol (e puer grouss Flileke) gedroen. Fier des Flileken, déi sécher aus eschte Fiedere gemaat waren mat dréi Strausse Fiederen (oder och oder Adlerfiederen (oder suguer Kueben)) ze verwiesselen ass nët schwéier. Dobéi kënnt dass ob englesch e Cimier Crest genannt gëtt. De Crest gëtt haut dann öfters mam Wopen (Coat of Arms) verwiesselt (zumindest an Amerika). Also gouf as dem Jang sengem Grand Vol, éngem Cimier, als eischt dréi Strausse Fiederen, du an der moderner e Wopen mat dréi Strausse Fiederen... Héi dann och nach e Bild (vum Jean Claude Loutsch) fier et ze illustréieren image:Jang_de_Blannen_Wopen.png, daat ass ënnert copyright, misst also schnell rëm gelëscht ginn, oder ersaat ginn.--Caranorn 22:27, 24 November 2006 (UTC)

Genau ech sinndo denger Meenung Ech gesinn daat ganz as nët sou einfach mat mengen a vläicht wëssen. D'Fransouse mache sech d'Liewen do méi einfach. Wann déi eppes net wëssen da schreiwen déi et nët. Hei bei eis kënnt de Problemm wéi bekannt aus der de.Wiki. Bei den Englänner steet his personal crest dat géif heeschen déi dräi Plomme wieren um Helm gewiescht dat wier och eischter ze verstoen. en:crest (heraldry) enEn Les Meloures 22:34, 24 November 2006 (UTC)

Jo, an ech hunn elo och gesinn daat war nët am engleschen Artikel wou ech daat erausgeschriwwen haat mee am franséischen. Do waar (and ass erëm) iwregens dem Edouard sein Badge (vum Cimier, Crest oofgeleed) als dem Jang séi Wopen enne béi gesaat. Hunn daat elo mol e besse verbessert...--Caranorn 23:13, 24 November 2006 (UTC)