Diskussioun:Jean-Baptiste Nothomb

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, De Nothomb huet seng Cousine bestuet a 7 Kanner kritt... Hei stinn der nëmme 6 ! D'Perfektioun ass nët vun dëser Welt, mä mir mussen së ëmmer nees ustriewen... Ciao, R.D.

Moien, Deen Artikel iwwert den Nothomb ass zimmlech sabbelech, d.h. onnüancéiert. Den Nothomb ass noëneen Fransous, Lëtzebuerger a Belsch gewiescht, an dat kënnt guer nët aus deem "Artikel" eraus. Säi Schwor wor keen aneren ewéi den Emmanuel Servais, deen och versicht hat "Belsch" zë ginn, an dunn awer eng ganz aner Carrière gemeet huet (säi Familiebesëtz wor nun emol zu Miersch...). Di zwee Hären leien awer zesummen mat hiire Fraën am Familjegraf vun de Boch am Rolléngergronn... Irgend een dichtege Wikipedianer (vläit de Chefredakter himself, oder den "Oberzensor", dee grad "zoufälleg" un déi Säite schaffe geet, wou schonn een anere schafft...) wäert deen Artikel scho frësch schreiwen. Wann nët, da gi mer weider op méi seriö Plaze kucken! Äddi, "sans rancune", De Paul aus dem Rolléngergronn

Moien all,

Ech hunn emol einfach déi Zuel verbessert. Ech ka mech erënneren dat virun zwee Joer (do war ech e bësse méi aktiv) goufe bei esou Saachen dacks Tasteverhaaspeler ugeholl, an et gouf einfach ouni dichteg Kommentaire verbessert. Pierrenilles 08:46, 3. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Moien,

a Merci fir Är Remarquen zu dësem Artikel.

D'Wikipedia ass e Gemeinschaftsprojet, deen doduerch wiisst, datt d'Artikele vun de Mataarbechter verbessert an ausgebaut ginn.

Wann Dir Eppes fonnt hutt, dat kéint verbessert oder méi kloer ausgedréckt ginn, da schreift et wgl. an den Artikel selwer, op der Diskussiounssäit ass kengem domat gehollef.

Merci, an op eng gutt Zesummenaarbecht!

"...op eng gutt Zesummenaarbecht", moie Misch! Ech hunn de Nothomb komplett iwwerschafft, a wéi ech wollt späicheren, do ass näischt méi gaang! 't huet nämlech "sou ganz zoufälleg" een aneren dru "geschafft"!!! Lo ass ët mer egal, wéi schappech deen Text bleiwt. Benotzer:Pierrerobbes¦Pierrerobbes

Zoufällegkeeten[Quelltext änneren]

Gudde Moien Pierrerobbes,
Kënnt Dir Iech virstellen, wouhir datt soll en aneren deen zoufälleg un deem Artikel geschafft huet konnt wëssen datt Dir och zoufälleg amgaang waart un deem Artikel ze schaffen.
Et gëtt eng einfach Méiglechkeet fir dat ze verhënneren. Et setzt een éier een ufänkt Verbesserungen ze maachen déi heite Schabloun iwwer den Text vum Artikel {{EnCours}}. Da späichert een dat of an et mécht een da seng Ännerungen. Da gesäit jiddwereen datt een amgaang ass um Artikel ze schaffen. Dat wat Iech do geschitt ass, ass wierklech e puren Zoufall, an déi Leit déi schonns méi laang op der Wikipedia aktiv sinn wëssen dat alleguerten.
Mä Dir hutt doutsécher och een Text ugewise kritt deen Iech gesot huet wat Dir an deem Fall maache kënnt.
Wann Dir dat net wollt maachen da musst Dir hei keng Gal späitze kommen. Perséinlech hat ech dee Fall schonns op d'mannst honnert mol, an hunn duerfir nach ni en Zodi opgefouert.
Wann dat Iech am Ufank wou Dir op der Wikipedia wëllt matschaffen, d'Flemm andreift, dann ass dat Ier Saach, net der Wikipedia hir. Wann d'Wikipedia hätt missen op der Basis vun esou Reaktiounen opgebaut ginn, da wier nach net vill do.
Les Meloures 18:18, 5. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


PS. Vläicht ass Iech entgaangen datt dee Benotzer deen zur gläicher Zäit wéi Dir um Artikel geschafft huet, nëmme just op eng Reklamation vun enger IP uewendriwwer reagéiert huet. Ass dat elo deem säi grousse Feeler, oder wéi interpretéiert Dir dat?
Les Meloures 18:23, 5. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]