Diskussioun:Jesus vun Nazaret

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Schengt iech den Astieg an desen Artikel buvabel (fir jiddereen), e war net esou einfach ze fannen? Normalerweis misst des Opdeelung et fir all Sensibilitéiten akzeptabel maachen. An der däitscher Wiki schengen se fir béid Aspekter je een Artiekl ze hun, am Moment schengt daat mer awer iwwerflesseg. –Marcus 08:52, 10 August 2005 (UTC)

U lala, do gëtt et kriddeleg. Ech hunn an der däitsche Wikipedia viru Kuerzem dat Gedeessems e bësse verfollegt (lo geet do schonns iwwert den Numm gestridden). Ech fannen et jiddefalls ganz interessant, datt een déi Erausfuerderung unhëllt (well dat ass eng!). Iwwer d'Form (zwéin Artikelen oder ee gedeelten) hat ech mer och schonns Gedanke gemaach. Ech als Ongleewegen gesinn dat Ganzt natierlech anescht wéi munneg Anerer. Problemer hunn ech (eigentlech) schonns mat dem "Christus" am Titel. Mee ech wëll hei net den Emmerdeur spillen. Fuer mol lass mam Text. Ech wäert dat mol am A behalen (déi Aner hoffentlech och) an dann de Projet "kritesch begleeden". Déi Quadratur vum Krees wäerte mer och hei nach an de Grëff kréien. Wann s de domat fäerdeg wäers sinn, dann denk alt emol ganz douce iwwer een Artikel "Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg" no. Ech si gespaant. --Cornischong 09:43, 10 August 2005 (UTC)

Nodeems den däitschen "Jesus von Nazaret"-Artikel den 10, August vum Stefan Volk (ee vun de seriösesten däitsche Wikipedianer, deen och nach brilliant schreiwe kann) iwwerschafft gouf, ass dat e kleng Bijou ginn. Do kéinte mer eis "inspieréieren" (an och um Titel!) mengt de --Cornischong 13:42, 11 August 2005 (UTC)

"Historesch beluecht ass d'Tatsaach, datt kuerz Zäit nom Jesus sengem Doud e radikale Changement am Verhale vu sengen Unhänger festzestellen ass" - : Hei gëtt nëmmen esou mat Ausdréck wéi "Historesch beluecht ass d'Tatsaach" jongléiert. Mer kréien natierlech kee Pippjeswuert dovu mat, wou dat dann alles stoe soll. Lo huet deen "Artikel" schonns e puer Joer um Bockel, an en ass nach sou primitiv wéi den éischten Dag. Wann e seriéise Mënsch dat liese sollt, da gëtt et deem ellen. --Cornischong 21:37, 9. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Als éischt wier emol festzehalen, datt déi doten Zeil mam Wuert "historesch" gelungenerweis net am Deel iwwert "den historesche Jesus" mee an deem iwwert "de Jesus vum Glawen" steet. Firwat a wisou dat esou do steet ass schwéier nozefroen, well deen Text do vun engem Reliounsintresséierten aus dem lëtzebuergeschen Educatiounsnetzwierk staamt, dee sech op d'mannst dee Moment do net ageloggt hat. Ech wëll elo net diskutéieren, vu wéini un eppes "historesch beluet" ass, mee op alle Fall steet an der de-wiki, déi bei dësem Thema jo wuel net nëmme vu Preisen als exzellent emfonnt gëtt, néierens et wier contestéiert datt Jünger sech nom Jesus sengem Doud zu Jerusalem (erëm)fonnt hätten an do dann eng Zort Urpoar entstane wier. D'Quell dofir ass d'NT-Exeges. --Otets 22:40, 9. Mee 2008 (UTC)[äntweren]

Wa mer gär Méckepéilereien hätten: "ass d'Ausso déi him zougeschriwwe gëtt" steet am "historeschen" Deel. "D'Quell dofir ass d'NT-Exeges": Da misste mer jo dee Saz an den Artikel ënner Quelle setzen, gell? Sou, lo loossen ech mol déi aner Mataarbechter bäi, déi wëlle bestëmmt och nach eppes schreiwen ................... op de villen eidelen Diskussiounssäiten. --Cornischong 07:58, 10. Mee 2008 (UTC)[äntweren]